Opruff fir d’Bereetstellung vu Wunnengen

D’Associatioun LIFE appelléiert un all Mënschen, déi provisoresch (wéinstens ee Joer) eng Wunneng zur Verfügung stellen an dës am Kader vun der sozialer Locatiounsverwaltung an hirem WG-Projet un si ze verlounen.

Duerch d’Zuel vun den Flüchtlingen, déi schonn een internationale Schutzstatus verfügen an därzäit duerch de schlecht bezuelbare Wunnraum gezwonge sinn, an Ënnerkonften ze liewen, besteet hei dréngenden Handlungsbedarf.

Wann een un d’Flüchtlingen aus der Ukrain denkt, ass et wichteg Wunnkapazitéite fir all gefäerdet Gruppen däitlech ze erhéijen an och d’Entwécklung vun alternative Wunnforme fortzesetzen.

Haut um Weltfraendag ass et wichteg, op déi vill Situatioune vun elengerzéiende Fraen a prekäre Wunnverhältnesser opmierksam ze maachen an dorop hinzeweisen, datt Fraen, déi Affer vun haislecher Gewalt ginn, dacks net wëssen, ewéi si Fraenhaiser verlosse kënnen, fir sech eng eegestänneg Existenz opzebauen.

Zanter Jore sichen ënnerschiddlech Bevëlkerungsgruppen ouni Succès no bezuelbarem Wunnraum. An den Drock op d’Haushalter ass grouss. All Persoun, déi ënnert bessere Bedéngungen ënnerbruecht ass, wäert de ganze System entlaaschten.

Mee fir dëst ze erreechen, brauch LIFE méi Propriétairen, déi hier Wunnenge bezuelbar bereetstellen – am Austausch géint eng Locatiounsgarantie, eng 50% Reduzéierung vun de Steieren an d’Iwwernam vun der Verwaltung duerch de Veräin.

Wann Dir Interessi hutt, kontaktéiert LIFE via Email (maisons@wg-projet.lu) oder Telefon (26532895).

Dernières nouvelles