Search

You may also like

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn
Neiegkeeten

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn

De Ministère fir Energie a Minister fir Landesplanung huet d’Nouvelle

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021
Neiegkeeten

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021

Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt,

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?
Neiegkeeten

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?

Nom Lockdown gouf et héich Zäit fir e Besuch am

OPGEPASST: Salmonellen a Friichten-Nëss-Riegel vun EAT NATURAL an HEMA

OPGEPASST: Salmonellen a Friichten-Nëss-Riegel vun EAT NATURAL an HEMA

Wéi d’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet matgedeelt hunn, kënne sech Salmonellen am Produit „FRUIT & NUT BARS – BRAZIL & SULTANA“ mat Afennëss a Mandelen vun der Mark EAT NATURAL, wéi och am Produit „NATURAL BAR Fruit & nut“  an HEMA befannen.

De concernéierte Produit gouf direkt aus der Vente gezunn. Salmonelle kënne 6 bis 72 Stonnen no der Consommatioun zu Iwwelzechkeet, Bauchkrämp, Duerchfall, Féiwer, Kappwéi oder Iwwergi féieren.

Huet een de Produit zou sech geholl a weist een oder méi vun dëse Symtpomer op, gëtt geroden en Dokter opzesichen.

Salmonellen

Folgende Produit ass betraff:

  • Numm: FRUIT & NUT BARS – BRAZIL & SULTANA (with peanuts and almonds)
  • Verpakung: Eenzel verpak an am Multipack (3x)
  • Mark: EAT NATURAL
  • Unitéit: 50 g
  • Barcode: Individuel (50 g) – EAN 50676262; Multipack (3 X 50 g) – EAN 5013803666149
  • Halbarkeetsdatum: August 2020 bis Juni 2021

Salmonellen

  • Numm: NATURAL BAR Fruit & nut
  • Mark: HEMA
  • Unitéit: 45 g
  • Nummer: 10.41.0001
  • Halbarkeetsdatum: All
Related topics Bauchwéi, EAT NATURAL, FRUIT & NUT BARS - BRAZIL & SULTANA, Iwwelzechkeet, Iwwerginn, Liewensmëttelsécherheet, Réckruff, Salmonellen
Next post Previous post