Search

You may also like

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis
Neiegkeeten

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“
Neiegkeeten

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur
Neiegkeeten

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Der Gesondheetskeess, an domatter der Gesondheet vum an am Land,

Opruff vum STATEC

Beäntwert w.e.g. d‘Froebéi, Statistik ass an enger Krisenzäit immens wichteg!

Opruff vum STATEC

De STATEC fuerdert all Eenzelpersounen, Haushälter a Betriber op, weiderhin op seng Ëmfroen ze äntweren. Mir brauchen Iech méi wéi jee!

D‘Coronavirus-Pandemie (COVID-19) huet den Alldag vu jidderengem op der ganzer Welt verännert. Och an der Krisenzäit assuréiert de STATEC d‘Kontinuitéit vun der statistescher Produktioun, vun den Analysen an vun de wirtschaftleche Studien a versicht d’Gesondheet vu senge Mataarbechter ze schützen. D‘Kommunikatioun mat de Bierger, mat der Regierung a mat der Press bleiwt och an dëse schwieregen Zäiten aktiv.

Am Kontext vun enger sanitärer, sozialer a wirtschaftlecher Kris ass d’Statistik kruzial. Et ass net nëmme wichteg, fir d’Entwécklung vun der Unzuel u Patienten a Spidolsbetter ze iwwerwaachen a virauszegesinn, mä och, fir d‘Auswierkunge vun der Pandemie ob d‘Liewensbedingunge vun de Bierger an d‘wirtschaftlech Aktivitéit vum Land ofzeschätzen. Statistesch Donnéeën erlaben et der Regierung di néideg Moossnamen ze ergräifen, fir der Situatioun kënnen entgéint ze stoen. De STATEC braucht aktuell, präzis an zouverlässeg Daten, fir zukünfteg Previsiounen an dësem bis elo onbekanntem Kontext erstellen ze kënnen.

Ëmfroen, déi sech ob perséinlech Interviewe baséieren, si fir den Ament suspendéiert. Dir kënnt awer weiderhin iwwert den Internet oder den Telefon op Ëmfroen äntweren. De STATEC seet Iech villmools Merci fir Är Zesummenaarbecht. Mir zielen ob Iech fir ons Missioun weider erfëllen ze kënnen an Iech een detailléiert, zouverlässegt an objektiivt Bild vun der lëtzebuergescher Gesellschaft ze liwweren.

Bei Froe riicht Iech w.e.g. un info@statec.etat.lu

matgedeelt vum STATEC

Illustratioun: © Stephen Dawson / unsplash

Related topics Analys, Ëmfroen, Froebéi, Statec, Statistiken
Next post Previous post