Search

You may also like

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn
Meenung Neiegkeeten

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi

Foto vun der Woch
Meenung Neiegkeeten

Foto vun der Woch

E schéinen Androck vum Wanter um Gaalgebierg zu Bieles ©

dislike
EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer
Meenung Neiegkeeten

EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer

Dat als „vermuttlech“ Kriibserreegend agestuuft Produkt Glyphosat, huet e Méindeg

Oppene Bréif un de Staatsminister Här Xavier Bettel

Oppene Bréif un de Staatsminister Här Xavier Bettel

An dësem zweete Schreiwes, well d’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg (SLPL) Iech drop opmierksam maachen, dass de Deputéierten Här Sven Clement an Här Marc Goergen mat hirer Partei, Piratepartei Lëtzebuerg, e Verstouss géint de Règlement grand-ducal du 23 décembre 2004 concernant les règles de conduite dans les lycées, gemaach hunn.

Den Här Romain Nehs, Directeur adjoint détaché, fir de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, huet eis am Bréif (Ref: 2019.10/013 – Betreff: Excuse fir de Klimastreik) bestätegt, dass nëmmen Elteren oder den Erzéiungsberechtegte bei mannerjärege Schüler eng Dispens vun de Couren ufroe kann. Déi selwecht Bestätegung hu mir och telefonesch vun der Protection de la Jeunesse kritt.

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass der Meenung dass een dem Här Sven Clement an dem Här Marc Goergen seng politesch Immunitéit ofhuele soll.

D’SLPL veruerteelt kritesch esou eng Virgoensweis vun den Deputéierten déi net den aktuelle Gesetzestexter entsprécht an distanzéiert sech vun esou politesch Praktiken.

An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  • Ass dat Verhale vun den Deputéierte mam Deontologieskodex kompatibel ?
  • Wéi ass et mat der politescher Immunitéit vun engem Deputéierten, gëllt se just nëmmen am Plenum ? (Den Artikel 68 schreift: “Aucune action, ni civile, ni pénale ne peut être dirigée contre un député à l’occasion des opinions émis par lui dans l’exercice de ses fonctions)
  • Wéi vill Excusen u mannerjäreg Schüler sinn vun den Deputéierten an der Piratepartei ausgestallt ginn ?
  • Gett dat Onlineformular dat ëffentlech op der Websäit vun der Piratepartei steet erof geholl ?
  • Wat fir Schrëtt ginn an dësem Kontext géint des Infraktioun ageleet ?
  • Gett eng Ethikkommissioun aberufft ?

Matgedeelt vun der SLPL, d‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: Peggy a Marco Lachmann / Pixabay

Related topics Ethikcomité, Piraten, SLPL, Xavier Bettel
Next post Previous post