Search

You may also like

Cat Power um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten

Cat Power um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
International Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

Bass de prett fir den éischten Trailer zu Avengers: Infinity War?
International Neiegkeeten

Bass de prett fir den éischten Trailer zu Avengers: Infinity War?

Ënnert all de Superheldefilmer sinn d’Avengers-Filmer ëmmer nach eppes ganz

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul

Dem Sultan säi Muechtgeflecht fänkt un Rësser opzeweisen

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul

Si hunn sech et esou gewënscht a sollen et och kréien. Zu Istanbul huet den Oppositiounspolitiker, Ekrem Imamoglu vun der konservativer CHP, d‘Wahle géint den AKP Kandidat Binali Yildirim nach eng Kéier gewonnen. De President Recep Tayyip Erdogan ass „not amused…

Stëmme sinn esouwäit ausgezielt an laut der staatlecher Presseagence Anadolu, huet entfalen op de Kandidat vun der CHP 54%, während de Kandidat vun der Regierungspartei AKP op 45% kënnt. E Resultat dat als „Réckschlag“ fir de President a seng Partei bewäert gëtt. Ëmmerhin hat de Recep Tayyip Erdogan all seng Muecht opgewannt, fir d‘Wahle vum 31. Mäerz widderhuelen ze loossen.

Istanbul

Dat hat ee gudde Grond: zu Istanbul liewen eng 16 Millioune Mënschen, also e Fënneftel vun de Tierken, firwat d‘Wahl vum Buergermeeschter wäit méi wéi nëmmen „lokale Charakter“ huet. Fir den Ekrem Imamoglu ass dës politesch Victoire „en neien Ufank fir d‘Tierkei“. „D‘Awunner vun Istanbul de Ruff vun der Demokratie verdeedegt“, esou den frësch gewielte Buergermeeschter.

Istanbul

Et ass dem tierkesche President bestëmmt net liicht gefall, mee awer huet hien dem Ekrem Imamoglu zu senger Victoire gratuléiert. „Den nationale Wëllen huet sech haut gewisen. Ech gratuléieren dem Ekrem Imamoglu, deen inoffizielle Resultater no dës Wal gewonnen huet“. Och den direkte Géigner Binali Yildirim, huet dem Ekrem Imamoglu zu senger Victoire gratuléiert.

mat indymedia/mow/tlv

Foto: D‘Bierger vun Istanbul hu gëschter bis déif an d‘Nuecht eran, d‘Victoire vum Ekrem Imamoglu, hirem neie Buergermeeschter, zelebréiert. © CHP

Related topics AKP, Binali Yildirim, CHP, Ekrem Imamoglu, Istanbul, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post