Search

You may also like

Kleng Figure fir grouss Kanner
International Neiegkeeten

Kleng Figure fir grouss Kanner

Fir déi 14. Editioun vun de „LuxPlaymoDays“ hat sech d‘Asbl

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen
International Neiegkeeten

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen

Kennt Dir de Charly schonn? Si hunn mengem Meedchen eng

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!
International Neiegkeeten

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!

Fir d’Lëtzebuerger Webserie W. geet et weiderhin steil biergop. Nom

„Operation Legend“: …vun de Chinese geléiert

Den US-President wëll der déidlecher Gewalt en Enn bereeden a schéckt seng Milize matmaachen

„Operation Legend“: …vun de Chinese geléiert

Den Donald Trump kann der Well vu Gewalt zu Chicago net méi nokucken. Gewaltverbrieche mat Schosswaffen an dat ganzt Bluttvergéissen… dat alles misst elo ophalen. Wéi dat soll ausgesinn ass zu Portland am Oregon zimmlech androcksvoll demonstréiert ginn. Mee weder d‘Buergermeeschter nach d‘Gouverneure wëllen dem Milliardär seng Milize bei sech gesinn.

Esou huet sech och d‘Stadpresidentin vu Chicago, Lori Lightfoot (Demokrat) géint den Asaz vun dëse paramilitäresche Sécherheetskräfte vun der Regierung zur Wier gesat. Via Twitter huet d‘Lori Lightfoot statuéiert: „Ënnert kengen Ëmstänn äert ech dem Donald Trump sengen Truppen erlaben no Chicago ze kommen an eis Bierger ze terroriséieren“. Dat war um Dënschdeg…

Laut dem US-Justizminister William Barr, ginn dës Asätz am Kontext vun der „Operation Legend“ duerchgefouert, an hätten näischt mam héchst ëmstriddenen Agräife vun der Bundespolizei zu Portland ze dinn. Mat der „Operation Legend“ géife Bundesbeamten zur Verbriechensbekämpfung agesat: „Hir Missioun ass Morden opzeklären an gewalttäteg Banden ze zerschloen“.

LegendAm Kader vun der „Operation Legend“ géifen Agente vum FBI mat anere Verwaltungen déi lokal Sécherheetskräften ënnerstëtzen, esou de Justizminister, dee betount, datt esou eng Kooperatioun absolutt näischt Ongewéinleches ass. Sollt de William Barr dës Ausso an de Kontext vum neien nationale Sécherheetsgesetz fir Hong Kong gesat hunn, esou géif dat wuel de Fakten entspriechen.

Juristesch awandfräi

Dës Woch hat d‘Regierung géint den erkläerte Wëlle vum Buergermeeschter vu Portland, Ted Wheeler (Demokrat), seng Milizen an d‘Westküstemetropol entsandt, an huet selwer massiv fir Gewalt gesuergt. Honnerte Mënsche sinn zudeem verhaft ginn. D‘Justizministesch vum Bundesstaat Oregon, Ellen Rosenblum, huet géint de brutalen Agrëff mëttlerweil Klo agereecht.

Legend

D‘Miracle Boyd, eng vun de Spriecherinne vum GKMC18-Mouvement (Good Kids Mad City) huet net wëlles Chicago dem Trump seng Milizen an der Policegewalt ze iwwerloossen. (via Twitter)

Wa Portland och net mat Hong Kong ze vergläichen ass, esou ass de politesche Gedanken, deen derhannert stécht, en ähnlechen. Den Donald Trump ass matten an engem Wahlkampf deen elo a seng „hëtzeg Phas“ anzetriede schéngt. De Milliardär verléiert un Zoustëmmung a säi Géigner, de Joe Biden (Demokrat) huet den Ament en zolitte Virsprong. D‘Nervositéit ass net vun ongeféier…

Dat erkläert dem nach US-President säin Onmutt. Net nëmmen datt hie mëttlerweil och fir d‘Droe vun enger Gesiichtsmask ass, nee hie wëll der Welt a virun allem de Bierger an Amerika beweisen, datt hien dee Mann ass, dee sech fir Sécherheet, Recht an Uerdnung asetzt. Hie werft dann och den Demokrate fir, si géifen „hir“ Stied den Anarchisten a kriminelle Banden iwwerloossen.

LegendEsou sollen déi lokal Sécherheetskräfte weider Mëttel erhalen, fir nei Polizisten anzestellen. Da soll d‘Bundespolizei zäitno och an anere Groussstied agesat ginn. Datt dës Groussstied allerdéngs all vun den Demokrate regéiert ginn, verzerrt d‘Bild schonn eppes. Et wäert awer net laang Daueren, bis republikanesch Buergermeeschter esou Asätz bei sech fuerderen. Et brauch jo den Equiliber…

mat indymedia/was/chi

Foto: Déi „Anarchisten“ wéi den Donald Trump all déi Amerikaner bezeechent déi (nach ëmmer) géint Rassismus a Policegewalt protestéieren, kënnen engem mat hire Vëloen, dem Wonsch no Klimaschutz a enger Police déi fir (an net géint) de Bierger agéiert, schonn Angscht maachen. Also wann een den Donald Trump ass, an en zweet Mandat ufänkt ëmmer méi onwahrscheinlech ze ginn. © Grace del Vecchio (via Twitter)

Related topics Bundespolizei, Chicago, Donald Trump, Operation Legend, Policegewalt, Portland, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post