Search

You may also like

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?
International Neiegkeeten

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?

Et schéngt sech endlech eppes ze doen an der europäescher

Ouverture op Feierdeeg – D’Protester ginn an hir drëtt Ronn
International Neiegkeeten

Ouverture op Feierdeeg – D’Protester ginn an hir drëtt Ronn

Dem OGBL säin „Tour de Luxembourg“ geet weider. Hir Missioun?

Lëtzebuerger Premier hospitaliséiert
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Premier hospitaliséiert

Nodeems de Xavier Bettel de 27 Juni – also kuerz

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger am Norde vun Europa, dovunner eleng sechs an Däitschland, wou dann och um Donneschdeg d‘Eisebunn den Trafic op der Laangstreck ganz ënnerbrach huet.

Wéi déi Deutsche Bahn (DB) et de Medien zäitno matgedeelt huet, ass aus Sécherheetsgrënn den Trafic ugehale ginn. Eng Moossnam, déi d‘Entreprise zanter 2007 net méi ergraff huet. Deemools war et de Stuerm „Kyrill“ dee fir Chaos a gréisser Schied gesuergt hat.

Nodeems d‘Friederike am Weste vun Däitschland fir zolidd Opreegung gesuergt hat, ass dat Orkandéif – dat bei eise franséischen a belschen Noperen „David“ gedeeft ginn ass – mat Wandspëtzte vun 130 Km/H a Richtung Osten ofgezunn.

Op sengem Wee huet d‘Friederike den Dach vun enger Schoul an Thüringen matgeholl. Kengem vun de Kanner, déi nach do waren, ass e Leed geschitt. An de Bierger vum Harz, si Wandspëtzte vu bis 203 Km/H gemooss ginn. Dat haten se esou nach ni…

Gutt beroden net vrun d‘Dier ze goen

Méi fréi am Dag, hat de Stuerm deen sech iwwert d‘Nordséi „ugeschlach“ huet, scho fir uerdentlech Duerchenaner an Holland an och an der Belsch gesuergt. Et sollt bis an de spéiden Owend daueren, iert nees vereenzelt Zich op d‘Streck konnte geschéckt ginn.

Den Trafic vun de Schnellzich „Thalys“ déi Frankräich mat der Belsch, Holland an Däitschland verbannen, war de ganzen Dag ab Bréissel ënnerbrach. D‘Entreprise huet an Tëschenzäit informéiert, datt ab haut de Moien, d‘Verbindunge mat der Belsch an Holland nees „normal“ sinn.

Friederike

Zu Münster hat den Zuch „Paus“. Ëmgefall Beem hunn de ganze Reseau blockéiert. Et sollt elo um Freideg nees lues a lues ufänken sech ze normaliséieren. Wien do ënnerwee ass, brauch allerdéngs zolidd Nerven. © Guido Kirchner/dpa/AFP

Mee net nëmmen de Schinneverkéier war betraff, och an de Luucht war et roueg. Um Fluchhafen Amsterdam-Shipol ass moies näischt méi gelaf. Hei waren 320 Flich annuléiert ginn. Betraff waren och d‘Fluchhäfen an Däitschland, hei ervirzehiewen Düsseldorf a München.

Net vir ze laachen

An Däitschland si bei Accidenter, déi duerch de Stuerm passéiert sinn, sechs Mënschen ëm d‘Liewe komm, dorënner zwee Pompjeeën. A Nordrhein-Westfalen ass e 59 järege Mann vun engem Bam erschloe ginn, e Camionschauffer vun 68 Joer huet ee vum Stuerm provozéiert Verkéiersaccident net iwwerlieft.

Ee Pompjee ass beim Asaz a Nordrhein-Westfalen verstuerwen, en anere sollt säin Asaz an Thüringen mam Liewe bezuelen. Zwee weider Affer sinn duerch vum Orkandéif ausgeléisten Accidenter ze bekloen: ee Camionschauffer zu Cottbus, an eng Automobilistin a Mecklenburg-Vorpommern.

Friederike

Wie gëschter zu Rotterdam mam Vëlo ënnerwee war, huet dee missen drécken, an esouguer dann hat ee seng léif Méi sech op de Been ze halen. Wien net vrun d‘Dier huet missen, war gutt beroden sech et doheem gemitterlech ze maachen. © Robin Utrecht/ANP/AFP

An Holland sinn zwee Männer, allebéid 62 Joer al, vu Beem erschloe ginn. Enn zu Zwolle (Nordosten) an e weideren zu Enschede (Osten). An engem Viruert vu Bréissel ass e Bam direkt op en Auto gefall. Fir d‘Automobilistin koum all Hëllef ze spéit.

Vollgeluede Camionen einfach ëmgehäit

Net nëmmen op der Schinn war Schicht am Schacht, och op de Stroosse war kee virukomme méiglech. An Holland huet d‘Friederike mat senge Wandstéiss vollgeluede Camione wéi Spillsaachen ëmgehäit.

66 Stéck, esou de Bilan vun der Police, déi bemierkt huet, datt dat zanter 1990 e neien traurege Rekord ass. Plazeweis hunn sech, wien dann op der Strooss ënnerwee war, d‘Leit op laang Stonnen an hire Gefierer missen astellen

Verständlech dann och, datt se sech zu Oberstdorf net laang Gedanke gemaach haten, an d‘Qualifikatioun vir d‘Schisprangen, och wann et hei ëm D‘Weltmeeschterschaft geet, ganz ofgesot hunn. Op dat elo um haidege Freideg kann nogeholl ginn, ass viru Mëtteg net gewosst.

An der Gare ofhänken…

Wéinst de villen Zichausfäll, huet d‘Deutsche Bahn an Kader vun hire Méiglechkeeten, de blockéierte Passagéier d‘Iwwernuechtung an engem Hotel, oder zumindest an de Waggonen, erméiglecht.

„Mir mussen eis Passagéier an eist Personal beschützen“, esou den DB-Spriecher Achim Strauss, deen drop higewisen huet, datt nach net gewosst ass wéini d‘Situatioun sech nees ka normaliséieren. Et si vill Schied entstanen déi al éischt musse gefléckt ginn, plazeweis mussen och d‘Strecken nees fräigeluecht ginn. Laut dem Spriecher muss ee sech och haut op Chaos astellen.

Dat selwecht Bild gesäit een an Holland: et wäert sech nëmme lues normaliséieren, an d‘Passagéier déi Zouflucht an de Gare fonnt hunn, organiséieren sech vis Twitter fir hiert Zil ze erreechen. Ënnert dem Hashtag #StormPoolen, ass de Co-Voiturage opgebaut ginn.

„Mäi Frënd versicht Delft vu Leyde aus ze erreeche. Hien ass e ganz léiwen an ech bidden där Persoun, déi mir hie gesond a monter heembréngt eng Fläsch Wäin“, esou „d‘Userin“ Molly Quell.

Och bei eise franséischen Noperen huet den Orkan, gehéierlech Schued ugeriicht. Eng ronn 3.000 Menagen haten am Norde vum Land iwwer länger Zäit kee Stroum méi. Déi „Orange“ Alerte konnt awer nach viru Mëtteg opgehuewe ginn.

mat AFP

Foto: Do flatteren engem d‘Oueren… esou wéi bei der Hënndin Heidi dat mat sengem Meeschter zu Reutlingen dem Friederike getrotzt huet. Vu de Beem haten sech béid – Meeschter an Hond – awer wäit ewech gehalen. © Sebastian Gollnow/dpa/AFP

Related topics Chaos, Orkan Friederike, Stuermdéif
Next post Previous post