Search

You may also like

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns
International Kultur Neiegkeeten

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns

[onionbuzz quiz-id=130][/onionbuzz] D’Land ass méi grouss wéi ee mengt! Mir

Mammestierflechkeet: d’Operatioun déi d’Liewe rett
International Kultur Neiegkeeten

Mammestierflechkeet: d’Operatioun déi d’Liewe rett

Et stierwen nach ëmmer weltwäit méi wéi 800 Fraen den

money
Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front
International Kultur Neiegkeeten

Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front

Den Donald Trump ass nees ganz aus dem Haischen. Gëschter

D’Oper läit eis am Otem – Originell Hëllef fir Covid-19-Patienten

D’Oper läit eis am Otem – Originell Hëllef fir Covid-19-Patienten

Post-Covid-19-Symptomer si villfälteg a se kënne laang unhalen. Eng vun de Folge sinn Otemproblemer. Fuerscher hunn eng originell Iddi fonnt, fir dëst Symptom ze bekämpfen.

Mir sinn ugesiichts vun der Krankheet net all gläich. D’Pandemie déi eis zënter engem Joer d’Liewen schwéier mécht, erënnert eis all Dag drun. Tëscht asymptomatesche Patienten a Patienten, déi vill Méint ënnert der Krankheet leiden, oder souguer doru stierwen, ass de Spektrum vun de Méiglechkeeten nawell breet. Och wa verschidde Patienten dat Schlëmmst hannert sech un, wärend hirer Genesung kënne weider Problemer optrieden. Sou wéi erëm normal ze ootmen.

Déi englesch Nationaloper bitt, mat der Hëllef vu Wëssenschaftler aus dem Imperal College, personaliséiert Gesangsstonnen iwwert Zoom un. Um Programm stinn Otemübungen an Exercicer, fir d’Stëmm waarm maachen.

Dës medezinesch a musikalesch Approche erlaabt et de Patienten, hir Longekapassitéit besser ze notzen. Dës Übunge ginn och benotzt fir Stress besser ze bewältegen, well Angscht ass dacks en Deel vu Post-Covid-19-Symptomer.

Verschidde Spideeler bidden dëse Programm a Groussbritannien un, déi englesch Oper geet dovunner aus, datt si schliisslech an der Lag wäerte sinn, fir ronn dausend Patienten ze betreien.

Dës Initiative erméiglecht et och, datt all kënschtlereschen Acteur seng Fäegkeeten nei ausriichte kann, wärend all Opféierungssall zou muss bleiwen.

D’Jenny Mollica, vun der englescher Nationaloper, erkläert datt „Oper am Otem verwuerzelt ass“. Si huet Dr. Sarah Elkin kontaktéiert, eng Spezialistin fir Otemweeër an engem vun de gréissten ëffentleche Spidolsnetzwierker am Land, dem Imperial College N.H.S. Trust.

Dës Verbindung koum wéi geruff, well d’Doktesch an hiert d’Team sech Gedanken doriwwer gemaach hunn, wéi een dëse Patienten am beschten hëllefe kéint.

„Kuerzootmegkeet ka schwéier ze heele sinn“, erkläert si an ënnersträicht dobäi de Manktem u Behandlung vu Covid-19 an de Mangel u Bewosstsinn fir Nowierkunge vun der Krankheet.

„Soubal e sech d’Méiglechkeet vun enger medikamentéiser Behandlung ugesinn huet, huet een d’Gefill, datt een de Mënschen net vill ze ginn huet“, huet si ofgeschloss.

Text vum Christoph Nardin / mental.lu

Opmaacherbild: © Ivan Dostal / Unsplash

Related topics Covid-19-Patienten, Englesch Nationaloper, Erhuelung, Folgen, Gesangsübungen, Oper, Otemproblemer, Symptomer, Übungen, Zoom
Next post Previous post