Search

You may also like

Cargolux-Fliger mécht säin Tank iwwert der Belsch eidel
Neiegkeeten

Cargolux-Fliger mécht säin Tank iwwert der Belsch eidel

De Vol CV7302 Lëtzebuerg-Singapur mat der Registréierung LX-VCK huet en

Politesch Emissiounen am Staatsoptrag
Neiegkeeten

Politesch Emissiounen am Staatsoptrag

E Méindeg, den 17. Juni 2019, kuerz no 13.00 Auer,

Gemeng Koplescht: Vereedegung vum neie Buergermeeschter an dem Schäffen
Neiegkeeten

Gemeng Koplescht: Vereedegung vum neie Buergermeeschter an dem Schäffen

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 14. November 2020 ass den

Oppasse virum zweeten Erdrénken, dat passéiert net am Waasser

Oppasse virum zweeten Erdrénken, dat passéiert net am Waasser

Et ass Summer, vill Famillje plangen d’Vakanz oder e Weekend um Séi. Zemools déi Kleng hunn hir grouss Freed um killen Naass an um piddelen a spillen. Kloer, datt dat risege Spaass mécht, allerdéngs mussen d’Elteren d’Gefor am Hannerkapp halen an hier Kanner ni ouni Opsiicht am Waasser loossen, et ass séier eppes passéiert.

Kanner erdrénke lues, si sinn esou mam Iwwerliewenskampf beschäftegt, datt si net wéi wëll ronderëm zappelen oder ëm Hëllef jäizen. Dofir soll op jiddwer Fall e Schwammmeeschter an der Géigend sinn, hien erkennt d’Unzeeche besser a reagéiert deementspriechend.

Och wann de Spaass am Waasser eriwwer ass, kann et nach ëmmer zum Erdrénke kommen – dës Gefor gëtt dacks ënnerschat. Dat zweet Erdrénke ka bis zu 24 Stonnen dono optrieden, et ass immens seelen. Eltere sinn muechtlos, mee wann si d’Unzeeche gutt kennen, kënnen si hiert Kand besser schützen. Dofir gëllt bei Kanner ëmmer an ouni Ausnam, si net ouni Opsiicht am Waasser ze loossen. An och net, wa si scho schwamme kënnen.

Déi meescht Kanner erdrénken am Bëbeesalter – an dat doheem an der Bidden. Dobäi spillt d’Waasserdéift keng grouss Roll, leider geet e klenge Pull schonn duer. De Bëbee kippt no vir läit mam Gesiicht ënner Waasser. Dacks wëssen Elteren net, datt d’Kand sech net selwer aus dem Pull rette kann. Et ass wichteg, datt Kanner fréi léiere sollen sech sécher am Waasser ze beweegen.

Ongeféier mat 4 Joer kënnen si léieren ze schwammen, dozou gehéiert natierlech d’Tauchen an d’Fäegkeet ënner Waasser net a Panik ze geroden. Et hätten nämlech vill Accidenter duerch en uerdentlecht Schwammtraining evitéiert kéinte ginn.

Mee dës Gefore sollen d’Elteren net dovunner ofhalen d’Kand mat bei d’Waasser ze huelen. Am Géigendeel, d’Präventioun ass méi wichteg. Mir wëllen eis Kanner dach schützen an hinne keng Angscht viru Waasser antrainéieren. Et soll een säi Kand jo net un déi kuerz Léngt huelen, mee wann et an der Géigend vu Waasser spillt, ass et net verkéiert Uecht ze ginn. Datt Kanner alt mol eng Schlupp Waasser schlécken, ass kee Grond zur Panik.

Beim zweeten Erdrénken, wat och erwuesse Leit betreffe kann, kënnt tatsächlech Waasser an d’Long, een Longenödem entsteet – am Laf vu Stonnen trëtt kierpereege Flëssegkeet aus dem Blutt an d’Long iwwer. Ma wéi erkennt een dat zweet Erdrénken?

Et gëllt op folgend Unzeechen opzepassen:

  • flaachen Otem/Otemproblemer;
  • Péng am Broschtberäich;
  • Houschten;
  • Iwwerginn;
  • Féiwer;
  • Ugelaf Lëpsen, bleech haut;
  • Onrou, dono Middegkeet.

Sollt Dir Bedenken zum Gesondheetszoustand vun Ärem Kand ze hunn, ass et besser dat léiwer vun engem Dokter kontrolléieren ze loossen. Léiwer eemol ze vill wéi ze wéineg.

Illustratioun: © Tim Marshall / unsplash

Related topics Erdrénken, Kanner, Oppassen, Schwammmeeschter, Strand, Vakanz, Waasser
Next post Previous post