Search

You may also like

CGDIS: Grousst Feier zu Bungeref
Neiegkeeten

CGDIS: Grousst Feier zu Bungeref

Um fréie Mueren ass den 112 bei ee Feier an

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz
Neiegkeeten

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz

Eigentlech sollten de Pierre Melina an de Michel Wolter en

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen
Neiegkeeten

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“

Koordinéiert Police-Douane Operatioun „Hazeldonk“

… an eelef Eriträer an engem Camionsunhänger um Parking vun der Aire de Capellen

Koordinéiert Police-Douane Operatioun „Hazeldonk“

Am Kontext vun der Drogebekämpfung, hu Police an Douane un der internationaler Operatioun „Hazeldonk“ deelgeholl. Dës Missioun gouf vum Parquet ugeuerdent an ass en Donneschdeg 27. Mee simultan nieft Lëtzebuerg, och an der Belsch, Frankräich an Holland duerchgefouert ginn.

Sënn an Zweck vun de Missiounen „Hazeldonk“, déi et zanter 1995 op Initiativ vun de Fransousen an den Hollänner gëtt, ass et an dësem Kontext net déi grouss Händler an d‘Strëppenzéier ze pëtzen, mee de Konsum an den Handel op Quartier-Niveau, mee sécherlech och den Drogentourismus, an d‘Handelsplazen ze konterkaréieren. D‘Operatioun betrëfft all Form vu Verkéier/Transportmëttel.

Den Numm Hazeldonk ass enger hollännescher Grenzstad geschëlt, déi – esou zumindest déi vun den zoustännegen Autoritéiten opgestallte Behaaptung – ee vun de privilegiéierte Grenziwwergäng fir Drogenhändler/-schmuggler ass. Drogen an de Konsum sinn an Holland nach ëmmer toleréiert.

Iwwer kuerz oder laang…

Et schéngt dann elo ersiichtlech, woubäi ee grousst Geheimnis war et ni, datt d‘Justiz zu Lëtzebuerg d‘Grenzstad Rodange als, als déi zentral Dréischeif fir „de kleng Business“ ausgemaach huet. Dat bestätegt sech dann och, wann een reegelméisseg de Policebericht verfollegt. Wärend véier Stonne gouf dann awer en Donneschdeg d‘Zich an d‘Busser, mee och d‘Ëmfeld vun der Gar kontrolléiert.

Datt se erfollegräich wieren, dat stoung net eng Sekonn laang a Fro, an d‘Kolleege mat der ganz feiner Nues, verstinn hiert Handwierk. Am genannten Zäitraum goufen eng fofzeg Leit beliicht a bei eelef vun dësen, goufen dann och kleng Quantitéite vun Droge fonnt. D‘Leit goufe protokolléiert…

Eng vun den Niewewierkungen: et goufen och aner Verstéiss festgestallt. Esou huet eng Persoun géint d‘Immigratiounsgesetz verstouss, am Kontext vum Covid19-Gesetz gouf engem „Renitenten“ eng Covidiot-Bescheinegung am Wäert vun 135 Euro ausgestallt a well „gewëssen Elementer“ et fir gescheit gehalen hunn d‘Beamten ze beleidegen a bei der Ausféierung vun hirer Missioun gestéiert hunn, dierfen déi sech op eng „Entrevue“ astellen.

Deen aneren Tourismus

Schonn an der Nuecht op en Donneschdeg, hat ee Fall vu „Grenzverkéier“ ginn. Um Parking vun der Aire de Capellen, hat ee Camionschauffer Zweiwel, an huet de Police gemellt, datt sech wuel Mënschen a sengem Unhänger géifen ophalen, déi do awer näischt verluer hätten. Dat ass esou net nei, firwat d‘Police och séier op der Plaz war, fir sech der Saach unzehuelen.

Emol op der Plaz hunn d‘Beamten dann eelef Eriträer aus dem Unhänger geholl, an déi fir dëse Fall virgesi Prozedur ageleet. Dat heescht datt d‘Friemepolice informéiert gëtt, mat dem zoustännege Beamte vun der zoustänneger Abteilung aus dem zoustännege Ministère Récksprooch gehale gëtt, iert dës verhënnert „Touristen“ dëser dem Ausseministère ënnerstallten Administratioun da kënnen iwwerstallt ginn. Do kruten d‘Leit ee sougenannten „maach datt s de ewech kënns“ Réckféierung- Bescheed an de Grapp gedréckt. Een Eriträer – de Grond gëtt net genannt – gouf verhaft a vun den Autoritéiten a Retentioun ënnerbruecht.

Illustratioun: © Groussherzoglech Police

Related topics Aire de Capellen, Douane, Drogen, Hazeldonk, Illegal Migratioun, Police, Retentioun
Next post Previous post