Search

You may also like

geek
Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) besteet zanter dem leschten Dënschdeg

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no
Neiegkeeten

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no

Mat der Reprise – oder sollt ee besser vun enger

Wéi ass et dann elo mam 7. Abrëll?
Neiegkeeten

Wéi ass et dann elo mam 7. Abrëll?

Fir gewuer ze ginn, op den Horesca-Secteur elo e Mëttwoch

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Delhaize informéiert, datt de Produit hire Schockelasbotter mat 13% Nëss vun der Mark „Boerinneke“ net genannten Allergenen enthält. Op der Etikett sinn soumat d’Mandel an d’Macadamianoss net genannt.

De Schockelasbotter gouf an alle Geschäfter vum Delhaize aus der Vente gezunn. Een Deel vum Produit ass allerdéngs scho verkaaft ginn. Persounen, déi allergesch op Mandelen an/oder Macadamianëss sinn, kënnen duerch d’Consommatioun klinesch Symptomer opweisen.

Boerinneke

Aus dësem Grond gëtt den Allergiker geroden, folgende Schockelasbotter net ze consomméieren:

  • Numm: Pâte à tartiner aux noisettes 13%
  • Mark: Boerinneke
  • Unitéit: 400 g
  • Halbarkeetsdatum: 8. November 2020
  • Barcode: 5411146260398
  • Nummer: L9220

Persounen, déi keng Allergie géint déi genannten Nëss hunn, kënnen de Produit ouni Problemer zou sech huelen.

Related topics Allergen, Allergiker, Boerinneke, Liewensmëttelsécherheet, Macadamianoss, Mandel, Pâte à tartiner aux noisettes 13%, Réckruff, Schockelasbotter
Next post Previous post