Search

You may also like

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren
International Neiegkeeten Stories

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm

Algerien: Parlament opgeléist, Neiwalen ugekënnegt
International Neiegkeeten Stories

Algerien: Parlament opgeléist, Neiwalen ugekënnegt

Den algeresche President Abdelmajid Tebboune an enger Usprooch op der

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?
International Neiegkeeten Stories

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass

Organisatiounsdefiziter bei Frontex

Europäesche Rechnungshaff stellt fest: d‘EU-Grenzschutzagentur geet net wierksam géint illegal Awanderung a grenziwwerschreidend Kriminalitéit vir

Organisatiounsdefiziter bei Frontex

Wann ee sech op de Sonnerbericht vun den Experte vum Europäesche Rechnungshaff (ECA) bezitt, huet et bei Frontex net nëmmen ethesch a moralesch Defiziter, mee och soss schéngt een et an dëser Institutioun mat senge Missiounen net esou genee ze huelen. Den ECA awer zielt net d‘Affer déi et duerch d‘Frontex dat zäitlecht seenen, mee d‘Geld a préift wéi et agesat gëtt.

D‘Frontex, esou d‘Rechekënschtler, géif net dee vun hir erwaarte Beitrag leeschten. Weder bei der Bekämpfung vun der illegaler Awanderung, nach de grenziwwerschreidender Kriminalitéit. Zanter der Flüchtlingskris (2015-16) gouf des Agence massiv ausgebaut. Et war geduecht déi heldenhaft Ritter zur Verdeedegung vun der „Festung Europa“ anzesetzen. Ausser Misär a Gewalt huet dëse Veräin dann allerdéngs wéineg Opweises.

Laut dem Sonnerbericht, gëtt dës Agence ganz offensichtlech vu Idiote geleet. En Attribut deen, wa se net emol Amstand sinn een vollstänneg an aktualiséiert Situatiounsiwwersiicht iwwert d‘Lag un den EU-Baussegrenze virzeleeën, esou wuel stëmmeg dierft sinn. Et huet net emol Berichter zur Wierksamkeet vun den Asätz an deen dorausser entstoende Käschten. Och administrativ ass ee bei Frontex éischter schlecht opgestallt…

Dobäi geet d‘EU-Kommissioun jo awer éischter labber mat senger Trupp u Kläpper a Schléier ëm. Si dierf sech – wéi dat jo och fir d‘Privatwirtschaft entscheet gouf – selwer kontrolléieren, sollt hei awer scho reegelméisseg en Aktivitéitsbericht virleeën. Mee och extern Auditioune gëtt et aus wuel ganz gudde Grënn éischte seelen. De leschten Audit war 2015… Hei dann awer nëmmen d‘Agence mat den Oueren ze huele wier onfair.

Generellt europäescht Versoen

Sécher huet et bannent Frontex zolidd Problemer, mee d‘Versoen ass generell a politesch bestëmmt esou och gewollt. Esou ass ersiichtlech: 1) Frontex informéiert d‘Entscheedungsdréier net esou wéi dat misst sinn; 2) d‘Länner stellen déi erfuerderlech Informatiounen net zur Verfügung a wann, da sinn dës mannerwäerteg oder onvollstänneg. Dat mat der Kommunikatioun ass awer ee Klassiker.

Den däitsche Chef vum Europäesche Rechnungshaff, Klaus-Heiner Lehne, ee konservative Jurist aus de Reie vun der CDU, warnt virum Rateschwanz deen d‘Defiziter no sech zéie kéinten. Dës Agence soll jo bis 2027 weider massiv ausgebaut ginn, d‘Zuel vu de gewaltbereete Sadiste soll jo vun 1.500 op 10.000 Eenheete gehéicht ginn. An déi musse jo wuel och alleguerte bezuelt ginn.

Firwat et iwwerhaapt noutwenneg ass esouvill Raudien un de Baussegrenzen ze placéieren, dat beschäftegt de chrëschtlechsozialen ECA-President net. Et huet awer ee gudde Grond: Europa verhandelt mat Staaten, fir d‘Autorisatioun ze kréien, hir Grenzkontrollaufgaben ze iwwerhuelen. Esou stellt ee sécher, datt d‘Informatioun sech nach besser zeréckhale loossen, mee dat kascht…

Wat eis ubelaangt, esou musse mir eis net virun de Stuermtruppe vu Frontex a Sécherheet bréngen, an et bleift och weiderhinn esou, datt de Schutz vun de Grenzen, banne wéi baussen der Unioun, vun de Memberlänner souverän ausgeüübt gëtt. Frontex sollt, esou emol den initiale Gedanken, d‘Gestioun vun de Baussegrenzen assuréieren an national Grenzschützer effizient ënnerstëtzen.

Brong Essenz fir eng nei Weltuerdnung

De Chef vu Frontex, Fabrice Joël Roger Leggeri, ee Spëtzeprodukt vun der franséischer Eliteschoul ENA, gouf widderholl als „komesch inkompetent“ bezeechent an et huet méi Leit am EU-Parlament déi längst säi Récktrëtt gefuerdert hunn. Vu Mënscherechter hält de rietskonservative Beamte mam Charisma vun engem libesche Refugié-camp, wéineg. Et „ass keng Prioritéit“, esou de Leggeri.

Et dierft een, esou awer de Frontex-Boss, net ëmmer alles direkt iwwerbewäerten. Gutt et huet am Dezember 2020 eng Razzia vum „OLAF“ an de Büroe vum Fabrice Leggeri an senger lénker Hand, Thibauld de La Haye Jousselin ginn, well béid sech perséinlech sollen an engem Fall vu Feelverhale géintiwwer Flüchtlingen/Migranten abruecht hunn. Et geet ëm déi oft zitéiert Push-Back Aktiounen.

Vu Paräis heescht dann och, datt dës zwee verdéngt Beamten, sech hirer Missioun mat vill Häerz a Wäitsiicht, bezunn op de Schutz vun der grousser europäescher Famill, asetzen. Ee Feelverhale géif een net erkennen, d‘Medieberichter laut deene Frontex – ouni anzegräifen – nogekuckt soll hu wéi griichesch Grenztruppe Schlauchbooter/Rettungsinselen zréck an d‘Mir gedrängt hunn, wiere aus bestëmmte Grënn iwwerzunn an hätte just zum Zweck, d‘Grenzschutzagentur ze diskreditéieren.

D‘Recherche vun diversen europäesche Medien, d‘Videoen an d‘Rapporte vun den Associatiounen, wou sech am Mëttelmier fir d‘Rettung vun de Mënschen an hire bedenklechen Transportmëttel asetzen, sinn allerdéngs als „Beweis“ erdréckend. Dräi ONGen (Front-Lex, Progress Lawyers Network an Helsinki Monitor) hu beim EuGH zu Lëtzebuerg eng Plainte géint d‘Frontex wéinst Mënscherechtsverletzungen agereecht. An och soss huet et vill juristesch Aktioune géint Frontex.

mat indymedia/bru/lux/ath/waw

Annex:

Related topics Asylpolitik, Awanderung, Defiziter, EU-Rechnungshaff, Frontex, Mënscherechter, Migratioun
Next post Previous post