Editorial: Wou bleift den Opstand?
Heiansdo geschéie Saachen, do mengs de et géif d‘Leit aus
Heiansdo geschéie Saachen, do mengs de et géif d‘Leit aus
Hënt kuerz no Mëtternuecht, hunn d‘Medien éischt Informatiounen zum dramateschen
Den 3. Original Lëtzebuerger Béier Adventskalenner vu La Punta (mat
déi Lénk setze sech fir eng radikal Entmilitariséierung an a ka sech dofir just dësem Projet widdersetzen. Dës Investitioun ass ëmsou méi onverantwortlech, wëll d’Land grad eng zweet Well vun der Covid-19-Pandemie duerchleeft.
Zum Vergläich: De Konjunkturprogramm „Neistart Lëtzebuerg“, deem säin Zil et ass, déi sech ofzeechnend beispillslos Wirtschaftskris ofzefiederen, profitéieren just vun enger Enveloppe vu 700 Milliounen Euro; fir déi energetesch Sanéierung stellt d’Regierung grad emol 20 Milliounen Euro zur Verfügung. D’Regierung setzt also hir Oprëschtungspolitik wärend der Covid-19-Kris fort ouni sech ze schummen a beweist domat, datt si an de leschten dräi Méint näischt geléiert huet!
D’Pandemie huet kloer gewisen, datt dës Sue besser anzwousch anescht investéiert kéinte ginn: Am Gesondheetssystem, an eng Ëmweltpolitik, déi dësen Numm verdéngt, an een héichwäertegen ëffentlechen Déngscht, an d’Mobilitéitspolitik…
De Gesetzesprojet gëtt iwwerdeems an der leschter Parlamentswoch mat minimaler Diskussiounszäit gestëmmt, also ouni echten Debat. Wann et awer e Projet gëtt, deen eng Diskussioun verdéngt, dann den MRTT mat sengem risege Budget, deem seng Nëtzlechkeet staark bezweifelt ka ginn.
Doriwwer hannenaus ass et een offensiivt militärescht Instrument. Et gëtt genotzt, fir Kampffligeren mat Kerosin fir den Asaz ausserhalb vun der europäescher Grenz ze versuergen.
déi Lénk si géint dëse Projet a fuerderen d’Regierung op, hir Prioritéiten nei ze definéieren an d’Wettrëschten direkt ze stoppen!
Matgedeelt vun déi Lénk
Opmaacherbild © Omar Belattar / Unsplash