Search

You may also like

Autoen zu Beetebuerg a brand gestach?
Neiegkeeten

Autoen zu Beetebuerg a brand gestach?

Wéi d‘Police mellt sinn um fréie Muere vum Reveillon (24.

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
Neiegkeeten

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=195][/onionbuzz] D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte Mount um Krautmaart déi bosseg Iddi abruecht huet, d‘Carrière vum Polizist och fir Auslänner – esou wäit si EU-Residente sinn – opzemaachen, ass eng Diskussioun ugetruede ginn déi bei ville fir schlecht Laun gesuergt huet.

Leschten Donneschdeg huet sech dann och d‘Policegewerkschaft SNPGL géintiwwer dem Minister senger „Propose“ geäussert. Laut dem SNGPL géif de Problem u sech net doranner bestoen, Kandidate mat der Lëtzebuerger Nationalitéit ze fannen, villméi misst een sech dem Opnamexamen unhuelen an dësen dem aktuelle Bildungsstand am Land upassen.

De SNPGL huet zudeem drun erënnert, datt an e puer Wochen nees esou en Opnamexamen organiséiert gëtt a sech schonn eng 250 Kandidaten ageschriwwen hunn. Hir Prognosen, ugesiichts der genannter Zuel vun 250 Kandidaten, leie bei enger Reussite vu geschätzte 40 Participanten.

Bild: Foundry / Pixabay

Related topics François Bausch, Opnamexamen, Policeschoul, SNPGL
Next post Previous post