Search

You may also like

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz
International Neiegkeeten

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz

De Lycée Privé Emile Metz (LPEM) bitt ab der Rentrée

money
Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft
International Neiegkeeten

Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft

D‘Mäert hu gewarnt an Alarm geschloen, gehollef huet et näischt.

Däitschland tëscht Frust a Roserei
International Neiegkeeten

Däitschland tëscht Frust a Roserei

De konservative Gesondheetsminister huet gëschter eppes vun „Tage der Zuversicht“

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik

Déi amerikanesch Virgin Islands an eng ganz Rei weider Territoiren an der Karibik waren um Dënschdegowend an d’Hänn vum Orkan Maria geroden. Brutal Loftstéiss an onmoossege Reen war alles wat e matbruecht huet. Elo ass den Orkan ënnerwee a Richtung Puerto Rico, nodeems e virdrun op der Guadeloupe de Leit d’Leed bruecht hat.

Mat der Insel St. John, déi sech nach net vum Orkan Irma erholl huet, schéngt Maria et verhältnesméisseg „gutt“ gemengt ze hunn. Den Orkan vun der Klass 5 huet mat Wandspëtzte vun 270 Km/h d’Beem gebéit an en zimleche materielle Schued ugeriicht. Affer soll et op der klenger Insel awer net ginn hunn.

D’Insel ass am Moment vum Rescht vun der Welt ofgeschnidden.

Déi fréier Senatorin vun der Insel St. Croix, Judi Buckley, hat säin Doheem zu South Carolina verlooss fir op St. John beim Opbau nom Irma ze hëllefen. Si stoung um Dënschdeg dem Maria géinteniwwer. „De Ree fält ‘horizontal’ an d’Beem béien sech dem Bueden entgéint“, huet si der AFP erkläert. „Mir den Hëllefszenter fir eis Bridder a Schwëstere vu St. Croix. Mir dierfen net noloossen“. Méi fréi am Dag hat den Orkan schonn an der dominikanescher Republik seng Kraaft entfaalt. D’Insel ass am Moment vum Rescht vun der Welt ofgeschnidden. „Mir hunn alles verluer wat d’Geld ka kafen an ersetzen“ huet de Premierminister Rosselvelt Skerrit op Facebook matgedeelt.

Oniwwersiichtlech Situatioun

Nëmmen eng Handvoll Awunner konnten de Message iwwer Radio weiderleeden. Si hunn eng chaotesch Situatioun beschriwwen. Op der Insel wou eng 72.000 Mënsche wunnen, sinn d’Been entwuerzelt an d’Diech vun den Haiser fortgeflunn. Wéinst den „ongënschtege“ Wiederkonditioune sinn zwou Rettungsmissiounen op e Mëttwoch verluecht ginn.

Den Orkan zitt weider an d’Richtung vun den Inselen, déi schonn d’Affer vum Irma waren.

Den Orkan Maria, deen als „potenziell Katastrophal“ vun den amerikanesche Meteorologe bezeechent ginn ass, huet op der Guadeloupe zwee Doudeger hannerlooss. Zwee weider Mënsche ginn nach vermësst. Den Orkan zitt weider an d’Richtung vun den Inselen, déi schonn d’Affer vum Irma waren.

Puerto Rico misst déi éischt Statioun vum Maria ginn. Op dëser amerikanescher Insel, wou nach gutt 50.000 Mënschen ouni Stroum mussen eens ginn, huet de Gouverneur Ricardo Rossello Nevares d’Léit opgeruff d’Geforenzonen ze evakuéieren. Den Orkan, deen als dee schlëmmste vum Joerhonnert ugesi gëtt, soll d’Insel um Mëttwoch erwëschen.

mat AFP

Foto: Den 19. September huet den Orkan Maria an der Karibik däitlech Spueren hannerlooss. Op der Insel Guadeloupe sinn d’Beem wéi Fixspéin ëmgeknéckt. De Stuerm vun der Klass 5 huet sech no der Guadeloupe op den amerikanesche Joffereninselen ausgelooss. (© Cedrik-Isham Calvados/AFP)

Related topics Guadeloupe, Karibik, Orkan Irma, Orkan Maria, St. John
Next post Previous post