Search

You may also like

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?
Kultur Neiegkeeten

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?

Säit kuerzem schockéiert dem Katharina Schwirkus säin Artikel mam provozéierenden

Rencontres sans frontières: Den 13. Juni 2021 ass e villsäitegt eSports-Evenement ugesot!
Kultur Neiegkeeten

Rencontres sans frontières: Den 13. Juni 2021 ass e villsäitegt eSports-Evenement ugesot!

Den 13. Juni 2021 fënnt de virtuellen eSports Turnéier „Rencontres

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen
Kultur Neiegkeeten

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen

E Bléck op déi fir 2021 vun der Regierung am

Kreativ Aktivitéiten, Ouschterfilmer an Evenementer: Eis Tipps fir Ouschteren 2021

Kreativ Aktivitéiten, Ouschterfilmer an Evenementer: Eis Tipps fir Ouschteren 2021

Un Ouschteren gëtt d’Operstéiung vu Jesu Christi gefeiert an ass domat e reliéise Feierdag vu ville Chrëschten. Ma, fir déi meescht vun eis ass et awer ee Familljefest, un deem e flotten Ouschtermenü, d’Sich no Ouschtereeër an déi eng oder aner Aktivitéit dobaussen an/oder dobannen um Programm stinn. Hei fannt Dir e puer Virschléi, wéi Dir trotz Pandemie d’Feierdeeg verbrénge kënnt.

E Sonndeg, de 4. Abrëll ass Ouschteren, den Dag drop Ouschterméindeg a bis den 18. Abrëll 2021 ass Schoulvakanz. No Bretzelsonndeg sollt net vergiess ginn, där Persoun, vun där een als Zeeche vun der Léift an Zouneigung eng Bretzel geschenkt krut, een Ouschteree ze iwwerreechen a soumat auszedrécken „Jo, ech sinn och frou mat dir!“

Filmer fir Kleng a Grouss, fir ze laachen an ze fäerten

„Hop – Osterhase oder Superstar“ – en zockerséisse Familljefilm
Eigentlech ass dem E.B. seng Karriärscho virbestëmmt: Hie soll, sou wéi seng Virfaren, d’Roll vum Ouschterhues iwwerhuelen. Allerdéngs weist de jonken Hues méi Interessi un der Batterie a flücht schliisslech op Hollywood. Gëtt hie Museker oder wäert en dach déi verantwortungsvoll Roll iwwerhuelen a fir d’Kanner Ouschtereeër verstoppen?

„Das Leben des Brian“ – D’Komedie fir Erwuessener, déi eigentlech net gewisen dierf ginn
Dëse lëschtege Klassiker huet zwar schonn e puer Joer um Bockel, mee d’Komikergrupp vu Monty Python bréngt ee mat Wuertwitzer, enger Grëtz Blasphemie, engem Soupcon Naivitéit a ganz vill Humor och haut nach zum Laachen. Erzielt gëtt d’Geschicht vum Brian, dee mam Jesus verwiesselt an als Messias gefeiert gëtt. Hie probéiert d’Vollek verzweiwelt dovun ze iwwerzeegen, datt hien net deen ass, fir deen e gehale gëtt. An Däitschland steet dëse Film iwwregens op der Lëscht vun deene Filmer, déi reliéis Gefiller blesséiere kéinten an domat net gewisen dierfe ginn.

„Donnie Darko“ – De Klassiker ënnert den Thrilleren
De jonken Donnie Darko ass e sténknormalen Teenager mat geuerdente Familljeverhältnisser. An der Nuecht vum 2. Oktober 1988 fält e Fliger erof, ee Probeller sollt dobäi genee am Zëmmer vum jonke Kärel landen an hien ëmbréngen. Bemol erschéngt de grujelegen Hues Fränk, deen him hëlleft, dësen Accident réckgängeg ze maachen an esou ze iwwerliewen. Frëndlech an Hëllefsbereet ass dës Kreatur awer net: Den dräi Meter groussen Hues kënnt ëmmer erëm zréck, gëtt him Rotschléi an iergendwann seet en och viraus, wéini d’Welt ënnergoe soll…

Ouschtereeër fierwen – awer mat natierleche Produiten

Wie kennt et net? Ouschtereeër ze fierwen ass eng beléift Aktivitéit vu Schoulen, kann awer och Doheem mat de Kanner, eleng oder mam Partner en zimleche Spaass ginn. Dat bescht um Fierwe mat natierleche Materialien? Si sinn net schiedlech fir de Kierper an Dir hutt se ganz bestëmmt Doheem!

De Klassiker si wuel d’Zwiwwelschuelen, déi den Eeër eng däischterrout, jo souguer brongelzeg Faarf ginn. Fir 6 Eeër braucht een d’Schuele vun ongeféier 1 kg Zwiwwelen, déi een am Waasser opkache léisst. D’Eeër sollte wärenddeem mat Essegwaasser ofgewäsch ginn, fir datt keng onreegelméisseg Verfierwungen entstinn. Uschléissend kënne si fir 10 Minutten am Zwiwwelwaasser kache gelooss ginn.

Wann Dir en originellt Muster wëllt, da sammelt e puer Bléien a Blieder dobaussen, a fixéiert dës mat enger Nilonsstrëmp oder engem Verband um Ee. Eng flott Uleedung huet den Naturpark Our zesumme gestallt.

