Search

You may also like

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg

Mat ronn 48% Awunner (STATEC) déi net d‘Nationalitéit vum Land

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?
International Neiegkeeten

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Si verstinn net firwat ee Klappjuegten als rekreativ Beschäftegung verkläert,

Esch-Uelzecht: Eng mitigéiert „Journée Francaise“
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Eng mitigéiert „Journée Francaise“

Fir d‘Minettemetropol Esch-Uelzecht gehéiert et säit Éiwegkeeten zu de Geflogenheeten,

OpenLux: Der Steieroas Lëtzebuerg soll d’Handwierk geluecht ginn

OpenLux: Der Steieroas Lëtzebuerg soll d’Handwierk geluecht ginn

No der LuxLeaks-Affär gouf elo ënnert dem Numm „OpenLux“ déi zweet Serie un negativen Enthüllungen verëffentlecht, déi Lëtzebuerg als floréierend Steieroas duerstellt. Heivir hunn ënnert anerem d’“Süddeutsche Zeitung“, „Le Monde“ an den OCCRP Recherche bedriwwen an de gesamten Transparenzregëster fir wirtschaftleche Besëtz vu Firmen an Investmentsfongen am Groussherzogtum ënnert d’Lupp geholl.

Dobäi ass erauskomm, dass Lëtzebuerg als international Finanzplaz divers Mängel bei der Bekämpfung vu Geldwäsch opweist an als Steierparadäis bei Entreprisen besonnesch beléift ass. Deemno hu méi wéi 250 Milliardären hei am Land eng Firma, 15.000 Investmentfonge si registréiert.

Wat u Gewënn erakënnt gëtt iwwert intern Kreditter fir d’éischt op Lëtzebuerg an da weider an aner Steieroase verréckelt. Esou wier et beispillsweis fir Immobilieninvestisseuren immens einfach en héije Loyer anzekasséieren, ouni dofir Steieren ze bezuelen. Fir de Sven Giegold, finanzpolitesche Spriecher vun der Fraktioun Grüne/EFA am Europäesche Parlament, ass dëst ee „perverse Geschäftsmodell“.

Hien ënnersträicht: „Et grenzt un Onverschimmtheet, wéi d’Lëtzebuerger Steieroas weider floréiert. Am Fong mécht Lëtzebuerg esou weider, wéi wann et keng Steierskandaler ginn hätt.“ Einfach Wierder géifen dobäi de Schuet fir d’Gemeinschaft net behiewen.

Ma, et wier un der Bundesregierung dëst Virgoen endlech ze stoppen. Hien fuerdert, dass Däitschland déi zweet Anti-Steiervermeidungsriichtlinn vun der EU ëmsetze soll. Allerdéngs géifen CDU an CSU säit Enn 2019 den Entworf vum Finanzministère blockéieren.

An dësem Kader hätten d’Opdeckungen awer och de Potential, wéi d’Schwächte vum Transparenzregëster gewisen. D’Aféierung war en immensen Erfolleg, d’Ëmsetzung allerdéngs schlecht. Hie fuerdert, dass een d’Méiglechkeet soll kréien de Regëster no wirtschaftleche Berechtegunge vu Firmen ze duerchsichen. Police a Procureure mussen elektroneschen Zougrëff kréien.

Esou wier et fir déi verschidden Acteuren och direkt ersiichtlech, wann ee Kriminellen hannert enger Firma stécht.

Mat engem Schreiwes huet d’Lëtzebuerger Regierung all Virwërf vu sech gewisen. Den Artikel dozou fannt Dir HEI.

Update: hei nach ee ganz Interessante Beitrag vun Transparency International, vun de Moien. Net manner Interessant, dëse RAPPORT

openlux

Opmaacherbild: © Johny Goerend / Unsplash

Related topics Enthüllung, EU-Parlament, Fraktioun Grüne/EFA, Geldwäsch, OPENLUX, Recherche, Steieroas, Sven Giegold
Next post Previous post