Search

You may also like

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert

Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg,

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft
Meenung Neiegkeeten

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft

D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi

Fondation EME: Musek schenken – online
Meenung Neiegkeeten

Fondation EME: Musek schenken – online

Trotz engem relativ turbulente Joer huet d’Fondation EME decidéiert säi

En oppene Bréif fir den Educatiounsminister

En oppene Bréif fir den Educatiounsminister

Héich geéierten Här Ministesch Meisch,

als iwwerzeegten neoliberalen Educatiounsminister dreift Dir wéi keen anere virun iech, d‘Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul virun. Wärend ärer Mandatszäit huet net nëmmen d‘Zuel vun der Secondaire-Schoulen zougeholl, déi mat ëffentlechem Geld bei privaten Entreprise wéi Pearson, IBO a Cambridge Assessment Ofschlossexame kafen an vun dësen entgeldlech bewäerte loossen, mee Dir hutt duerch déi verstäerkte schoulesch Autonomie gläichfalls d‘Konkurrenz tëscht de Secondaire-Schoulen an esou och d‘Konkurrenz tëscht de Schüler ëm déi beschte Bildungschance befeiert.

D‘Resultat vun ärer Bildungspolitik ass eng zouhuelend zerspläitert an oniwwersiichtlech Bildungslandschaft, an där sech virun allem Schüler aus sozial besser gestallte Familljen zurecht fannen – déi aner bleiwe mat zouhuelender Tendenz op der Streck an déi ëffentlech Schoul als Grant fir Chancëgläichheet funktionéiert net méi. Dobäi beweist grad den 2018 verëffentlechten nationale Bildungsbericht, dat eng méi laang gemeinsam Beschoulung d‘Chancëgläichheet erhéicht.

Eng aner Form vun der Privatiséierung vun der Schoul stellt déi ënnert dem Schlagwuert „Digitaliséierung“ fungéierend Pseudo-Moderniséierung vum Unterrecht duer. Nei Technologie sinn ouni Zweiwel wichteg fir eng fortschrëttlech, modern Schoul; si kënnen, mussen awer net zwangsleefeg an den Unterrecht integréiert ginn. D‘Digitaliséierung vun der Bildung erweist sech awer virun allem al s de berüchtegten Danz ëm dat gëllent Kallef, well de ganzen EDV-Beräich vun der Lëtzebuerger Schoul ass gläichermoossen un US-Entreprisen (oder: un bekannte Monolpolkonzerner) verkaf an ausgelagert ginn. Dës freeën sech iwwert d‘Profitter esou wéi déi zuelräich nei Clienten, bezéiungsweis „consumer“.

Wärend der Covid19-Kris huet dir zudeem Äert wouert Demokratieverständnis gewisen: Dir verweigert net nëmmen allze oft den Dialog mat de Schüler-, Studenten-, Elterevertriedungen a Gewerkschaften, mee bréngt stëll an heemlech Gesetzprojeten op den Instanzewee, ouni iwwert dës mat de Gewerkschaften an de Schüler- a Studentevertriedungen ze verhandelen, geschweig dann dës iwwert Äert Virhunn ze informéieren.

Nëmmen en ëffentleche Protest huet Iech virleefeg derzou bruecht, ee vun de genannte Gesetztexter – Gesetzprojet 7662 – vun der Dagesuerdnung an der Chamber ze huelen. Ee weidere Gesetzprojet, datt gläichfalls eng Ëffnung vum ëffentlechen Déngscht hin zum Privatsecteur als Zil huet, gouf och vun Iech op den Instanzewee bruecht. Et handelt sech heibäi ëm de Gesetzprojet 7658, mat deem et zukünfteg méiglech soll sinn, Direktiounsposte vum IFEN (Nationaalt Aus- a Weiderbildungsinstitut fir Enseignanten) a vum SCRIPT (Departement fir d‘Koordinatioun vun der pedagogescher an technologescher Fuerschung an Innovatioun) mat Persounen aus dem Privatsecteur ze besetzen, déi weder iwwert eng pedagogesch nach iwwert déi noutwenneg Sproochkenntnisser verfüge mussen.

Als Minister vun enger Partei, déi sech „demokratesch“ nennt, sollt Dir ee bessert Demokratieverständnis besëtzen. Déi ënnerzeechnend Gewerkschaften an Schüler-/Studentevertriedunge fuerderen iech heimatter op, en Treffe mat alle betraffenen Acteueren aus dem Bildungswiesen ze organiséieren an iwwert d‘Ausriichtung vun der ëffentlecher Schoul, esou wéi Är Privatiséierungspläng vun der ëffentlecher Schoul ze diskutéieren.

Gezeechent vun der ACEN, ALPIA, APESS, OGBL-Jugend, SEW-OGBL an UNEL – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Anne Nygard / unsplash

Related topics ACEN, ALPIA, APESS, Claude Meisch, Enseignement, OGBL-Jugend, SEW-OGBL, UNEL
Next post Previous post