Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs
Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit
Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit
Gëschter huet d’Regierung seng Strategie zu den nohaltege Finanzen presentéiert.
D’Mandanten, déi anonym wëlle bleiwen, sinn nawell besuergt. De Grond ass den Nues-Mondschutz, deen ugedoe muss ginn, soubal si an een Zëmmer ginn, wou Kanner sinn.
Dat heescht nämlech, datt si Mond an Nues wärend Stonne verdeckt mussen halen. Soll dat gesond sinn?De Maître mierkt un, datt d’Mandante méi dacks iwwer Kappwéi kloen, si leiden ënner Iwwelzegkeet an si fillen sech net wuel an hirer Haut. Doduerch sinn dës Leit méi séier gereizt.
Natierlech ass och d’Kommunikatioun mat de Kanner duerch d’Droe vun der Mask méi schwéier wéi normalerweis.
Kuerz gesot: Si sinn all onzefridden an der Meenung, datt eng uerdentlech Betreiung net garantéiert ka ginn, well d’Kommunikatioun an d’Wuelbefanne beanträchtegt ass.
Et huet kee Sënn, d’Regierung mécht de ganzen Drama fir näischt.
An dësem informative Bréif gëtt opgelëscht, datt de Staat sech dozou verflicht huet, d’Kanner ze schützen – oder wéie Gesondheetsrisiko Maske sinn. D’Aarbechtsgesetzer gi genee sou wéi zukünfteg Traumaen thematiséiert. Wien do d’Verantwortung iwwerhëlt?
“De Coronavirus ass jo kee béisaartege Killer, deen Dausenden vu Mënschen aus eisem Land ëmbréngt.”
Do stellt een sech natierlech Froen. Schliisslech ass erëm eng ganz Schoul zu Waldbëlleg a Quarantaine.
Net nëmmen infizéiert Persoune sinn Affer vum Coronavirus, och gesond Leit hunn mat psycheschen a physesche Konsequenzen ze kämpfen. Geet et eis dann net all esou? Do ginn d’Meenungen auserneen.
Gutt, Angscht ass villäicht ee schlechte Beroder, mee ass Virsuerg net besser wéi Nosuerg? D’Seensucht no der Normalitéit ass grouss, mee vu näischt kënnt näischt. Och Dokteren, Tankstellenaarbechter, Verkeefer an etlech aner Beruffer mussen sech an hir Matmënsche mat enger Mask schützen. Virun e puer Méint ass vill vu Solidaritéit geschwat ginn – war dat just ee Modetrend?
Wann net, sollte mir eis all op d’Zänn bäissen, hannert der Mask gesäit jo keen dat. Alles gëtt gutt …
An eis Kanner si méi robust a verstänneg wéi geduecht gëtt.
Opmaacherfoto: Nues am Wand – Blog