Opnam vu Flüchtlingen

« De Flüchtlingsstroum aus der Ukrain klëmmt ëmmer méi, d’Noutënnerkonfte fëlle sech ganz séier.

An dësem Kader wëlle mir der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an de Gemengenautoritéite « Merci » soen, datt si et erméiglecht hunn, den 12. Mäerz eng éischt Opfaangstruktur am Kulturzentrum zu Mutfert anzeriichten.

An dëser Phas, a wärend all zoustänneg Déngschter op Héichtoure lafen, fir de Mënschen, déi virum Krich flüchten, ënnert de beschtméigleche Bedéngungen opzehuelen an hier Demanden op Schutzstatus ze beschaffen, biede mir iech Lëtzebuerger Bierger, keng gréisser Transporter ze organiséieren, ausser et wär fir privat Arrangementer. »

*matgedeelt vum Jean Asselborn, Ausseminister a Minister fir Asyl an Immigratioun

Dernières nouvelles