Ouschteren 2021
© Monika Grabkowska / unsplash

Ma, et ginn awer nach aner Faarftéin:

  • Rout Rommele fir eng rout Schuel
    3-4 Knollen soll ee wärend enger gudder hallwer Stonn am Waasser kache loossen, uschléissend kommen dann d’Eeër fir 10 Minutten dobäi.
  • Kurkuma fir e gold-gielen Toun
    Ob als Pudder oder als Wuerzel, Dir ëm 10 Gramm vum Kurkuma sollte pro hallwe Liter Waasservirgesi sinn. Zesumme mat den Eeër an engem Iessläffel Esseg léisst een dat Ganzt fir 20 Minutte kachen. Opgepasst: Kurkuma fierft staark of – passt also op Är Kleedung op.
  • Mat Spinat kréie mir Gréng
    Gutt 300 Gramm Spinat gi wärend décken 30 Minutten am Waasser kache gelooss. Gitt en Iessläffel Esseg dobäi Da kommen d’Eeër fir 10 Minutten an d’Waasser.
  • Kaffi mécht d’Eeër brong
    Ëm 40 Gramm Kaffi-Pudder sollte wärend enger hallwer Stonn an zwee Liter Waasser kache gelooss ginn, ier d’Eeër fir 10 Minutten dobäi kommen.
  • Roude Kabes ergëtt Blo
    Ee Kapp vum roude Kabes gëtt mat 2 Liter Waasser wärend 45 Minutte kache loossen. D’Eeër kann ee separat haart kachen an se uschléissend am ofgekillte Jus gutt 10 Minutte leie loossen. Wat een d’Eeër méi laang dra leien léisst, wat d’Faarf méi intensiv gëtt.

Bei dësen natierleche Rezepter heescht et, e bëssen ze experimentéieren mat de Quantitéiten an der Dauer, wéi laang dat jeeweilegt Material kache gelooss gëtt. All Persoun huet seng eege Method, an kee Resultat ass d’selwecht.

Iwwregens kënnt Dir och hei nom Prinzip mat de Bléien e Muster op d’Schuel maachen, oder och virum Kachen een Ouerestäbchen an e bëssen Esseg oder Zitrounejus zappen, an dann iwwert d’Schuel molen.

E bësse Kultur fir Ouschteren

Ouschteren 2021
De Saarlännesche Staatsorchester

Online-Concert vum Saarlännesche Staatsorchester
Freides, den 2. Abrëll um 18:00 Auer
Fir Karfreideg luet de Saarlännesche Staatsorchester op säi Streaming-Concert ënnert der musikalescher Leedung vum 1. Kapellmeeschter Stefan Neubert an. Wierker vum Haydn, Mahler a Bartók stinn um Programm. Verfollege kann een den Optrëtt op YouTube.
Weider Informatioune fannt Dir HEI

D’Potty Lotty liest „Peter Hase“ an aner Geschichten vum Beatrix Potter
Samschdes, den 3. Abrëll um 15:00 Auer am „Bonzënnen Bonzuewen“ zu Dikrech
Liesung fir Kanner am C1 op Lëtzebuergesch
Dauer: 30 Minutten
Umeldung obligatoresch ënnert info@bonzennenbonzuewen.com
Präis: 7,50€ pro Kand
Weider Informatioune fannt Dir HEI

Ettelbrécker Ouschtersamschdeg
Samschdes, den 3. Abrëll ab 14:00 Auer an der Foussgängerzon zu Ettelbréck
Den Ouschterhues huet et drop sech ze verstoppen, kann also just vun de brillianteste klengen a groussen Detektive fonnt ginn. Hutt Dir en awer bis fonnt, da vergiesst net eng Foto mat em ze maachen, déi am Ettelbrécker City Tourist Office ze weisen a mat e bësse Chance e Kaddo ze gewannen. Dës Aktioun fënnt och nach vum 6. bis den 9. Abrëll vun 10:00 bis 17:00 Auer statt.
Dës weideren organiséiert den ECTO vum 1. bis den 3. Abrëll e Concours, bei deem déi schéinste bemoolten Ouschtereeër vum Ouschterhues flott Präisser gewanne kënnen.
Weider Informatioune fannt Dir HEI

Trëppeltour mat der Famill – Ouschterweekend zu Maarteleng
Samschdes, den 3. Abrëll vun 9:00 bis 17:00 Auer a Sonndes, de 4. Abrëll vun 9:00 bis 11:00 Auer
Beim Tour vun 2 km, deen och mat der Kannerkutsch accessibel ass, heescht et d’Rätsele vum Ouschterhues ze léisen an dofir lecker Schokelaseeër ze gewannen.
Umeldung obligatoresch ënnert si.martelange@gmail.com
Präis: 4€ pro Kand
Weider Informatioune fannt Dir HEI

Musikaleschen Tipp vun der Redaktioun: Lëtz Phil mam Gast Waltzing Quintett
D’Offer „Lëtz Phil“ vun der Philharmonie bitt ee musikalescht Erliefnis live op der Plaz, wéi och fir Doheem. An dësem Kader stoung de 17. Mäerz de Gast Waltzing Quintett op der Bühn. Den Optrëtt kann een och elo nach gemitterlech vun Doheem aus kucken.
Weider Informatioune fannt Dir HEI

Egal wéi Dir d’Feierdeeg verbréngt, mir wënschen op alle Fall schéin Ouschteren!

Opmaacherbild: © Freestocks / unsplash

Related topics Aktivitéiten, Concert, Das Leben des Brian, Donnie Darko, Ettelbrécker Ouschtersamschdeg, Famill, Filmer, Gast Waltzing, Hop – Osterhase oder Superstar, Lëtz Phil, Liesung, Monty Python, Ouschtereeër fierwen, Ouschteren 2021, Potty Lotty, Saarlännesche Staatsorchester, Tipps, Trëppeltour
Next post Previous post