Search

You may also like

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
International Meenung Neiegkeeten Sport

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

Britescht Duerchhalverméigen am Ausdauertest
International Meenung Neiegkeeten Sport

Britescht Duerchhalverméigen am Ausdauertest

D’Summerlach kann déitlech sinn. Et ass fir d’Journalisten duerchaus déi

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“
International Meenung Neiegkeeten Sport

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

An der Affär ëm dat ominéist Telefonsgespréich tëscht dem US-President

Kommentar zum Optakt vun den olympesche Spiller

Olympesch Spiller sollen onpolitesch sinn an d‘Länner vun der Welt zesummeféieren, esou den eigentleche Gedanken hannert Olympia

Kommentar zum Optakt vun den olympesche Spiller

Nach virun engem Joer huet den IOC-President Thomas Bach gemengt, datt wien sech als Athlet géif erlaben de Knéi op de Buedem ze setzen, mat gehéierleche Sanktioune rechne sollt. D‘Spiller „Tokyo2020“ hu längst ugefaangen, och wann haut déi offiziell Erëffnung ass, an et hunn scho Fussballspillerinnen et gewot de Knéi op de Buedem ze setzen, dat als Zeeche vum Protest. An d‘Sanktioune sinn ausbliwwen. De Grond: fir ee Skandal ze verhënnere goufen nei Richtlinnen ausgeschafft, mat deenen de Verbuet seng Meenung auszedrécken „opgeweecht“ ginn ass.

Esou ass et neierdéngs den Athleten erlaabt, sech och géintiwwer Medien „politesch“ auszedrécken. Si dierfen hir Meenung an de soziale Medien oppen ausdrécken an esouguer Kleedung mat „Messagen“ undoen. Wéi kënnt et zu dësem Sënneswandel? Et ass tatsächlech net esou, datt den IOC sech mat demokratesche Wäerter géif identifizéieren, hei geet et emol Grondsätzlech nëmmen ëm de Goss. Et geet ëm Milliarden, déi awer nëmmen dann och fléissen, wann d‘Haaptacteuren d‘Spill matmaachen. De Problem: Athleten denken zuweile fir sech selwer, an hunn Usiichten.

Den IOC, an deem et räichlech Fonctionnairen aus Diktaturen an autokratesch gefouerte Länner huet, kann a wëll sech net fir Mënscherechter an/oder fräi Meenungsäusserung asetzen. Géif den IOC dat maachen, kéint et sinn datt China a Russland, eventuell och vill arabesch Natiounen (hei dann awer aus reliéise Grënn) sech vun de Spiller géifen distanzéieren. A wann d‘Sanktiounen elo gefall sinn, esou wäert de Protest méiglechst kleng gehale ginn, an de Publikatioune vum IOC, wéi am olympesche Musée wäert een nach laang op d‘Biller vu Mexiko 1968 waarden dierfen.

Deemools zu Mexiko, haten den Tommie Smith an de John Carlos, bei der Éierung d‘Fauscht mat der schwaarzer Händchen (Black-Power-Mouvement) gehuewen. Si goufe vum IOC ausgeschloss, hir sportlech Leeschtungen an Nimm aus de Regëster gestrach. Elo also „muss et goen“, mee den IOC huet d‘Social-Media Team ugewisen, keng Biller ze verëffentlechen, déi als eng Form vu Protest kéinte verstane ginn. Journalisten déi de Protest zum Haaptthema maache sollten, ginn observéiert a dierften sech bei zukünftegen Accreditatiounen net iwwert eng Ofso wonneren.

Illustratioun: © IOC

Related topics Internationalen Olympesche Comité, IOC, Meenungsfräiheet, Olympia, Protest, Sanktiounen, Tokyo2020, Zensur
Next post Previous post