Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8

[onionbuzz quiz-id=60][/onionbuzz] Datt Lëtzebuergesch schreiwen net esou evident ass, dat

Uergt Accident op der N10
Neiegkeeten

Uergt Accident op der N10

Bei engem Verkéiersongléck tëscht Rouderssen an der Doosber-Bréck goufen dräi

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!

D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi all Joer nees drun erënneren, datt déi sëlleche Krapperten a Knetzelen sech um Wee an d‘Schoul liicht oflenke loossen. Se si Butzeg, hunn en anere Bléckwénkel a gi gären iwwersinn.

Den Appell u jiddereen deen um Verkéier deelhëlt ass deemno wierklech berechtegt. Ab e Freideg ass besonnesch am fréie Moien, wéi och an der Mëttegstonn mat erhéichtem Schüleropkommen ze rechnen. Et heescht also Uecht dinn a lues maachen, dat net nëmmen onmëttelbar bei de Schoule mee generell.

Well et jo och erwënscht ass, sollt ee gutt drun doen ze bedenken, datt vill vun de Kanner sech ze Fouss oder mam Vëlo eleng op de Wee an d‘Schoul wäerte maachen. Deem engen oder anere Kand ass dat richtegt Verhale bei Zebrasträifen, roude Luuchten an och dem Kreesverkéier net zwéngend geleefeg. Hei also besonnesch uecht dinn.

Gutt berode sinn d‘Elteren, deenen hir Kanner fir d‘éischte Kéier eleng an d‘Schoul wëlle goen, de Schoulwee eng Kéier matzegoen oder ze fueren. Hei ka pädagogesch bei klenge Feeler agegraff ginn, wat net nëmmen déi eegen Nerve schount, mee och dem Kand méi Sécherheet garantéiert.

Den ëffentlechen Transport notzen

Flott wier et och, fir déi wou ee méi wäite Wee hunn, de Kanner d‘benotze vum Bus ze weisen. Den ëffentlechen Transport, besonnesch a méi groussen Agglomeratiounen, ass hei zu Lëtzebuerg un a fir sech gutt organiséiert. Dee richteg ze benotzen ass, wann een et da richteg gewise kritt och „Kannerliicht“.

Fir all déi wou aus den ënnerschiddleche Grënn net kënnen a wëllen op den Auto verzichten an d‘Kanner „mussen“ an d‘Schoul féieren, esouvill: all Gefier bei enger Schoul ass eng Geforequell, also och äert. Op ville Plaze gëtt et virun der Schoul e sougenannten „Park & Kiss“ Standsträifen. Notzt deen an huelt Récksiicht, dir sidd net déi eenzeg déi Kanner „uliwwert“.

Do wou et kee „Park & Kiss“ gëtt, denkt wann ech gelift drun, d‘Kanner ëmmer zum Trottoir aus dem Auto ze loossen. Iwwerzeegt iech iert der weiderfuert, nodeems der d‘Kand oder d‘Kanner ofgelueden hutt, datt sech keen anert Kand virun oder hannert ärem Auto ophält. Gedold an Ëmsicht ka Liewe retten.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Kanner, Oppassen, Schoul, Schoulkanner, Verkéier
Next post Previous post