Search

You may also like

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

[onionbuzz quiz-id=76][/onionbuzz]   Et ass d’Stad vum Stol a wuel

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag
Kultur Neiegkeeten

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

D’Verhandlungen zum Ofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Länner, dat

Déidlech Halloween-Party zwéngt Airbnb zum ëmdenken
Kultur Neiegkeeten

Déidlech Halloween-Party zwéngt Airbnb zum ëmdenken

No enger Schéisserei an enger iwwert „Airbnb“ gelounter Wunneng a

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder och déi eehemooleg Disko direkt op der Haaptstrooss? Majo ëmsou méi bekannt sinn d’Festivitéite vun Ouschteren am Préizerdaul, woubäi nom Party-Weekend ee räichhaltege Programm mat Musek, Animatioun an Ausstellungen um Ouschterméindeg gebuede ginn ass!

Sollt dir net zu Nouspelt gewiescht sinn, dann ass ee sech bestëmmt am Dall iwwert de Wee gelaf. Nodeems um Karfreideg den Ouschterweekend offiziell mat gebaaktem Fësch vun de Préizerdauler Pompjeeën agelaut ginn ass, konnt bal näischt méi schif goen. An der Nuecht vum Samschdeg op e Sonndeg war et dunn um Club des Jeunes fir mam traditionelle Bal an DJ-Geduppers vum Dj Dee, Dj Nosi an Dee-To virun allem d’Jugend unzelackelen.

Ouschteren am Préizerdaul

Sollt ee et un deenen zwee Deeg nach net bis op d’Dauler Fabrik gepackt hunn, sou krut een um Ouschtersonndeg d’Chance, sech vu Mëttes bis Owes d’Ausstellung zum Thema „Eis Landwirtschaft informéiert“ unzekucken. Nieft den décken Trakteren an anere landwirtschaftleche Maschinne baussen um Haff, konnt een an der Sportshal alles iwwert déi regional Produktioun gewuer ginn, woubäi sécherlech deen een oder aneren elo säi Geméis beim Bauer niewendru kafe geet. Wéi ee gesinn huet, gëtt et nämlech genuch Offer an der Géigend.

Owes ass et dann, wéi gewinnt, mam Ouschterrock viru gaangen. Dëst Joer hat de Club des Jeunes an d’Spiller vum Préizerdauler Fussball d’Band Rude Ways invitéiert fir esou a Richtung Ouschterméindeg kräfteg an d’Säiten ze schloen. Am Endeffekt muss een awer leider soen, datt d’Organisateuren sech wuel méi vun dësem Dag erwaart haten. Op et elo un der Musek louch, oder och un den diverse Méiglechkeete wéi een säi Sonndegowend nach verbrénge kéint, sollt een elo mol net spekuléieren. Allerdéngs kann een nëmmen hoffen, datt am nächste Joer d’Zelt nees gutt gefëllt wäert sinn!

Ouschteren am Préizerdaul

Wëllt Dir een Ee?

D’Préizerdauler Gemeng wäert wuel eng vun de wéinege sinn, déi ganz der Traditioun no um Ouschterméindeg d’Ouschtereeër op der Haaptstrooss verdeelen. Zur selwechter Zäit, wou déi éischt Persoun am Auto ee Gackelchen an d’Hand gedréckt krut ass och d’Ausstellung nees opgaangen. An der Galerie konnt een esou fantastesch Natur- an Déierefotoen vum Marc Steichen, sou wéi originell Holzskulpture vum Gérard Claude bestaunen. An do muss gesot sinn, datt ee Wierk méi schéi war, wéi dat anert!

Ee Mol d’Trap erop gaange konnt een nieft dem traditionelle Bichermaart an dem Stand vu Luxroots, ganz passend zum Thema Landwirtschaft, déi eemoleg Kreatioune vun de Kanner vun der Dauler Primärschoul an dem Precoce kucken. Tëscht gebastelte Schwéngercher an Hénger kruten d’Kanner d’Méiglechkeet gebueden direkt op der Plaz kreativ ze ginn an esou d’Zäit mat flotte Gekniwwels ze verbréngen, soulaang Mamm a Papp hir langweileg Erwuessene-Saache maachen.

D’Landwirtschaft informéiert!

Do haten d’Organisateuren sech nees immens vill Méi ginn, fir d’Produzenten an Aussteller ze kontaktéieren. An der riseger Sportshal konnt een esou ënnert anerem d’Anti-Gaspi Ausstellung an d’Landwirtschaftskummer untreffen, sou wéi och beispillsweis d’Distillerie Schreiber, Lux-Delicatesse, den Dauler Beiemann oder och Téi vum Séi. Wiem regional an national Produktioun um Häerz läit, deen ass heibäi definitiv op seng Käschte komm. An nieft Flyere, Gespréicher a Broschüre krut ee souguer hei an do nach eppes Guddes ze schmaachen.

Ouschteren am Préizerdaul

Déi do kenne mir dach iergendwou hir! © Shari Pleimelding/moien.lu

An eisem Béierkalenner konnt ee sech schonn de Gout u verschiddene Béierzorte vun der Steeseler Stuff-Brauerei huelen. De Wee bis an de Préizerdaul hu si sech net huele gelooss fir och hiren neisten Hunneg-Beier ze presentéieren, sou wéi och d’Hunneg-Drëpp, déi sech immens gutt mat e bësse Ginger-Ale zu engem leckere Summergedrénks verwandele léisst. Bei MELLIS, wat op alem Latäin „vum Hunneg“ bedeit, handelt et sech ëm d’Kombinatioun vu Wëssen an Techniken, déi iwwer Generatioune viru gelieft hunn, bis schlussendlech d’Resultat mat sengen 32% Alkoholgehalt an enger staarker Mëschung mat Lëtzebuerger Hunneg erauskomm ass. Mat dësem Prozentsaz sollt een allerdéngs un eng moderat Consomatioun denken.

Ouschteren am Préizerdaul

Sou sympathesch wéi hien kuckt, esou super schmaachen och d’Produiten! © Shari Pleimelding/moien.lu

Am Busseberäich konnt een dann d’Maschinnenausstellung vun De Verband an Wolff-Weyland bestaunen. Dobäi huet een nees un d’Kanner geduecht an esou een Traktersparcous fir si opgebaut. Wiem dat awer ze wëll war, dee konnt ee Stéckelche weider déi pelzeg Alpakae mat den Aen bewonneren, awer och just mat den Aen!

U Musek duerft et och net feelen, wouduerch pünktlech um 12:00 Auer d’Préizerdauler Musik mat hirem Concert den Optakt gemaach hunn. Uschléissend ass et weider gaange mat der Märeler Big Band, ier dann de Käpt’n Ända & Matrous K1000 Bomi a Bopi, Kleng a Grouss zum wibbele bruecht hunn an esou den Ofschloss vum feierleche Weekend gemaach hunn.

Related topics Club des Jeunes Préizerdaul, De Verband, Gérard Claude, Käptn Ända & Matrous K1000, Landwirtschaft, Marc Steichen, Märeler Bigband, Ouschteren am Préizerdaul, Rude Ways, Stuff Brauerei, Wolff Weyland
Next post Previous post