Search

You may also like

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt,

Krich, Konflikter, Naturkatastrophen: Iwwer 236 Millioune Mënschen brauchen humanitär Hëllef
International Neiegkeeten

Krich, Konflikter, Naturkatastrophen: Iwwer 236 Millioune Mënschen brauchen humanitär Hëllef

Am Joer 2008 ass de Weltdag vun der humanitärer Hëllef

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)

Nodeems an der Chamber eppes méi kontroverséiert iwwert de Jugendprisong

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau

Bei enger Versammlung vun der russescher Oppositioun sinn iwwer 150 Aktiviste bei enger Razzia verhaft ginn. Ënnert dëse sollen sech och populär Politiker befannen. Journalisten déi iwwert dëse Forum beriichte wollen, sinn zäitweileg an engem Hotel festgehale ginn.

D‘Veranstaltung gouf no 30 Minutte vun der Police fir beendegt erkläert. Hir Missioun: „géint eng a Russland onerwënschten Organisatioun virgoen“. Gemengt ass d‘Organisatioun „Oppent Russland“, déi vum Oligarch (ex Yukos) Mikhail Khodorkovsky gegrënnt ginn ass. Déi „riets“ ausgeriichten Organisatioun, setzt sech an fir Demokratie a Mënscherechter. De Khodorkovsky huet sech no der Haftentloossung an de Westen ofgesat, op der Plaz agéiert elo de Vladimir Kara-Mursa…

Hie gehéiert zu de „populäre“ Politiker déi gëschter vun der Police verschleeft goufen. Nieft him goufen nach den Ilja Jaschin, Andrej Piwowarow an de Jewgeny Roisman (fréie Buergermeeschter vu Yekaterinburg „matgeholl“. Sënn an Zweck vum Forum – ënnert dem Motto: „Kommunaalt Russland“ – war et, en halleft Joer virun de Parlamentswalen (Duma) déi oppositionell Politiker an der russescher Federatioun matenaner ze vernetzen, fir dem Regime seng Muecht ze briechen.

Oppositiounsforum

Zwee Deeg laang, esou de Plang, sollt beim Forum iwwer Strategie berode ginn, wat se maachen ass, fir laangfristeg de Muechtmonopol vum Vladimir Putin an der sougenannter „Kreml-Partei“ ze briechen. Natierlech spillt an dësem Kontext och den Dissident a Kremlkritiker Alexej Nawalny eng iwwergeuerdent Roll. De Forum sollt natierlech genotzt ginn, fir dem rezent an enger Strofkolonie ënnerbruechte politesche Prisonéier „Solidaritéit“ auszedrécken. Dat fält dann elo awer emol aus.

Den Alexej Nawalny, dee no sengem Urteel an dat berüchtegt „Besserungslager II“ iwwerwise gi war, soll dëst awer schonn nees verlooss hunn. Dat zumindest geet aus engem Communiqué vum Dissident sengen Affekoten ervir. Och déi staatlech geleeten Noriichtenagence TASS huet gemellt, datt de politesche Gefaangene an d‘Strofkolonie IK-2 (Pokrow) verluecht ginn ass. Offiziell gëtt dat net bestätegt: „Aus Grënn vum Dateschutz kann den Openthalt net genannt ginn“, esou d‘Justiz…

mat indymedia/mow

Foto: Déi um Forum bedeelegt Persoune goufen ouni Uwennung vu Gewalt matgeholl. Si konnten hir Smartphone behalen, an hunn hir Verhaftung a Bild an Toun dokumentéiert. Et goufen och déi villfälteg sozial Netzwierker genotzt, fir d‘Aktioun vun der Police ze kommemntéieren. (courtesy Alex Kocharov – via Twitter)

Related topics Alexej Nawalny, Mikhail Khodorkovsky, Moskau, Oppent Russland, Oppositioun, Russland
Next post Previous post