Orange Week 2021: Aktioune géint d’Gewalt u Meedercher a Fraen

Och an dësem Joer sinn zu Lëtzebuerg nees eng Rei Initiativen an Evenementer am Kader vun der Orange Week virgesinn.

Déi orange Aktiounswoch verfollegt d’Zil géint Gewalt u Meedercher a Fraen unzekämpfen. Säin Ufank hëlt d’Orange Week de 25. November (am Kader vum internationalen Dag zur Eliminéierung vu Gewalt géint Fraen) an dauert bis den 10. Dezember (internationalen Dag vun de Mënscherechter).

An dësem Kader organiséiert d’Stad Lëtzebuerg folgend Aktiounen:

Eng Mënscheketten fir d’Solidaritéit
Donneschdes, de 25. November 2021 um 12 Auer virun der Stater Gemeng um Knuedler
Persounen déi deelhuele wëllen, sollen en oranget Kleedungsstéck oder Accessoire matbréngen.

D’Stad Lëtzebuerg liicht orange
Vum 25. November bis den 10. Dezember 2021
D’Stater Gemeng, d’Villa Vauban, de Groussen Theater an de Waassertuerm um Ban de Gasperich wäerte wärend dësem Zäitraum orange beliicht sinn.

Filmprojektioun mat uschléissender Diskussiounsronn
Donneschdes, den 2. Dezember 2021 um 18:30 Auer an der Cinémathéik
Gewise gëtt de Film „Ne dis rien“ Te doy mis ojos, Originalversioun mat däitschem a franséischem Ënnertitel). Uschléissend luet d’Associatioun „Femmes en Détresse“ op eng Diskussiounsronn an. Méi dozou fannt Dirop www.cinematheque.lu.

Weider Informatiounen zur Orange Week ginn et op www.cnfl.lu a www.facebook.com/letzsayno/

Dernières nouvelles