Search

You may also like

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten am Pain de Viande vun Delhaize
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten am Pain de Viande vun Delhaize

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttel hu matgedeelt, datt sech Gluten

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt
Neiegkeeten

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt

Nodeems Pyongyang virun enger Woch den Verbindungsbüro zu Kaesong an

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?
Neiegkeeten

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?

Den UN-Sécherheetsrot ass beméit de Fridden an der helleger Stad

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den schnellen europäesche Sécherheetssystem (RASFF) een erhéichte Wäert un Ochratoxin A an den biologesche Roséngercher am Noss-Friichte-Mix fonnt huet.

Den Ochratoxin A ass ee Mykotoxin, dat duerch Schimmelpilzer entsteet an a verschiddene Müsli , Kaffien, am Räis oder eben och an de Roséngercher ze fannen ass. Eng heefeg Consommatioun ass geféierlech fir d’Gesondheet. Dofir sollt ee kucke folgend Produiten net zou sech ze huelen:

  • Produit: Mendiants Classic Bio an Mendiants Exotic Bio
  • Mark: Trader Joe’s
  • Inhalt: 250 Gramm
  • Halbarkeetsdatum: Classic:  09/08/2019, 10/08/2019, 12/08/2019, 15/08/2019, 17/08/2019;
    Exotic:
    12/08/2019, 17/08/2019, 24/08/2019, 25/08/2019
  • Nummer: Classic: 007685j1203z, 007685j1303y, 007707j1503y, 007728j2003z, 007747j2003z ;
    Exotic:
    00709j1503y, 00708j1503y, 007729j2003z, 007768j2003z, 007772j2703z, 007804j2803z

Opgepasst

Just d’Produite mam genannten Halbarkeetsdatum si concernéiert. D’Produite sinn aus der Vente gezu ginn. Een Deel vum Stock ass allerdéngs verkaaft ginn, wouduerch d’Liewensmëttelsécherheet de Konsument biet, déi genannte Pizzaen net ze iessen.

Fir weider Informatioune kann ee sech direkt un d’Liewensmëttelsécherheet wennen:

www.securite-alimentaire.lu
(+352) 247-75625
secualim@ms.etat.lu

 

Related topics Liewensmëttelsécherheet, Mendiants Classic Bio, Mendiants Exotic Bio, Ochratoxin A, Opgepasst
Next post Previous post