Search

You may also like

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes
International Neiegkeeten Stories

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes

Um Samschdeg huet den Iran bestätegt, keng Ännerungen um Nuklearofkommes,

CIPA Nidderkuer: Eng onkamoud Situatioun
International Neiegkeeten Stories

CIPA Nidderkuer: Eng onkamoud Situatioun

Fir déi eng ass de Covid19 just eng kleng Gripp,

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %
International Neiegkeeten Stories

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %

Wéi STATEC elo matdeelt, ass den Index op de Präisser

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net

Gëschter huet de Weltdag vun den Ozeaner stattfonnt – en Aktiounsdag, dee sensibiliséieren an informéiere soll, sou datt de Schutz an Erhalt vun de Mierer virugefouert a gefërdert ginn. Als Land, ouni Küsteregioun ass Lëtzebuerg gëschter der „Global Ocean Alliance“ bäigetrueden. Wärenddeem erlaabt den Trump nees kommerziell Fëscherei an eigentlech geschützte Gebidder.

Wien net um Mier wunnt, dee muss sech och net ëm de Schutz vum Waasser a senger Aartevillfalt këmmeren. E Gedanken, dee leider vill Leit am Kapp hunn, doduerch nach ëmmer genësserlech hir Zigarettestëmp an de Gulli schmäissen, ouni nozedenken hir eidel Fläsch an de Floss geheien oder Dreck op d’Strooss geheien, deen da vum Wand och an d’Waasser ka gedroe ginn.

D’Mierer absorbéiere schliisslech just CO2 (ëm 30 % iwwregens), reguléiere soumat de Klima a suergen dofir, datt Millioune Mënschen eppes ze iessen hunn, mee dat ass jo net esou wichteg, wann ee kee Mieresbléck huet.

Ozeaner

E Beitrag vu Lëtzebuerg

De Schutz vun eisen Ozeaner hänkt direkt vum Engagement vun internationale Communautéiten of. Säit Joren engagéiert Lëtzebuerg sech fir de Schutz an Erhalt vun de Mierer: Och wa mir et direkt u enger Küst leien gouf e Kontrakt bei der OSPAR-Kommissioun ënnerzeechent, dee sech fir den Nord-ëstlechen Atlantik asetzt. Donieft ënnerstëtzt de Groussherzogtum en internationaalt Instrument zum Erhalt a Schutz vun de Mierer, zur nohalteger Notzung vu der biologescher Diversitéit am Waasser, och iwwert déi national juristesch Zonen hannenaus, déi duerch d’Séirechtskonventioun UNCLOS wierksam gemaach goufen

Ma, elo huet Lëtzebuerg och symbolesch de Weltdag vun den Ozeaner gewielt, fir der „Global Ocean Alliance“ bäizetrieden. Heibäi handelt et sech ëm eng Koalitioun vun 13 Länner, déi dat gemeinsamt Zil verfollegen bis 2030 wéinstens 30 % vun den Ozeaner ze schützen. D’Schied, déi duerch de Mënsch entstane sinn, solle reduzéiert, jo souguer behuewe ginn, sou datt d’Mieresliewewiesen sech regeneréiere kënnen an d’Gesondheet vun de Mierer op laang Dauer erhale gëtt.

Passend dozou gouf dann och een Don un d’ONG „Global Fishing Watch“ gemaach, déi sech dorëm këmmert d’Fëscherei ze kontrolléieren an illegalen Aktivitéite entgéint ze wierken.

Zu gudder Lescht bitt de Groussherzogtum, zesumme mat der internationaler Unioun fir den Erhalt vun der Natur (UICN), Ënnerstëtzung bei der Gestioun vun de Fongen zum Schutz vum Küsteklima. Esou solle méiglech Investissementer besser strukturéiert ginn, déi zum Schutz an Erhalt vun de Küste bäidroen, Innovatiounen an der Technologie bidden, Date vum Mier sammelen an auswäerten a Léisungen a Saachen Drénkwaasser an erneierbar Energien an de Küsteregiounen sichen.

Ozeaner

© ana de lara ruiz

Wärenddeem an Amerika…

Et ass gewosst, datt beim US-amerikanesche President éischter Profit, wéi Ëmwelt- a Klimaschutz am Virdergrond stinn. Um 15. September 2016 ass d’Proklamatioun 9496 a Kraaft getrueden – och Northeast Canyons and Seamounts Marine National Monument genannt – wou 12.724 Quadratkilometer Waasser an iwwerschwemmt Land mat historeschem a wëssenschaftlechem Wäert viru kommerzieller Fëscherei an Zerstéierung geschützt waren.

Ozeaner

Geet et dem Donald J. Trump no, esou hätte verschidden Aarten sech awer mëttlerweil ze vill ausgebreet. Aner Aarten hätte kee wierklech héije wëssenschaftleche Wäert méi a verdénge soumat kee weidere Schutz. Kommerziell Fëscherei – natierlech ganz streng reguléiert – soll soumat nees erlaabt ginn.

Op der offizieller Säit vum Wäissen Haus deelt hie mat: „Ech sinn der Meenung, datt ee Verbuet fir kommerziell Fëscherei elo net méi néideg ass fir déi korrekt Fleeg an de Management vum Northeast Canyons and Seamounts Marine National Monument oder den Objeten vun historeschem a wëssenschaftlechen Interessi, déi sech doranner befannen.“

Déi kommerziell Fëscherei soll anstänneg reguléiert ginn, d’Aktivitéite ginn am ëffentlechen Interessi ausgefouert.

Nach emol en Opruff

Aktuell steet bei Sea Shepherd an aneren ONG’en aus ganz Europa d’Verbuet zum Handel mat Haiflossen am Fokus. D’Déier gëtt an onethescher Manéier mësshandelt an erleit ee qualvollen Dout. Nodeems d’Floss ofgetrennt ass, gëtt den nach liewegen Hai nees zeréck an d’Mier gehäit, wou en lues ofsénkt, sech net méi richteg viru beweege kann a schlussendlech stierft. Nach bis den 31. Januar 2021 muss Lëtzebuerg 4.500 Ënnerschrëfte kréien. Hëlleft och Dir mat bei der Petitioun!

Haiflossen

© stop-finning.eu

Opmaacherbild: © Dakota Corbin / Unsplash

Related topics Aarteschutz, CO²-Emissiounen, Donald Trump, Erhalt, Fëscherei, Global Fishing Watch, Klimaschutz, Kommerziell Aktivitéite, Northeast Canyons and Seamounts Marine National Monument, OSPAR, Schutz, Sea Shepherd, Stop Finning – Stop the Trade, UICN, UNCLOS, Weltdag vun den Ozeaner
Next post Previous post