Search

You may also like

De Lëtzebuerger ass immens besuergt ëm de Klima
Kultur Neiegkeeten

De Lëtzebuerger ass immens besuergt ëm de Klima

ATOZ, ee vu ville Spezialiste vun der „Steieroptimiséierung“, dee sech

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit
Kultur Neiegkeeten

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit

Mat enger parlamentarescher Fro (2584) huet sech den Député-Maire Dan

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell
Kultur Neiegkeeten

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg

Den Austauschprogramm 2018/2019 tëscht Taiwan a Lëtzebuerg geet a seng zweet Phas iwwer. An dësem Kader organiséiert d’Amy Cheng vum TheCube Project Space déi international Ausstellung The Ouroboros. Als Basis gëllt d’Ikonografie vun den Ouroboros, woubäi uschléissend d’Iwwerliewe vum mënschleche Wiesen zur Zäit vun der Anthropozän bis hin zum Bléck vun den Artisten op d’Realitéiten a Phenomener vun der zäitgenësseger Welt betruecht ginn.

D’Expo The Ouroboros vereent Videoen, déi een Dialog op verschiddenen Niveauen erméiglechen, Zukunftsvisiounen, an d’Evolutioun tëscht Mënsch, Technik an Natur. Den Ouroboros ass dobäi een archaescht Symbol, dat eng Schlaang representéiert, déi sech selwer an de Schwanz bäisst. D’Déier, wat sech selwer verspeist gëtt zu engem ronnen, quasi onendleche Bild a léisst eis un d’Autodestruktioun denken.

The Ouroboros

A verschidde Reliounen a Mythologië kënnt dat onendlecht Symbol vir, gouf souguer schonn an der Alchimie genotzt, am Okkultistmus, wéi och bei wëssenschaftlechen Experimenter.

Vum 28. August bis den 28. Oktober 2019 kann een d’Ausstellung The Ouroboros an der BlackBox vum Casino Lëtzebuerg kucken. Um Donneschdeg, de 24. Oktober gëtt iwwregens um 19:00 Auer de Blackthursday organiséiert, bei deem een d’Artiste Chi-Yu Wu an Tzu-Ling Lee, sou wéi d’Kommissärin Amy Cheng kenneléiere kann.

Related topics Amy Cheng, Ausstellung, Casino Lëtzebuerg, The Ouroboros
Next post Previous post