Oppene Bréif un all déi, déi un de Manifestatioune vu leschte Samschdeg deelgeholl hunn

Als Bierger vun engem demokratesche Land hutt Dir d’Recht, Är Oppositioun géint Reegelen, déi de Stat aféiert, auszedrécken. Dir hutt d’Recht ze schwätzen an ze schreiwen, ze demonstréieren an déi Reegele viru Geriicht unzefechten. Wat awer kloer ass: de Spillraum fir an engem demokratesche Land Oppositioun oder Widderstand ze maachen ass vun de Gesetzer kloer definéiert. Vandalismus, Bedreeung a Gewalt si net zoulässeg.

Verschiddener vun Iech drécke widderhuelt aus, dass Lëtzebuerg am gaange wär, sech an en autoritäre Stat ze verwandelen. Déi Interpretatioun ass awer nëmme méiglech wann ee net verstanen huet, wéi eng Demokratie funktionéiert.

D’Bierger wielen d’Vertrieder, déi fir si d’Decisiounen huelen. Wann eng Majoritéit vu Leit fënnt, dass d’Volleksvertrieder hier Aufgab net zefriddestellend erfëllen, kann d’Vollek d’Verantwortung bei de nächste Walen anere Leit iwwerdroen. Et gehéiert zu de Spillreegelen, dass Politiker an der Oppositioun, grad wéi d’Leit, deenen hier Favoritte et net an d’Majoritéit gepackt hunn, dat acceptéieren.

Verschiddener soen, eist Land wär eng Diktatur. Wann dat de Fall wär, géif Är Oppositioun net toleréiert ginn, an Dir wiert masseweis verhaft ginn.

Och an enger Demokratie kënne net jidder eenzele seng Wënsch a Virstellungen ëmgesat ginn. Domat muss jidderee vun eis kloer kommen. Dat ass och esou an enger direkter Demokratie, wou d’Vollek via Referendum decidéiere kann. Et ass duerchaus warscheinlech dass bei enger Volleksofstëmmung iwwert Covid-Reegelen eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger Bierger de Kurs vun der Regierung géif ënnerstëtzten.

Oppene Bréif un all déi, déi un de Manifestatioune vu leschte Samschdeg deelgeholl hunn
© Martine de Lagardère / moien.lu

En Deel vun Iech hunn e Samschdeg erëm Parallelle gezunn tëscht der Situatioun vun haut an der Zäit vum Zweete Weltkrich. Dat baséiert entweder op engem flagrante Mangel un historesche Kenntnisser oder, an dat ass méi warscheinlech, op enger bewosster Verfälschung an Instrumentaliséierung vun der Geschicht.

Et ass ass net acceptabel wa Leit sech als Affer verkafen, nodeem se sech d’Recht geholl hunn, anerer anzeschüchteren, eis Ministeren ze bedreeën, de Chrëschtmaart ze stiermen an sech virum Monument vun der Gëlle Fra ze produzéieren. Et ass wuel keen Zoufall dass dës Biller un de Stuerm op de Kapitol zu Washington, resp. op de Reichstag zu Berlin, d’lescht Joer, erënneren. Esou Vergläicher sinn ongeheierlech géintiwwer allen Affer vum NS-Regime. Dir sidd net Affer vun engem verbriecheresche Regime! Dir sidd net d’Vollek! Dir sidd och keng Minoritéit! Dir hutt just eng Iwwerzeegung, déi minoritär ass.

Eenzeler gi méi wäit, notzen de sougenannte „Juddestär“, dee jiddesch Bierger a ganz Europa stigmatiséiert huet. Sech mat de 6 Millioune Affer vum Holocaust gläichzesetzen ass onsäglech an infekt. Grad ewéi Parallellen ze zéien tëscht eise Politiker an deem Regime, dat den Holocaust duerchgezunn huet, oder d’Iwwerzeegungsaarbecht vun der Regierung an d‘Covid-Reegelunge mat der Vernichtung vun allen europäesche Judden ze vergläichen.

Dat ass net nëmmen eng Verharmlosung vun engem vun de schlëmmste Verbrieche vun der Mënschheetsgeschicht, dat ass Negationismus – an deen ass strofbar.

Firwat toleréiert Dir esou Methoden ? Firwat acceptéiert Dir dass radikal Elementer Iech instrumentaliséieren ?

Och wann Dir géint d‘Impfung sidd, et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet: Indignez-vous.

Matgedeelt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains

Dernières nouvelles