Search

You may also like

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521
Neiegkeeten

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

Déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de

Den US-Milliardär an de Coronavirus
Neiegkeeten

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Geet et dem US-President no, dann erleedegt d‘Fréijoer dës neiaarteg

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun
Neiegkeeten

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun

Nach bis e Sonndeg, den 8. Dezember kann een an

10 Joer ORT Musel: Mat Hoffnung an d’Joer 2021

10 Joer ORT Musel: Mat Hoffnung an d’Joer 2021

Am vergaangene Joer huet d’Pandemie d’Welt op d’Kopp gehäit. Trotz Hëllefsprogrammer an der Fërderung vum Inlandtourismus gouf et laut STATEC e Réckgang vun am Duerchschnëtt 60% bei den touristeschen Aktivitéiten. An dësem Kader huet d’“ORT Region Moselle Luxembourgeoise Asbl“ e Réckbléck op 2020 gehäit – e Joer voller Erausfuerderungen, Upassungen an originellen Alternativen.

Kuerz virum Lockdown konnten an der Musel-Regioun awer nach zwee gréisser Evenementer organiséiert ginn. Um 8. an 9. Februar huet „Wine Cheese Enjoy“ ronn 1.200 Visiteuren ugezunn, fir vu Fondue, iwwer Raclette bis hin zum Kéis-Teller, natierlech mat engem gudde Glas Wäin dobäi, zesummen de kulinareschen Genoss ze feieren. E knappe Mount drop huet de lokale Maart „Moselle Flavour – The Market“ 600 Visiteure mat senge regionale Produiten an Ënnerhalung begeeschtert.

An dunn koum d’Pandemie

Wéi de Gilles Estgen, President vu Visit Moselle erkläert, huet den touristesche Bilan am Verglach zu de Virjoren fir zimlech grouss Abousse gesuergt. Et war ze erwaarden. Laut LFT hunn un der Musel 55% manner Persounen d’Touristen-Informatiounszentren besicht. De STATEC gëtt un, datt d’Hoteller ee Minus vun 42% an d’Campingen e Minus vu 65% erlieft hunn. D’AJL huet wärenddeem uginn, datt d’Jugendherbergen e Minus vun 70% matmaache missten.

ORT Musel
Rapport d’activités ORT Moselle 2020

Et war e Joer vun den Upassungen, an esou huet och d’Regioun ronderëm eise gréisste Floss kreativ, originell an digital Léisunge fonnt, fir d’Ëffentlechkeet unzezéien. Esou gouf beispillsweis d’Campagne #supportyourlocal lancéiert mam Zil, lokal Partner ze fërderen an der Ëffentlechkeet hir Aktivitéiten ze presentéieren.

Dës weidere gouf eng Partnerschaft mam Reservatounssoftware-Ubidder Regiondo geschloss. Duerch dëse System kënnen d’Visiteurszuele Corona-konform begrenzt a geplangt ginn. D’Offere vum ORT a regionale Partner goufe schliisslech op visitmoselle.lu matgedeelt.

Un Aktivitéiten dobaussen hunn d’Leit Gefale fonnt

VakanzDoheem huet de Lëtzebuerger ganz gären zu Fouss an/oder um Vëlo gemaach. Virun allem déi dräi Traumschleifen – Lëtzebuerger Qualitéits-Wanderweeër – hunn immensen Zousproch fonnt, wat sech mat méi wéi 21.000 Wanderer verdäitleche léisst. Besonnesch bei der Traumschleife Manternach sinn d’Zuelen explodéiert, an och mir kënnen dëse wonnerschéinen a villfältege Wee jiddwerengem un d’Häerz leeën!

ORT Musel
Rapport d’activités ORT Moselle 2020

Och Initiativen wéi de „Vëlosummer“, deen am Kader vun der Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“ vum Wirtschaftsministère an der Generaldirektioun vum Tourismus an d’Liewe geruff goufen, waren erfollegräich. De kompletten August iwwer konnte Vëlofuerer sécher iwwert déi 85 km laang a regionaliwwergräifend Guttland-Musel-Streck fueren, sech esou net nëmmen deplacéieren, mee och d’Land entdecken.

Dobäi koume geféiert Toureninitiativen, wéi zum Beispill dem Frank Schleck säi „Fränk Insider Tour“. D’Aktiounen um Drotiesel hunn insgesamt iwwer 40.000 Cyclisten begeeschtert.


„Fränk Insider Tour“ – Rapport d’activités ORT Moselle 2020

Wat bréngt 2021?

Nach ëmmer gëllen sanitär Restriktiounen, an awer ass den ORT Musel scho ganz aktiv. Ënnert anerem ass d’Ekipp beschäftegt mat der Rezertifizéierung vun den Traumschleifen Ohn a Manternach, sou wéi der Aweiung vum grenziwwerschreidende Musel Trail.

Vum 29. Juli bis den 29. August steet nees „Vëlosummer“ un, an dee gëtt mat 3 Touren duerch d’Regioun vun der Musel geplangt. An dësem Kader seet d’Analys vu regionale Vëlostouren un, fir bei dëser Aktivitéit an Zukunft eng komfortabel a geséchert Beschëlderung ze bidden.

Mat Hëllef vun de Subside vum „Fonds de tourisme“ konnt déi digital Offer vun den Audio-Touren zu Schengen a Rëmerschen ofgeschloss ginn. Déi sougenannt „Lauschtouren“gi begleet vun der Guided Tours-Broschür. Aktuell huet d’Applikatioun 6 Touren a 4 Sproochen Opweises, déi fir en interaktiivt Erliefnis suergen an op d’Attraktiounen an der Regioun opmierksam maachen.

ORT Musel
Rapport d’activités ORT Moselle 2020

Léisst d’Situatioun et zou, wäert um 25. September den usprochsvolle „Schleck Gran Fondo“ fir begeeschter Vëlosfuerer ustoen. Fir den 3. Oktober ass d’3-Länner-Wanderung „Randonnée sans frontières“ virgesinn.

Zum Schluss heescht et e Gebuertsdagskuch ze baken! Den ORT feiert 10 Joer Bestoen, wat iwwert dat ganzt Joer verdeelt mat verschidden Aktiounen zelebréiert soll ginn.

Weider Detailer ginn et am Aktivitéite-Rapport 2020 vu Visit Moselle (PDF).

Opmaacherbild: Collage aus Opname vum Aktivitéite-Rapport 2020 vu Visit Moselle

Related topics #VakanzDoheem, 10. Gebuertsdag, 3-Länner-Wanderung, Aboussen, Fränk Insider Tour, ORT Musel, Réckbléck, Réckgang, Regiondo, Tourismus, Traumschleife, Vëlosummer, Wanderweeër
Next post Previous post