Search

You may also like

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster
Neiegkeeten

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster

De President vun der Chamber huet um Muere vum 20.

US-Wahlkampf geet op en Enn
Neiegkeeten

US-Wahlkampf geet op en Enn

Muer Dënschdeg 3. November 2020: an den USA hunn kënnen

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn
Neiegkeeten

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn

D’Restriktioune beim Reesen an d’Annulatioun vu ville Manifestatiounen hunn den

D‘CSV fuerdert eng Orientéierungsdebatt an der Gesondheetspolitik

D‘CSV fuerdert eng Orientéierungsdebatt an der Gesondheetspolitik

Nodeems d‘Regierung widderholl affirméiert huet, d‘Alternativen zur klassescher Hospitalisatioun fërderen ze wëllen, Offeren déi eng Ambulanz doheem oder intermediaire Strukture begënschtegen ze ënnerstëtzen, fuerdert d‘Oppositioun an der Chamber eng Orientéierungsdebatt.

Bei dëser Aussprooch misste folgend Punkten ugeschwat ginn:

  • d‘Offer vun der Hospitalisatioun doheem, d‘Schafe vu Soin-Strukturen oder aneren intermediaire Strukturen (Wéi en Typ vu Struktur, Konzept, Personal, Formatioun an finanziell Ureizer);
  • déi medezinesch Praxis am Grupp an Diszipliniwwergräifend, wéi och d‘Kollaboratioun tëscht dem Spidolssecteur an dem ausserspidolesche Secteur;
  • d‘Reevaluatioun an déi eventuell Upassung vun der Lëscht vun de Kompetenzzentren;
  • d‘Konventionéierung vum Secteur vun de privaten Ambulanzen an d‘Organisatioun vun de sekundären Transporter (Zum Spidol an nees Heem);
  • d‘Organisatioun an d‘Ëmsetzung vun der Proximitéit-Pediatrie;
  • den Arrêt vum Verfassungsgeriicht an d‘Fro vun der Aféierung vu private Cabineten zur Ausféierung vun der Magnéitresonanztomographie (MRT).
Related topics Chamber, CSV, Gesondheetspolitik, Krautmaart, Orientéierungsdebatt
Next post Previous post