Search

You may also like

Donnerwieder iwwer Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten WTF

Donnerwieder iwwer Lëtzebuerg

Wéi vu MeteoLux annoncéiert, war et um Samschdegowend an an

Den OIKOPOLIS-Zentrum Minsbech hat kinnekleche Besuch!
Money Neiegkeeten WTF

Den OIKOPOLIS-Zentrum Minsbech hat kinnekleche Besuch!

An der Syrdallgemeng Minsbech huet eise Groussherzog den zentrale Standuert

Tacheles: De Litty [ouni d‘Bobby]
Money Neiegkeeten WTF

Tacheles: De Litty [ouni d‘Bobby]

Ongleeflech; Am neie Band vum „De Litty“, deen als Schoulmaterial

moneysurprise

#OPENLUX – De Gouvernement informéiert

Regierungserklärung zu de rezent verëffentlechte Presse-Berichter iwwer Lëtzebuerg

#OPENLUX – De Gouvernement informéiert

Déi Lëtzebuerger Regierung hëlt d‘Verëffentlechung vun enger Rei Artikel an der internationaler Press, iwwer angeblech Mängel an de Virkéierunge vum Groussherzogtum zur Bekämpfung vun der Geldwäsch zur Kenntnis, a weist déi verschidde Behaaptungen entschidden zeréck. Si stellt fest, datt d‘Auteuren zudeem eng Rei vun onbegrënnte Behaaptungen iwwer déi Lëtzebuerger Wirtschaft an d‘Finanzplaz opstellen.

Déi Lëtzebuerger Legislatioun ass am vollen Aklang mat allen EU- an internationale Virschrëften an Transparenzstandarden a wennt ausnamslos all EU- an international Moossnamen zum Informatiounsaustausch a Steierugeleeënheeten an zur Bekämpfung vu Steiermëssbrauch a Steiervermeidung un. Weder d‘EU nach d‘OECD hunn ee schiedleche Steiersystem oder schiedlech Steierpraktiken zu Lëtzebuerg festgestallt.

Et gëtt zu Lëtzebuerg keng gënschteg Steierreegelung fir multinational Entreprisen oder digital Entreprisen. Dës mussen sech u genee déiselwecht Steierregelen a Gesetzer halen, wéi all déi aner Lëtzebuerger Entreprisen.

Lëtzebuerg ass e stabilt Land mat engem Triple-A Rating an enger oppener an diversifizéierter Wirtschaft, déi sech op Déngschtleeschtungen an Industrie mat héijer Wäertschëpfung spezialiséiert huet. Dorënner zielen ënnert anerem Finanzdéngschtleeschtungen, Informatiounstechnologien, Automotiv- a Biotechnologien, Cleantech esou wéi och Satellitten- a Raumfaarttechnologien. Vill international Industriekonzerner hunn esouwuel Produktiounsstanduerter, wéi och Zentren fir Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg beherbergt och eent vun de wichtegsten internationale Finanzzentre vun Europa: Vill vun de weltwäit féierende Finanzinstituter, Verméigensverwalter, an Assurance hunn hir EU-Hubs a Kompetenzzenter zu Lëtzebuerg opgebaut. Multinational Firmaen aus der ganzer Welt notzen den Knowhow vum Lëtzebuerger Finanzsecteur, fir hir grenziwwerschreidend Finanzaktivitéiten zesummenzeféieren, wéi beispillsweis Entreprisefinanzéierung oder Treasury a Cash-Pooling.

Lëtzebuerg ass sech senger Verantwortung als international Finanzplaz bewosst a bewäert an aktualiséiert kontinuéierlech seng Opsiichtsarchitektur a seng Moossnamen zur Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung (AML/CFT). Et wennt all EU- an international Virschrëfte vun der FATF (Financial Action Task Force on Money Laundering) un.

Déi Lëtzebuerger Autoritéiten, déi fir AML zoustänneg sinn, schaffen enk zesummen, an enk mat de Kollegen am Ausland zesummen. Opsiichtsverwaltung fir de Finanzsecteur (CSSF) huet d‘Zuel vu senge Mataarbechter an de leschte siwe Joer verduebelt a beschäftegt haut 1.000 Mataarbechter an huet esou de staarke Wuesstem an der Branche begleet. An absolutten Zuelen, mee och am Verglach mat anere grousse Finanzzentren, stellt dëst eng ganz héich Zuel duer. D‘Zuel vun de Mataarbechter déi fir d‘Bekämpfung vun der Geldwäsch zoustänneg sinn, hëlt stänneg zou an ass eleng an der leschten dräi Joer ëm 46% geklommen.

Entreprisen am reguléierte Finanzsecteur, esou wéi Ubidder vu Entreprisendéngschtleeschtungen inklusiv Affekoten, Notairen, Comptabel, Wirschaftspréiwer an aner Fachleit aus dem Beräich Rechnungswiesen a Wirtschaftsprüfung, esou wéi Geriichtsvollzéier, Immobiliemakler a Promoteure, Ubidder vun Déngschtleeschtunge fir virtuell Verméigenswäerter, bestëmmt Händler vu Wueren a Konschtwierker, esouwäit Boerbezuelung an Héicht vun 10.000 Euro geleescht oder erhale ginn, ënnerleien all der Suergfaltsflicht, déi all Geschäftsmann verflicht, säi Client an de wirtschaftleche Proprietär vun der Transaktioun ze identifizéieren an all verdächteg Aktivitéit ze mellen.

Lëtzebuerg ass zudeem eent vun den éischten europäesche Länner, dat en ëffentleche Regëster vun de wirtschaftlech Berechtegten ageriicht huet. Dobäi ass ze Ënnersträichen, datt eent vun de wéinege Länner vun der Europäescher Unioun ass, dat sech fir ee vëlleg oppenen an transparente Regëster entscheet huet, dat online an ouni dat et eppes kascht, ouni Aschränkung fir d‘Ëffentlechkeet (Journalisten abegraff) zougänglech ass. De Regëster, esou wéi déi an dësem agedroen Date gi kontinuéierlech ausgewäert a bei Bedarf ugepasst. Enn 2020 huet den Niveau vun der Vollstännegkeet bei 90% geleeën.

An Ubetruecht der Tatsaach, datt Lëtzebuerg all EU- an international Reegelen an Standarden am Bezuch op Steiertransparenz, op d‘Bekämpfung vum Steiermëssbrauch, esou wéi op AML/CFT vollstänneg erfëllt an ëmgesat huet – an esou iwwert dës Ufuerderungen erausgeet – weist Lëtzebuerg, déi an dësen Artikelen opgestallte Behaaptungen, esou wéi déi vëlleg ongerechtfäerdegt Duerstellung vum Land a senger Wirtschaft zeréck.

Déi Lëtzebuerger Autoritéite goufe virun der Verëffentlechung vun de Betreffenden Artikel kontaktéiert, an hunn ausféierlech op déi opgeworfe Froe geäntwert. Weider Detailer a Fakte kann een um Site OPENLUX agesinn.

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Regierung – fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser; d‘Meenung vun der Regierung ass hir eegen

Related topics Finanzplaz, Investigativ, Journalismus, OPENLUX, Steieroas
Next post Previous post