Search

You may also like

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Um 25. Samschdeg vum Mouvement vun de giele Gileten, notéiert

Dramatesch Zoustänn am Moria-Lager (Kommentar)
International Neiegkeeten

Dramatesch Zoustänn am Moria-Lager (Kommentar)

Den 2. September gouf den éischte Coronavirus-Fall am Flüchtlingslager bekannt, de

Kanner virun d’Dier – De Wee zu enger méi verständlecher a realitéitsnoer Bildung
International Neiegkeeten

Kanner virun d’Dier – De Wee zu enger méi verständlecher a realitéitsnoer Bildung

De Klassesall an d’Natur verleeën, Erfarungen dobausse sammelen an esou

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

Mat Blumen an der Hand… esou ginn haut dausende Spuenier an Auslänner zu Barcelona erwaart. Eng Manifestatioun déi als Äntwert op den hannerlëschtegen Uschlag vum 17. an 18 August geduecht ass.

Schonn e Freideg haten sech zu Cambrils – laut der Police – 160.000 Mënschen dem Marsch géint den Terror ugeschloss. Katalanesch Küstestad, déi d’Zeen fir den zweeten Ugrëff vun der, als dschihadistesch Zell entlarvten, Band sollt ginn.

De Regierungschef Mariano Rajoy, huet um Freideg „déi ganz Welt opgeruff deelzehuelen“ un dëser, vun der katalanescher Regierung a Märei organiséierter Manifestatioun. Et soll dëse Samschdeg un d’Affer a Verletzter geduecht ginn. Ronn 20 Natioune sinn vum Uschlag betraff, 15 Doudeger sinn ze bekloen, 126 blesséierter, vun deenen der nach sechs an engem kriteschen Zoustand am Spidol behandelt ginn.

„Mat der ganzer katalanescher Gesellschaft a Spuenien setze mir hei en Zeeche vun Eenheet a Ofleenung vum Terrorismus. Och eis léift fir Barcelona wäerte mir hei beweisen“, verséchert de Regierungschef. Dee war bis elo éischter beschëllegt ginn ueleg an d’Feier ze geheien, opgrond vun der Dissens mat der katalanescher Regierung déi sech fir d’Onofhängegkeet staark mécht.

Bei der Manif vun haut, gëtt awer keen auslännesch Staatschef erwaart. Eng Manifestatioun ënnert dem Motto „No tinc por“ (Ech hu keng Angscht – op katalanesch) deen a ville Sproochen ze gesinn a héiere misst sinn.

Säit den Uschléig vu Barcelona a Cambrils hu weider Attentater queesch duerch Europa stattfonnt. Nach um Freideg huet zu Bréissel e Mann Zaldote mat engem Messer ugegraff. Mat zwee Schëss konnt de Somalier, dee bis dohinner net opgefall war, ausser Gefecht gesat ginn. Hie sollt an der Nuecht am Spidol u senge Blessure verscheeden. An Holland leeft d’Enquête zu engem méiglecher weis geplangten Uschlag op e Concert zu Rotterdam.

Keng „mise en Scène“

Et ass virgesinn, datt och de Kinnek Felipe VI sech der Manifestatioun uschléisst. En éischter rare Moment, ass et dach déi éischte Kéier dat sech den Haff, zënter der Aféierung vun der Monarchie 1975, esou ëffentlech weist. Mee de Kinnek geet net un der Spëtzt mat.

D’Buergermeeschtesch vu Barcelona, Ada Colau, huet erkläert, datt déi éischt Rei vun de „Vetrieder vun de Kollektiver, déi vun der éischter Minutt un, sech ëm d’Affer gekëmmert hunn“: d’Polizisten, Rettungsdéngschter, Taxichaufferen, Awunner an d’Händler vu de Ramblas.

Dausende Blummen an der Faarwe vu Barcelona (Rout, Giel, Wäiss) ginn un d’Participante verdeelt. „De Message vun der Manifestatioun ass d’Zouso un d’Zesummeliewen“ verséchert d’Montse Rovira. D’Chefin vum Service vun den „urgences sociales“ huet fir haut seng Uniform aus dem Schaf geholl.

Et ware seng Equippen déi d’Famillje begleet hunn. Dat notamment bei der Opnam vun der ADN fir d’Affer ze identifizéieren. Si hunn sech och bei der Behandlung vum post-traumateschem Stress agesat, dat bei de Pompjeeën, den Ambulancieren, mee och de Bierger. „Mir ware virbereet, um logisteschen Niveau, mee psychologesch kann e sech ni op esou e Virfall virbereeden“ seet si.

Laut der Märei soll d’Manifestatioun mat enger kuerzer, beduechter Zeremonie ofgeschloss ginn. Zwee Violoniste spillen den „Cant dels Ocells“ (Gesang vun de Villercher) en traditionellt katalanescht Lidd. Den Auteur Pau Casals, hat dëst Lidd schonn 1961 am Wäissen Haus gespillt, als Ofleenung vun der Diktatur vum Francisco Franco.

mam Anna Cuenca an Laurence Boutreux/AFP

Foto: Um Freideg hunn dausende Leit zu Cambrils Käerzen a Blummen néiergeluecht fir den Affer vun den zwee Uschléi ze Gedenken. Haut Samschdeg, gëtt och zu Barcelona den Affer vun den hannerlëschtegen Dote geduecht. (© Pau Barrena/AFP)

Related topics Barcelona, Cambrils, Dschihad, Terrorismus
Next post Previous post