Search

You may also like

Weltdiabetikerdag 2020: Méi wéi 30.000 Lëtzebuerger si betraff
Neiegkeeten

Weltdiabetikerdag 2020: Méi wéi 30.000 Lëtzebuerger si betraff

Am Kader vum Internationale Joer vun den Hiewanen an Infirmieren erënnert

Ouni Pass kënns Du net méi op d‘Insel
Neiegkeeten

Ouni Pass kënns Du net méi op d‘Insel

D‘Iwwergangsphas vum Brexit ass gedoen a Groussbritannien als EU-Bierger besichen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Organspenden an der Covid19-Pandemie… (Kommentar)

Am Kontext vun der sanitärer Kris ginn an der Europäescher Unioun wesentlech manner Organer gespend wéi et wënschenswäert ass, Lëtzebuerg ass do keng Ausnam

Organspenden an der Covid19-Pandemie… (Kommentar)

Wann et sécher richteg ass, datt zu Lëtzebuerg an de leschten zéng Joer keng Greff méi gemaach ginn ass, esou sinn awer bei eis am Land Organer gespend ginn, déi anerwäerts engem Mënsch e weiderliewen erméiglecht hunn. Dorëms këmmert sech bei eis „Luxembourg Transplant“, déi dës Organspenden iwwert de Reseau Eurotransplant u Patiente weiderleet, déi dës dréngend brauchen.

Zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie, wou d‘Spideeler an der Unioun sech op de Virus ze konzentréiere schéngen, sinn erhieflech manner Transplantatioune virgeholl ginn. Et sinn awer och wesentlech manner Organer entholl ginn, esou Luxembourg Transplant. D‘Organisatioun huet bestätegt datt de Gesondheetsministère, dës Aktivitéit wärend dem Lockdown ënnerbonnen hat.

Elo ass et natierlech wichteg uecht ze doen, datt weder Spender nach Empfänger infizéiert sinn, mee datt tëscht Mäerz a Juli keng Spende konnten ugeholl gi scho problematesch. Luxembourg Transplant bestätegt, datt ab Juli nees konnt „operéiert“ ginn, woubäi d‘Spender am Virfeld ëmmer op de Covid19 getest goufen. War dësen negativ, ass d‘Prozedur wéi gewinnt duerchgefouert ginn.

Vill Zäit huet keen

Mam opkomme vun der sougenannter zweeter Well, huet Luxembourg Transplant senge Membere spezifesch Recommandatiounen zoukomme gelooss. Natierlech gehéiert dozou de Covid19-Test, woubäi et scho vu Virdeel wier, wann d‘Internetsäit vu Luxembourg Transplant eppes méi resilient wier, an dës liicht kéint zougänglech maachen. Et wier och vu Virdeel, wann een dëser jo awer wichteger Organisatioun kéint un d‘Häerz leeën, datt et zu Lëtzebuerg dräi offiziell Sproochen huet.

Wa jo gewosst ass, datt d‘Spend vu gesonden Organer nach ëmmer komplizéiert ass, firwat dës dann och éischter rar sinn, ass et wichteg gutt a verständlech ze kommunizéieren. Sech doriwwer ze bekloen, datt e Patient aus Lëtzebuerg an der Belsch bis zu fënnef Joer op d‘Organspend waarde muss (Wat erkläert firwat et zanter 10 Joer keng Transplantatiounen zu Lëtzebuerg ginn huet) ass dat eent. Besser ass et mat de Mënschen (déi streng geholl all Spender sinn) direkt ze schwätzen.

A wann een sech dann nach virstelle kann, datt déi meescht Mënschen ebe keng fënnef Joer op en neit Organ waarde kënnen, kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt bei Luxembourg Transplant eppes Onrou opkënnt. Anersäits géif den Ament och eng „besser Kommunikatioun“ den eigentleche Problem net léisen. Enger Persoun déi „Gehirdoud“ ass en Organ ze enthuelen ass mat immensem Opwand verbonnen. Zäit déi et zur Stonn an kengem Spidol huet, vun de Better net ze schwätzen.

Et sollt een eppes maachen…

Datt sech d‘Situatioun am Kontext vun der Organspend net esou séier wäert berouegen, huet dann awer och domadder ze dinn, wéi déi sanitär Kris geréiert gëtt. Et gouf jo scho widderholl vun der Oppositioun gefuerdert ee Spidol fir d‘Covid19-Patienten ze „reservéieren“, fir datt och all déi aner Pathologie kënne weider behandelt ginn, statt datt Operatiounen op „iergendwann“ verluecht ginn.

Géif een dës Approche zumindest emol an d‘Iwwerleeunge vun alle Mesuren am Kontext vun der Covid19-Pandemie afléisse loossen, hätt et Ausweechméiglechkeeten. Esou e System anzeféiere géif dann awer net all d‘Problemer vu Luxembourg Transplant léisen an och de Retard léist sech elo net méi ophuelen. Säitens dem Gesondheetsministère gëtt et dozou bis haut keng Stellungnam.

Et wier ze begréissen, wann ee vu lauter „Coronavirus“ net géif vergiessen, datt et nach vill aner Krankheete gëtt an d‘Organspend eng wichteg Domaine vun der haiteger Medezin ass. Streng geholl erzwéngt dës sanitär Kris elo schonn d‘Prioriséierung bei de Soinen. Et géif eis awer gutt zu Gesiicht stoen, wann een déi „aner“ Patienten net géif vergiessen, besonnesch an dësen Zäiten…

Illustratioun: © Natanael Melchor / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Eurotransplant, Luxembourg Transplant, Organspend, Sanitär Kris
Next post Previous post