Search

You may also like

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu
Neiegkeeten

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler

Staatsentreprise musse sozialverdréiglech agéieren
Neiegkeeten

Staatsentreprise musse sozialverdréiglech agéieren

Et war ugekënnegt an et gouf och duerchgezunn: de Protestpiquet

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen
Neiegkeeten

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen

D‘Partei vum regéierende Ministerpresident ass no der no der Auszielung

Orange Week: Diddeleng geet mam gudde Beispill vir

Orange Week: Diddeleng geet mam gudde Beispill vir

Wéi all Joer bedeelegt sech d‘Stad Diddeleng (wéi vill aner Gemengen och) zesumme mat sengem Gläichstellungsdéngscht vum 25. November bis den 10. Dezember un der „Orange Week“. Fir dës Sensibiliséierungscampagne schaffen si enk mat der Fondatioun „Pro Familia“, déi jo bekanntlech hire Sëtz zu Diddeleng huet.

Bei derr Orange Week handelt et sech eng vun de Vereenten Natiounen initiéiert Campagne déi op d‘Gewalt géintiwwer Frae wëll opmierksam maachen. Déi Diddelenger Campagne leet dëst Joer de Schwéierpunkt op déi haislech Gewalt, déi och verstäerkt géint Frae geriicht ass. Aus dësem gudde Grond ass dann och de Psychosozialendéngscht mat an d‘Boot geholl ginn.

Bezunn op déi zu Lëtzebuerg zougänglech Statistiken, sinn an den allermeeschte Fäll wou et zur haislecher Gewalt kënnt, d‘Affer Fraen. Hei sinn dann och all Altersklasse betraff, an et gëtt kee „Milieu“ oder „Communautéit“ déi dovunner verschount wier. An esou wäerten an den nächsten Deeg d‘Awunner vun Diddeleng op dëse gesellschaftleche Problem opmierksam gemaach ginn.

Als éischt erhält esou all Menage vun der Stad Diddeleng eng Broschür mat alle wichtegen Informatiounen zur a ronderëm déi haislech Gewalt. D‘Broschür enthält zudeem d‘Kontaktdate vun de verschiddenen Déngschter déi hei hëllefe kënnen. Doriwwer eraus soll eng grouss Aktioun via déi Sozial Netzwierker lancéiert ginn, déi Erklärungen zur Orange Week enthalen.

Illustratioun: © UN Women

Related topics Diddeleng, Gläichstellungsdéngscht, haislech Gewalt, Orange Week, Pro Familia, Psychosozialendéngscht
Next post Previous post