Search

You may also like

Europa ass e Gedicht!
International Neiegkeeten

Europa ass e Gedicht!

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!
International Neiegkeeten

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!

An dësem Joer huet sech d’Biissener Kulturkommissioun mam BisScène een

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen
International Neiegkeeten

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen

Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère seng Retrospektive zu den neien

Spuenien: Nach ëmmer Stress wéinst Polit-Rapper

Spuenien: Nach ëmmer Stress wéinst Polit-Rapper

Wëll de Rapper Pablo Rivadulla Duro alias Pablo Hasel vun engem Geriicht zu 9 Méint Prisong verurteelt ginn ass, dësen seng Strof net fräiwëlleg ugetrueden huet, firwat hie vun der Police an der Enceinte vun der Universitéit zu Lleida verhaft gouf, ass ganz Spuenien a besonnesch dem Artist seng Heemecht Katalounien an Oprou.

Scho leschte Weekend, wärend et a ganz Spuenien Demonstratioune fir d‘Fräiloossung vum Pablo Hasel a fir d‘Meenungsfräiheet ginn hat, koum et a Katalounien zu heftegen Zesummestéiss tëscht Aktivisten an der Police. Déi lescht Woch iwwer war et zimmlech roueg, mee de Weekend gouf et nees Protest. Um spéide Samschdegowend, war et zu Barcelona zu massiven Ausenanersetzungen komm. Um Enn hat d‘Police 13 Rabbelkäpp festgeholl.

Pablo

Dobäi hat alles éischter „friddlech“ ugefaangen. D‘Kundgebung, un där sech gutt 4.000 Mënsche bedeelegt haten, ass ouni Tëschefäll vu Statte gaangen. Zum Schluss hu vermummten „Helden“ an der Akafsstrooss Las Ramblas am Zentrum vu Barcelona, op sech opmierksam gemaach. Als éischt goufen Dreckskëschten a Brand gestach, du war et ee Gefier vun der Police a letztendlech gouf den Agangsberäich vun engem Hotel ofgefackelt.

Si sollten sech domadder net zefridde ginn. Bilan: Ausser Vandalismus – et goufen eng Rei Banke verwüst – goufen och d‘Geschäfter ausgeraibert. De sozialistesche Ministerpresident Pedro Sanchez huet wuel scho widderholl drop higewisen, datt déi verhaasste „Ley Mordaza“ géif ofgeännert ginn, an d‘Meenungsfräiheet besser sollt geschützt ginn. Dat awer, esou d‘Demonstranten, géif de Pablo Hasel net op fräi Fouss setzen, mee dat misst elo sinn.

Pablo

Zanter den ëmstriddene Kënschtler am Bing sëtzt, gëtt et a Spuenien all Owend iergendanzwousch eng Demonstratioun. Wa Katalounien déi gréissen Opmierksamkeet op sech zitt, wat elo éischter der Gewalt geschëlt ass, esou gëtt och zu Madrid an a villen anere Groussstied den Appell fir d‘Fräiloossung vum Rapper, mëttels gréisserer Demonstratiounen ënnerstëtzt. Esou sinn zanter dem 18. Februar, iwwer 110 Manifestante verhaft ginn.

mat indymedia/bcn

Related topics Konscht, Meenungsfräiheet, Pablo Hasel, Pablo Rivadulla Duro, Protester, Rapper, Spuenien
Next post Previous post