Search

You may also like

dislikemoney
Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
Neiegkeeten

Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht

Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen
Neiegkeeten

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux, déi gréissten Transport-Fluchgesellschaft an Europa, flitt zanter dem 1.

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!
Neiegkeeten

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!

Zesumme mat der Lëtzebuerger Band Scarlet Anger organiséiert d’Kulturfabrik um

Eng optiméiert Liewensmëttelsécherheet fir Lëtzebuerg

D'Regierung geet bei der Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv méi wäit

Eng optiméiert Liewensmëttelsécherheet fir Lëtzebuerg

Um Dënschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an den Akerbau-, Wäin- a Konsumenteschutzminister sech der Finalisatioun vun engem Gesetz zougewennt. Dëst soll zou enger besserer Effizienz an Transparenz am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet a -qualitéit féieren.

Et ass allerdéngs och en Uleies vun der EU. De Gesetzprojet 6614 déngt an éischter Konsequenz der Ëmsetzung vun enger Direktive. Woubäi d‘Lydia Mutsch an de Fernand Etgen nach ee klenge Schratt méi wäit ginn. Am Gesetz sinn dann och nach Mesurë virgesinn, déi ee Kontrollsystem an entspriechend Sanktiounen enthalen.

De Schutz vun der Gesondheet

Béid Minister waren dann och sichtlech frou, datt de Regierungsrot déi 14 Amendementer vum Gesondheetsministère ugeholl huet. Den Zweck heivunner ass et, Kloerheet fir d‘Autoritéiten ze schafen, an esou d‘Kontrollen, d‘Hygiène an d‘Qualitéit vun de Liewensmëttel ze optimiséieren. D‘Moossname bréngen dann och méi Effizienz an Transparenz, wat an éischter Linn dem Konsument déngt awer och den Entreprisë Sécherheet bitt.

Fir zu dëser Erkenntnes ze gelaangen, hate béid Minister en Audit an Optrag ginn. Deen huet sech an enger éischter Phas mat der Qualitéit vun den Servicer ausenaner gesat. De Kontrolleren an Analysten ass eng gutt Kompetenz bescheinegt ginn. Datt sech all déi Leit an de verschiddene Servicer kennen, ass do natierlech och ee grousse Virdeel.

Well awer alles ka besser sinn, erginn sech aus dem Audit och e puer Verbesserungsvirschléi. Dozou gehéiert d‘Zesummeleeë vun de verschiddene Servicer an d‘Aféiere vu Sanktiounen. Déi sollten esouwuel penaler wéi administrativer Natur sinn. Ganz wichteg wier et dann nach den „droit interne“ den europäesche Richtlinnen an dëser Matière unzegläichen. Deene Proposen ass sech ugeholl ginn a ginn elo ëmgesat, fir dat sech de Konsument keng Suerge méi muss maachen.

Dorausser ergëtt sech:

  1. D‘Reorganisatioun vun de bestoende Strukturen. Aktuell sinn verschidden Administratioune fir d‘Liewensmëttelsécherheet zoustänneg. Dorënner: d‘Divisioun vun der Liewensmëttelsécherheet, d‘Administratioun vum Veterinärsdéngscht, d‘Administratioun vun den technesche Servicer vun der Agrikultur an den Organisme fir d‘Sécherheet an d‘Qualitéit vun der Liewensmëttelketten (OSQCA). Déi Servicer sollten am Idealfall op enger Plaz zesummegeluecht ginn.
  2. Am Kader vun der Reorganisatioun vun de Kontrollen, gëtt de Poste vun engem Regierungskommissär opgemaach. Deem seng Aufgab soll et zukünfteg sinn d‘Operatiounen ze koordinéieren. Hie kritt zugläich d‘Verantwortung iwwert d‘Qualitéit, d‘Hannerzéiung an d‘Sécherheet. Attributiounen déi virdrun an de Beräich vun OSQCA gefall sinn.
  3.  Zukünfteg soll et eng gemeinsam Datebank fir all déi betraffen Acteure ginn. D‘Servicer musse mam CTIE kucke fir hir Donnéeën zesummegeluecht ze kréien. Eng Demarche déi Prioritéit huet.
  4. D‘Prozedure vun de Kontrolle mussen harmoniséiert ginn. Ee Comité de „Pilotage“ presidéiert vum Kommissär suergt fir den Oflaf an d‘Abannung vun den engagéierten Acteuren. Nieft der Harmonisatioun vun de Kontrolle, ass et wichteg och an der Kommunikatioun, besonnesch am Krisefall oder enger Alerte mat enger Stëmm ze schwätzen. De Comité huet dann och d‘Aufgab déi technesch Besoinen ze evaluéieren.
  5. Ageriicht gëtt och ee Kontrollsystem a wierksam, wéi dissuasiv Sanktiounen, déi sech no den europäesche Virschrëfte riichten. Alles am Beräich vun Hygiène an der Qualitéit.
  6. Fir en héijen Niveau vun Transparenz sécherzestellen, sollen d‘Resultater vun de Kontrollen ëffentlech gemaach ginn. Dës Mesure ass geduecht fir dem Konsument e gréissert Vertrauen an den Dispositif vun der Qualitéit ze ginn. Och soll esou eng Dynamik bei den Entreprisen entstoen, déi eng Verbesserung am Liewensmëttelsecteur soll bréngen.

 

Related topics Fernand Etgen, Gesondheet, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch
Next post Previous post