Search

You may also like

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus
Neiegkeeten

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus

No der Explosioun zu Beirut huet S.A.R. de Groussherzog Henri

money
Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm
Neiegkeeten

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Si gesinn sech selwer als de „Motor vun der Europäescher

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï
Neiegkeeten

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï

Egypten begeet ab haut dräi Deeg Staatstrauer, aus Respekt fir

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!

Ënnert de waarme summerlechen Temperaturen leide Mënsch an Déier gläichermoossen. All Déierebesëtzer sief awer drun erënnert, datt de Buedem sech duerch d’Sonnenastralung immens ophëtze kann an et doduerch zu Verbrennungen un de Patte vun ärem Véierbeener komme kann. Et gëtt geroden, eréischt am spéiden Owend mam Mupp erauszegoen an d’Temperatur vum Ënnergrond mat den eegene plakege Féiss ze testen.

Eigentlech misst et selbstverständlech sinn, datt een an der Mëtteshëtzt weder sech selwer, nach sengem Hond oder der Kaz physesch Aktivitéiten zoumutt. Trotzdeem verbrenne sech eis pelzeg Kollegen ëmmer erëm um Buedem. Wéi Meteo Remich op de soziale Medien matdeelt, sinn de Weekend Temperaturen um Buedem vun 63 °C erreecht ginn.

Och de Spadséiergank iwwert d’Wiss ass keng Alternativ: Wou d’Gras nach schéi gréng ass, ass den Thermometer op 40 °C eropgesprongen. Um verbrannte Gras louch ee souguer bei 53 °C. D’Ekipp rot dofir, virun 17:00 Auer net mam Hond dobaussen ënnerwee ze sinn.

Verbrennungen

Meteo Remich / Facebook

En Tour trëppelen am Summer

Scho wéineg Minutten um gliddege Buedem kënnen fatal Konsequenze mat sech bréngen. Eis Véierbeener kënne sech net mat Schong schützen, lafen awer aus Solidaritéit an aus Léift zum Meeschter nieft him. Generell sollt hei d’7-Sekonne-Reegel ugewannt ginn: Probéiert Ären Handréck oder de plakege Fouss fir siwe Sekonnen um Buedem ze halen. Ass dat gutt machbar, kann och Äre Mupp iwwert de Buedem goen.

Verbrennungen

Mon Chien Sympa / Facebook

Verbrennungen vum éischte Grad erkennt een dorun, datt d’Patten rout a geschwolle sinn. An dësem Fall sollt sech de Veterinär ëm d’Déier këmmeren. Bis dohin mussen d’Wonne gekillt a geschützt ginn. Op Äis sollt een net zeréckgräifen fir d’Gewebe net weider ze schiedegen. Halt d’Patt léiwer ënnert frëscht Waasser a wéckelt dann ee Verband, respektiv eng propper Strëmp ronderëm.

Opmaacherbild: Meteo Remich / Facebook

Related topics Déierendokter, Hond, Mëttegsonn, Mupp, Opgepasst, Owend, Patten, Summer, Véierbeener, Verbrennungen, Veterinär, Waarm, Wuelergoen
Next post Previous post