Search

You may also like

D‘Sozialkonflikter am Land huelen zou
Meenung Neiegkeeten

D‘Sozialkonflikter am Land huelen zou

Net all d‘Problemer, deenen sech d‘Gewerkschaften an de leschte Méint

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz
Meenung Neiegkeeten

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz

Nodeems Ufank Januar am Ënnerhaus dem Brexit zougestëmmt huet dann

Klappjuegd erlaabt, mee ënnert bestëmmten Moossnamen
Meenung Neiegkeeten

Klappjuegd erlaabt, mee ënnert bestëmmten Moossnamen

Trotz Pandemie dierf d’Klappjuegd stattfannen, wann och an ugepasster Form.

Oppene Bréif: Convocatioun vun der Police judiciaire wéinst Oppruff zum Haass

E Virfall vum 9. Februar 2021 ëm 9.15 Auer

Oppene Bréif: Convocatioun vun der Police judiciaire wéinst Oppruff zum Haass

Här Parage,

Dir hutt mech nees eemol virgelueden, fir Stellung ze huelen zu folgende Beschëllegungen:

  • JDA 85686 Opruff zum Haass géint eng Grupp vun Persounen op Grond vun hire Originne an op Grond vun hirer Zougehéieregkeet zu enger Relioun, an dësem Fall déi moslemesch Relioun, op der Facebook Säit mam Numm Peters Pierre den 18 November 2020 um 14.09 Auer
  • JDA 82336: Opruff zum Haass op der Facebook Säit mam Numm Peters Pierre den 8 Mee 2020 um 00.17 Auer
  • JDA 85400 Opruff zum Haass géint eng Grupp vun Persounen op Grond vun hire Originne, an engem Bréif deen op den 3 November 2020 datéiert ass, an ënnert anerem un d’Police an d’ITM verschéckt gouf.
    Opruff zum Haass géint eng Grupp vun Persounen op Grond vun hire Originne an Beleidegungen géint Kierperschaften vun der Regierung an vun der Magistratur op der Facebook Säit mam Numm Peters Pierre den 5 November 2020 um 00.33 Auer.

Ech kommen net bei Iech a verweisen op meng schrëftlech Stellungnam vum 24. Abrëll 2020

  1. wéinst der Ustiechungsgefor vum CORONAVIRUS;
  2. Well déi mir hei zu Laascht geluechte Fakte keng Delikter duerstellen, mä arbiträr Interpretatiounen vun der politescher Stëmmung vun eiser politiséierter Justiz sinn.

Wat den Opruff zum Haass ugeet:

Wat fir en Haass? Wou hunn ech zum Haass opgeruff? Wat ass d’Definitioun vun „Haass“? Wat ass d’Definitioun vun „Opruff“ ? Wou hunn ech dat Wuert Moslem oder moslemesch gebraucht?

Ee fir allemol: Ech ruffen net zum Haass géint Auslänner op, well déi eng aner Nationalitéit hunn ewéi ech, oder vun enger anerer Rass wieren. Iwwregens ass et bis haut net wëssenschaftlech bewisen, datt et verschidde mënschlech Rasse gëtt.

Dat Wuert Rassismus oder Auslännerfeindlechkeet gëtt also am allgemengen, mä och vun de juristeschen Instanzen, dem Parquet, de Riichter an der Police, de Journalisten, komplett falsch gebraucht, wat dann och nach lächerlech gëtt, wa se een als Rassist titeléieren, wann et sech bei der sougenannter gehaasste Persoun em e Portugis, Fransous, Belsch, Däitsch asw… handelt.

Ganz schlëmm ass et, wa se Leit dofir als Rassist veruerteelen.

Wéi ech schonns de 24. Abrëll 2020 geschriwwen hat, kämpfen ech haaptsächlech op eng friddlech Manéier géint den Ultra-Liberalissem a seng Agenten déi, ënnert anerem, ouni Récksiicht op mënschlech Wäerter sech net genéieren, Mënschen déi se eran huelen, ausschliisslech als Mëttel zum Zweck, dat heescht, fir en héijere Konsum a méi niddreg Léin, an also fir hiren héchsten, perséinlechen Erdraag, ze gebrauchen esou wéi se och keng Récksiicht pp d’Natur an d’Konsequenzen heivun op d’Mënschen huelen, wann et drëms geet, Profit ze maachen.

Ech hunn nach ni en “Net-Lëtzebuerger” beleidegt oder ugegraff well et en “Auslänner” ass, an déi eenzel “Net-Lëtzebuerger” si jo och meeschtens ganz fein an anstänneg Leit. Mä se profitéiere leider vun engem 2 “legalen” Kader, dee vun internationale Lobbyen a Politiker geschafe ginn ass, deen äis awer als Lëtzebuerger immense Schued schaaft.

Ech sinn also kee Rassist a keen Auslännerfeind, mä wéi ech vun Ufank un ëmmer erëm a mengen ëffentlechen Äusserunge betounen a widderhuelen, ass meng Kritik a meng Feindséilegkeet ausschliisslech politescher Natur.

A grad elo musse mir ënnert der Vermassung vun eisem Land (cf. Milliounestaat) op enkem Raum leiden, net nëmmen, datt duerch déi vill “Awunner” hei zu Lëtzebuerg d’Natur zerstéiert gëtt, doduerch, datt immens vill Land verbaut gëtt, de Verbrauch vun eisen natierleche Ressourcen immens héich ass, mä virun allem elo och nach duerch den Import vum chinesesche Viraus mir all Dag a Liewensgefor bruecht ginn an eis Fräiheet uerg ageschränkt gëtt.

Dat alles gëtt orchestréiert vun den ultra-liberale Lobbyen, déi äis iwwert de Wee vu Bréissel den Dogma vum fräie Wuereverkéier, fräie Persouneverkéier, fräie Kapitalverkéier opzwéngen an deen iwwert de Wee vun eise Politiker sech all Instanzen unzepassen hunn.

Obschonns et mat aller Kloerheet aus menge geschriwwenen a geschwaten Aussoen ervirgeet, datt ech ausschliisslech d’aktuell Wirtschaft a Politik an hier Representanten an Exekutanten ugräifen, kucken d’Geriichter net duerno, mä widderhuelen all Kéier ouni op meng Argumenter anzegoen, ech wier en Auslännerhaasser, an e Rassist a misst duerfir op Basis vum Artikel 454 vum Stroofgerecht veruerteelt ginn.

Do musst Dir Här 1. Policekommissär Parage scho verstoen, datt ech drop verzichten, den 9.2.2021 bei Iech ze kommen. Fir mech stellt Dir ee vun den Exekutanten vun der ultra-liberaler Wirtschaftspolitik duer, dee sech op e Gesetz berifft, dat mëssbraucht gëtt fir der internationaler Finanzlobby ze erlaben, all déi ze eliminéieren, déi hire wirtschaftspolitesche Machenschaften am Wee stinn.

Dat hei ass alles meng perséinlech Meenung an ech misst jo an engem fräie Rechtsstaat d’Recht hunn, déi auszedrécken. Entschëllegt datt dëse Bréif e bësse laang ginn ass, mä dofir gëtt en déi nächste Kéier méi kuerz, dat verspriechen ech Iech.

Mat frëndleche Gréiss
Den 1. Februar 2021
Pierre PETERS

Den Original fannt Dir HEI

Opmaacherbild: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Beleidegung, Beschëllegung, Facebook, fräie Rechtsstaat, Oppene Bréif, Opruff zum Haass, Pierre Peters, Rassismus, Stellungnam
Next post Previous post