Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur

Dat déi Escher „Nuit de la Culture“ war wéinst der

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst
Neiegkeeten

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst

E Gesetz iwwert d‘Schoul vergësst all Dispositiounen iwwert d‘Sécherheet vun

Amerika zelebréiert de 4. Juli
Neiegkeeten

Amerika zelebréiert de 4. Juli

Dat de 4. Juli an den USA a gewësser Mooss

Orange Week: All zesumme géint d‘haislech Gewalt

Orange Week: All zesumme géint d‘haislech Gewalt

Am Kader vun der Orange Week, déi vum Ministère fir Chancëgläichheet an der Lëtzebuerger Sektioun vun Zonta International, tëscht dem 19. a 26. November organiséiert gëtt, huet sech d‘Ministesch Lydia Mutsch um Donneschdeg der Konferenz „Den Danz zu Zweet vun de Koppelen“ ugeschloss.

Eng Konferenz déi op Initiativ vun de Stëftunge ProFamilia an Haus vun der Oppen-Dier an a Kollaboratioun mat der BIL stattfonnt huet. Der haislecher Gewalt entgéintzetrieden, heescht och sech „Amëschen“. Eng oft grenzwäerteg Situatioun déi och Iwwerwannung verlaangt, zemools d‘Konsequenze wäit iwwer de legale Kader erausginn.

D‘Ministesch ass an hirer Ried dann och éischter op d‘Preventioun agaangen. Déi wier en essentiellen Aspekt am Kampf géint d‘Gewalt am grousse ganzen, a bei der haislecher Gewalt ganz besonnesch. D‘Lydia Mutsch huet dann och ënnerstrach, datt et zanter 2013 zu Lëtzebuerg eng Tendenz zur Baisse vun den Ausweisunge vun den Täter vun haislecher Gewalt komm ass.

An dat obwuel d‘Interventioune vun der Police, wéinst haislecher Gewalt, sech weider op héijem Niveau halen. Datt manner „Gewalttäter“ aus der Wunneng erausgehäit ginn, kéint, esou d‘Usiicht vun der Ministesch, dorunner leien, datt déi verschidde Campagnen zur Sensibiliséierung an Informatioun hir Friichte géifen droen.

Trotz dësem Constat vun der Ministesch fir Chancëgläichheet, rifft Si op wuechtsam ze bleiwen an d‘Ustrengung héich ze halen. Dat ass dann och u sech Sënn an Zweck vun der „Orange Week“ déi iwwer 40 Organisatiounen, ONGen, Entreprisen an ëffentlech Institutiounen zesummebréngt. Si all wëlle weisen, datt si sech mat den Affer vun haislecher Gewalt solidariséieren.

De 25. November ass den „Internationalen Dag fir d‘Ausradéiere vun der Gewalt géint Fraen“. Mee bei de Vereenten Natioune gëtt gefuerdert, datt de 25. vun all Mount vum „Orange Day“ soll ausgeruff ginn. Op een elo der Gewalt géint Fraen a Meedercher mat enger dediéierter Woch, wéi hei zu Lëtzebuerg, oder all 25. vun all Mount, reell a nohalteg ka begéine léisst sech esou net bestätegen.

Related topics Lydia Mutsch, Orange Week, Zonta Lëtzebuerg
Next post Previous post