Search

You may also like

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?
International Neiegkeeten

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?

Den Deconfinement ass voll am gaangen, et kéiert e bëssen

Äre Projet (m)am Naturpark
International Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark

Déi dräi Naturparken: Uewersauer, Our a Mëllerdall ruffen an Zesummenaarbecht

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren
International Neiegkeeten

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren

Um Mëttwoch hunn sech déi liberal Premierministeren an EU-Kommissären, op

Owesiesse fir de Brexit

Trotz Käerzeschäin… d‘Ursula an de Boris hu sech missen un d‘Dëschuerdnung halen

Owesiesse fir de Brexit

D‘Verhandlungsdelegatiounen, geleet fir d‘Britte vum David Frost a fir d‘EU vum Michel Barnier, ginn sech net eens, den Telefonsflirt vu der leschter Woch war och net ziilféierend an esou wollten d‘Ursula von der Leyen an de Boris „King of the World“ Johnson, sech tëscht Zopp an Dessert op en Accord verstännegen. Dee gouf et net an d‘Koméidistéck Brexit, gëtt gespillt bis de Rideau fält.

Et war net datt den „Dinner“ esou wahnsinneg vill Gäng gehat hätt, an awer huet sech den Tête-à-tête tëscht der EU-Kommissiounspresidentin an dem britesche Premierminister iwwer dräi ganzer Stonnen higezunn. An awer – woubäi vu vireran kee Zweiwel bestanen hat – sinn och si net op e gemeinsamen Nenner komm. Et hänkt weiderhin un dräi entscheedende Punkte, a kee gëtt hei no.

Ob Fëschereirechter (eng kloer Fuerderung virun allem vu Frankräich), Konkurrenzrecht an der Schlichtungsmechanissem am Fall vu Verstéiss géint d‘Ofkommes… Wann d‘Experten do net d‘Spree vum Weess getrennt kréien, firwat sollt et dësem ongläichen Duo geléngen? An et muss erlaabt sinn ze froen, ob si dat iwwerhaapt nach wëllen, ob et dëse Wëllen eeschthaft jee ginn huet.

An esou gouf sech dann nees „fir d‘Galerie“ drop gëeenegt, datt een der Welt erzielt wéi konstruktiv ee sech matenaner ënnerhalen huet, ee leider nach kleng Detailer kläre muss, also d‘Gespréicher elo emol an enger éischter Zäit weidergefouert ginn. Bis ee Sonndeg sollt dann alles gekläert sinn, fir dann am Uschloss „endgülteg“ iwwert den nach ëmmer méiglechen Handelsaccord ze entscheeden.

Vläicht dréit jo och de leschten EU-Sommet vum Joer (10. & 11. Dezember) derzou bäi, datt sech nach eppes an der Kausa Brexit beweegt, woubäi haut a muer ganz aner Problemer op d‘Staats- a Regierungscheffe waarden. Et geet jo elo drëms ee Covid19-Finanzhëllefsplang an Héicht vu ganze 750 Milliarden Euro an den EU-Haushalt op d‘Schinnen ze bréngen. Och dat wëll jo net geléngen.

D‘Handelsofkommes awer misst bis Sylvester stoen. An dat gefällegst inklusiv Ratifikatioun vum EU-Parlament an den nationale Parlamenter. Woubäi een anscheinend dës Kéier bereet wier op dësen onwichtegen demokratesche Prozess ze verzichten, an den Delegatiounen/Ambassadeuren d‘Ënnerschrëft zouzegestoen. Déi dierfte beim aktuelle Stand, éischter net a Verleeënheet geroden.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Edward Franklin / unsplash

Related topics Boris Johnson, Brexit, Leave EU, No Deal, Ursula von der Leyen
Next post Previous post