Search

You may also like

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung
Neiegkeeten

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung

Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen

Europa ass e Gedicht!
Neiegkeeten

Europa ass e Gedicht!

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser
Neiegkeeten

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht.

Opgepasst: d‘Schoul fänkt nees un!

Opgepasst: d‘Schoul fänkt nees un!

D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi all Joer nees drun erënneren, datt déi sëlleche Krapperten a Knetzelen sech um Wee an d‘Schoul liicht oflenke loossen. Se si butzeg, hunn en anere Bléckwénkel a gi gären iwwersinn.

Den Appell u jiddereen, deen um Verkéier deelhëlt, ass deemno wierklech berechtegt. Ab e Freideg ass besonnesch am fréie Moien, wéi och an der Mëttegstonn mat erhéichtem Schüleropkommen ze rechnen. Et heescht also Uecht dinn a lues maachen, dat net nëmmen onmëttelbar bei de Schoule mee generell.

Zu Fouss an um Vëlo

Well et jo och erwënscht ass, sollt ee gutt drun doen ze bedenken, datt vill vun de Kanner sech ze Fouss oder mam Vëlo eleng op de Wee an d‘Schoul wäerte maachen. Deem engen oder anere Kand ass dat richtegt Verhale bei Zebrasträifen, roude Luuchten an och dem Kreesverkéier net zwéngend geleefeg. Hei also besonnesch uecht dinn.

Gutt berode sinn d‘Elteren, deenen hir Kanner fir d‘éischte Kéier eleng an d‘Schoul wëlle goen, de Schoulwee eng Kéier matzegoen oder ze fueren. Hei ka pädagogesch bei klenge Feeler agegraff ginn, wat net nëmmen déi eegen Nerve schount, mee och dem Kand méi Sécherheet garantéiert.

Flott wier et och, fir déi wou ee méi wäite Wee hunn, de Kanner d‘benotze vum Bus ze weisen. Den ëffentlechen Transport, besonnesch a méi groussen Agglomeratiounen, ass hei zu Lëtzebuerg un a fir sech gutt organiséiert. Dee richteg ze benotzen ass, wann een et da richteg gewise kritt och „Kannerliicht“.

All Gefier eng Geforequell

Fir all déi, wou aus den ënnerschiddleche Grënn net kënnen a wëllen op den Auto verzichten an d‘Kanner „mussen“ an d‘Schoul féieren, esouvill: all Gefier bei enger Schoul ass eng Geforequell, also och äert. Op ville Plaze gëtt et virun der Schoul e sougenannten „Park & Kiss“ Standsträifen. Notzt deen an huelt Récksiicht, dir sidd net déi eenzeg, déi Kanner „uliwwert“.

Do, wou et kee „Park & Kiss“ gëtt: denkt wann ech gelift drun, d‘Kanner ëmmer zum Trottoir aus dem Auto ze loossen. Iwwerzeegt iech iert der weiderfuert, nodeems der d‘Kand oder d‘Kanner ofgelueden hutt, datt sech keen anert Kand virun oder hannert ärem Auto ophält. Gedold an Ëmsicht ka Liewe retten.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Kanner, Schoul, Schoulrentree, Schoulwee
Next post Previous post