Search

You may also like

Fettleiwegkeet: d‘Weltgesondheetsorganisatioun alarméiert
Neiegkeeten

Fettleiwegkeet: d‘Weltgesondheetsorganisatioun alarméiert

An de leschte véier Joerzéngten hätt sech d‘Zuel vun de

D’Treffe mam Dan Kersch an der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen
Neiegkeeten

D’Treffe mam Dan Kersch an der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen

Vergaangene Méindeg huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur
Neiegkeeten

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur

Beim Cactus leet ee grousse Wäert drop datt de Client

Opgepasst beim Ofweien – et gëtt oft falsch gerechent!

Opgepasst beim Ofweien – et gëtt oft falsch gerechent!

Den ULC ass an der Läscht mat ville Plainte vu Konsommateuren konfrontéiert ginn, wou d’Wo an anert Equipement fir d’Ofweie vu Wueren am Supermarché net korrekt fonctionnéiert huet.

De metrologeschen Service, den Deel vum Wirtschaftsministère ass, huet den Optrag eng ausgezeechent Funktioun vum Material, wéi beispillsweis Woen oder Tankpompelen ze garantéieren. Bis viru kuerzem huet den Service ouni Problemer a Feeler stattfonnt.

Wat déi korrekt Handhabung vun de Woe vun der Säit vum Personal an der Vente betrëfft, sinn d’Kompetenzen net ganz esou kloer. D’Reegele sinn awer prezis festgehale:

Reglementatioun am Grand-Duché vum 26. Januar 2016, bezunn op déi net automatesch Instrumenter fir Ofzeweien

„Chapitre 6 – Dispositions relatives aux instruments en service et à leur vérification ultérieure Art. 34. Instruments en service et vérification périodique (5) En ce qui concerne les produits vendus en vrac ou préemballés en quantités variables, il y a lieu d’observer lors de la pesée de ces produits que le sac, la feuille de papier ou tout autre objet ou récipient destinés à contenir la marchandise et placés sur le plateau de l’instrument, soient équilibrés par l’un des dispositifs de tare visés au point 13 de l’annexe I de telle sorte que le résultat de pesée correspond toujours au poids net de la marchandise vendue, sous réserve des erreurs maximales tolérées de l’annexe I, point 4. En cas d’instruments ne possédant pas les caractéristiques visées au point 13 de l’annexe I, il doit également être tenu compte du poids de l’emballage des marchandises.“

Den ULC appelléiert d’Autoritéiten déi néideg Kontrollen am Geschäft duerch ze féiere nan erënnert d’Vendeuren drun d’Reegelen ze respektéieren d’Tarariichtungen vun der Wo ze benotzen. An engem biet den ULC d’Consommateuren opmierksam ze sinn an engem Responsabele Bescheed ze soen, wann d’Reegelen net respektéiert ginn.

Den ULC selwer kann och kontaktéiert ginn ënnert der Adress 55, rue des Bruyères, L-1274 Houwald.

Matgedeelt vum ULC – Iwwersat vum Shari Pleimelding /moien.lu

Related topics Gewiicht, Supermarché, ULC, Wo
Next post Previous post