Search

You may also like

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah
Kultur Neiegkeeten

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah

Nom Doud vun engem amerikaneschen Zivilist beim engem Rakéitenugrëff op

Nei Recommandatioune fir Fleegeheemer, Betreit Wunnen a CIPA
Kultur Neiegkeeten

Nei Recommandatioune fir Fleegeheemer, Betreit Wunnen a CIPA

Datt d’Impfungen sech lounen an d’Anhale vun de sanitäre Moossname

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?

[onionbuzz quiz-id=35][/onionbuzz] Halloween réckelt mi no, a vill Leit notzen d’Zäit,

Nach ëmmer op der Sich no der Oprett „Sonili“

Nach ëmmer op der Sich no der Oprett „Sonili“

Scho laang ass de Jean Kandel op der verzweifelter Sich no der Operett „Sonili“. Duerch d’Sammele vun ale Lëtzebuerger Lidder dréit hien zum Erhalt vun eiser Kultur bäi.

„Lëtzebuerger Lidder dierfen net verluer goen“, esou betount de Jean Kandel et ëmmer nees op een neits. Virun 8 Joer ass hie gefrot ginn, op a sengem Archiv, wat mëttlerweil aus ronn 4.000 Lidder besteet, d’Operette „Sonili“ mat dobäi wier. Dëst Lidd vum Josy Imdahl ass bis haut awer verschwonnen.

Léif Lieser, den Här Kandel braucht Är Hëllef: Ob um Späicher an enger Këscht, am Keller an engem Schaf, bei de Grousselteren oder och an den eegene véier Wänn, iergendwou muss sech dëse Kulturschatz befannen. Als immense Lidderfrënd gleeft de Jean Kandel fest dorun, datt dëst Wierk zu Lëtzebuerg ze fannen ass.

D’Operett kéint sech virun allem bei Géigestänn aus de Joren 1939 bis 1941 fanne loossen, entweder bei engem den selwer matgespillt oder matgehollef huet, bei engem Familljemember vun enger Persoun, déi am Lëtzebuerger Vollekstheater matgemaach huet oder einfach ee Mënsch, den op engem Floumaart dëst Wierk, ouni vu senger Bedeitung ze wëssen, kaaft huet.

E puer Informatiounen

De Lëtzebuerger Vollekstheater huet d’Operett „Sonili“ ënnert der Direktioun vum Venant Pauké gespillt. Den RTL Orchester huet dat Ganz, ënnert der Leedung vum Henri Pensis begleet.

Am Joer 1938 huet de Bruno Granichstaedten – ee Judd, deen a Lëtzebuerg ausgewandert ass – d’Operett komponéiert an op Däitsch geschriwwen. Schliisslech war et den Josy Imdahl, deen d’Wierk op Lëtzebuerger iwwersat huet. Virun allem fir d’Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duerschter, war dës Operett ganz speziell, schonn eleng duerch seng Haaptroll an der Operett.

Gewosst ass nach, datt d’Uropféierung de 15. Dezember 1939 war an d’Stéck 13 Mol gespillt ginn ass. Donieft gëtt et nach folgend Foto, wou Dir vläicht deen een oder aneren erëm kennt.

Folgend Rollen haten d’Personnagen

Léon MAYER, Metzlermeeschter : Mathias Andilien .
Josy IMDAHL huet d’Operette op Lëtzebuergesch iwwersat .
Emil HAMPER, dem Camille säi Frënd : Hary .
Maria LAZZERI, Epicièresfra : Madamm Everléng .
Henri PENSIS, huet den RTL-Orchester dirigéiert .
Sonja HAAGEN, dem Moler Camille seng Duechter : Sonili .
Bruno GRANICHSTAEDTEN, huet d‘Operette geschriwwen a komponéiert .
Suzanne HELLER, Duechter vum Metzler Andilien : Rousely
Venant PAUKÉ, Moler : Camille Simon .
Hildchen KLAESS, Duechter vum Metzler Andilien : Madly
Marcel KUMMER, Garagist a Jong vun der Madamm Everling : Charly
Valentin KUMMER, ee räichen Amerikaner : Mister O. Broadwood .
Renée WEBER, dem Amerikaner deng Duechter : Evelyne .
Benny SALOMON.

Net op der Foto:
Hansi KAHN an Josette FELTEN : 2 Dänzerinnen .
Margerite NICKELS, Madamm Trierweiler .
Madeleine LAMBERTS, Madamm Hames .
Roger WARNIER, Bréifdréier .
Jules a Marcel van DIEVOET, hunn sech ëm Decorsen gekëmmert .

De Jean Kandel huet scho vill gesicht. Bis op eng Broschür ass den Erfolleg awer ausbliwwen. An dësem Sënn ass hei all Informatioun wichteg, fir „Sonili“ erëm ze fannen. All klengt Puzzlestéck kéint hei zum Ziel féieren.

Wien eng Informatioun sollt hunn ka sech gären un de Jean Kandel wennen ënnert der Telefonsnummer 621 665 212 oder per E-Mail ënnert jkandel@tango.lu

An dësem Kader, mee och fir alle Persoune Merci ze soen, déi an dëse schwéieren Zäiten gehollef hunn, huet de Jean Kandel säin – wéi hien et nennt – eegent „klengt Verbriechen“ kreéiert. Passend zur Melodie vu „We wish you a merry christmas“ soll säin Text „Merci“ déi Wäertschätzung deelen, no där mir eis all seenen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Léon Mayer, Josy Imdahl, Emil Hamper, Maria Lazzeri, Henri Pensis, Sonja Haagen, Bruno Granichstaedten, Suzanne Heller, Venant Pauké, Hildchen Klaess, Marcel Kummer, Valentin Kummer, Renée Weber, Benny Salomon bei der Operett „Sonili“.

Related topics Bruno Granichstaedten, Hëllef, Jean Kandel, Josy Imdahl, Kulturierwen, Lëtzebuerger Kultur, Lidderfrënd, Merci, Musek, Operett, Sich, Sonili, Theater
Next post Previous post