Search

You may also like

money
De Mindestloun ass sécher
Neiegkeeten

De Mindestloun ass sécher

Et soll keen an dëse schwieregen Zäiten déi eis d‘Land

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen
Neiegkeeten

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Macron schléit Le Pen
Neiegkeeten

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht

Mat engem oppene Bréif un den Educatiounsminister, weise Gewerkschaft a Studentevertriedung op net erfëllbar Fuerderungen a Moossnamen hin

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht

Veriergert bis batter Enttäuscht, esou léisst sech den Toun am vun der Gewerkschaft SEW-OGBL an der Studentevertriedung UNEL nach am beschten ëmschreiwen, deen sech an hirem oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) riicht. Zu dësem senger Verdeedegung dierf nach bemierkt ginn, datt um Schlamassel d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgewierkt huet…

Et ass folgerichteg d‘Zesummespill tëscht dem Educatiouns- a Gesondheetsministère, datt streng geholl vun den Signataire dat hei op de Leescht geholl gëtt. Viru gutt sechs Wochen ass decidéiert ginn, datt et am Kontext vun der Schoulrentrée zu prezisen, kloren a fir jidderee verständlech Reegele muss ginn, fir d‘Covid19-Pandemie och bei engem normale Betrib am Grëff ze behalen.

Zu de Moossnamen déi vun den Experten ausgeschafft a vum Minister ëm- an duerchgesat goufen, gehéiert d‘Lëfte vun de Klassesäll. Am Kontext vun enger sech duerch d‘Loft iwwerdroent Infektiounskrankheet sollt ee mengen, datt et ee ganz probat Mëttel ass, Schüler an Enseignante gläichermoossen ze schützen. Dat dommt un der Mesure: et kéint fraschteg Stëmmung opkommen.

A „fraschteg“ ass ugesiichts der Joreszäit zimmlech treffend. Wann se beim SEW-OGBL wéi och der UNEL vill Versteesdemech fir d‘Lëften hunn, esou wier déi Moossnam elo awer wéinst den ofhuelende Baussentemperature kaum nach ziilféierend. Schüler an Enseignante géifen, wann et esou weider geet, an de Klassesäll erfréieren, wat sech negativ op de sozialen Ëmgang auswierkt.

Erkältung, Covid19 oder vläicht béides?

Nieft der Feststellung, datt d‘Keelt sech op de Gemidder néierschléit, géif och ee gréissere Risk vun Erkältunge bestoen, wat weder de Schüler nach den Enseignanten hëlleft dee vun alle Säite gefuerderten „normale Schoulbetrib“ oprecht ze erhalen. SEW-OGBL an UNEL fuerderen dann och e konsequent Handele vun der Politik. An déi stécht elo an enger seriéiser Zwéckmillchen.

Engersäits gëtt net kontestéiert, datt „Lëften“ eng ganz valabel Mesure ass, anersäits kéint een den erkaalte Schüler a Proffen net zoumudden, Dag an, Dag aus, am Duerchzuch ze sëtzen a bei Frascht Cours ze halen oder dorunner deelzehuelen. Et bréicht folgerichteg Alternativen, an déi soll et laut SEW-OGBL an UNEL och ginn. Dofir bréicht awer eppes Finanzmëttel, fir d‘Léisung anzesetzen.

Geduecht gëtt do u sougenannt CO²-Luuchten. Dat sinn Apparater déi uweise wéini da muss gelëft ginn. Dës scheinbar präiswäert Moossinstrumenter, wiere gutt gëeegent fir eng Duerchlëftung ouni iwwerdriwwen Temperaturverloschter a kaf huelen ze mussen. Firwat den CO² Moossen? Ma well erhéichte CO²-Wäerter d‘Verbreedung vum Covid19 bevirdeelegen. Mee och dat geet hei net duer.

Dës Apparatur wier nëmmen eng Iwwergangsléisung. Déi bevirzucht Léisung vu SEW-OGBL an UNEL ass d‘Investitioun a Lëftungssystemer déi d‘Loft an de Klassesäll rengegt an austauscht. E System deen och no der Pandemie sënn mécht, well dee géif dauerhaft dofir suergen, datt Schüler an Enseignanten net méi a stéckege Klassesäll mussen hocken. A besser gelaunt léiert ee besser…

A wann ee schon d‘Käpp zesummestécht fir sech un den Educatiounsminister ze wennen, da kann et net schueden, nach emol eng vun de sécherlecht däregsten Doleancen ze widderhuelen. Vum SEW-OGBL an der UNEL gëtt nach ëmmer déi feelend Dialogbereetschaft monéiert. Si gleewen net méi drun, datt d‘Covid19-Kris eleng vun der Politik geléist ka ginn. Si wëlle mat entscheeden dierfen.

Si hunn dann och nach emol däitlech an ouni e Blat virun de Mond ze huelen dem Minister Claude Meisch an Erënnerung geruff, datt sollt hien de politesch Monolog privilegiéieren, et kuerzfristeg zu gewerkschaftlechen Aktioune komme wäert. Op sech de Minister vun dësem oppene Bréif elo beandrocke léist, ass net gewosst. Gewosst ass dogéint, datt déi aner Säit net wäert labber loossen.

Illustratioun: Et fänkt schonn un eppes „frësch“ ze ginn an de Wanter kënnt eréischt. Dat mam u sech sënnvolle Lëften awer, kéint elo an de Schoulen zu engem Problem ginn. Hei misst et méi a virun allem besser Léisunge ginn, wéi déi wou den Educatiounsminister dem Enseignement an Ofsprooch mat den Experten aus dem Gesondheetsministère operluecht huet. © Martin Sanchez / unsplash

Related topics Claude Meisch, Educatiounsminister, Oppene Bréif, SEW-OGBL, UNEL
Next post Previous post