Search

You may also like

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil
Neiegkeeten

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil

E Freideg, 7. Mee 2021 invitéiert d’Justizministesch Sam Tanson, a

Florence Aubenas an dat faszinéiert Onbekannt
Neiegkeeten

Florence Aubenas an dat faszinéiert Onbekannt

D’Florence Aubenas signéiert “L’Inconnu de la poste”, een Sachbuchroman iwwert

Al Männergespréicher iwwer Sex
Neiegkeeten

Al Männergespréicher iwwer Sex

De fréiere Poopst Benedikt XVI huet en Appell u säin

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung

Laut Indymedia Informatiounen ergräift d‘Administratioun fir Telekommunikatioun a Pakistan (PTA) eng seele radikal Mossnahmen a geet verschäerft géint gotteslästerech Inhalter an de soziale Medien vir. D‘Bedreiwer vun de Site kéinte mam Doud bestrooft ginn.

Säit Abrëll sollen 12.968 Internetsäiten gespaart gi sinn. Dës Ausso berifft sech Participante vun der Parlamentssëtzung, bei där PTA-Mataarbechter d‘Regierung informéiert hunn. Aus den Informatioune déi virleien geet allerdéngs net ervir wat fir Säiten am eenzele betraff sinn. Gewosst ass fir den Ament just dat Mëtt Mäerz ee aflossräichen Riichter zu Islamabad d‘Regierung opgefuerdert hat, géint ustéisseg Inhalter a soziale Medien virzegoen.

Dëse Riichter huet ugedréit mat engem Uerteel am besonneschen Facebook an vergläichbar Foren spären ze loossen. De Ministerpresident Nawaz Sharif huet dorops hin den Inneministère ugewisen, all Säiten mat entspriechendem Inhalt ze sichen, se dann ze spären an uschléissend d‘Bedreiwer vun dëse Säiten ze bestrofen. Wann a Pakistan vun Bestrofung am Kader vun Gotteslästerung geschwat gëtt, esou ass dann och direkt riets vun der Doudesstrof, wëll dat am Gesetz esou virgesinn ass.

Fir e bessert Versteesdemech muss dann och op dëser Plaz drun erënnert ginn, datt dës Staatscampagne géint Blasphemie an de neie Medien schonns 2012 säin Ulaf hat. Deemools war een islamkritesche Film bei Youtube eropgeluede ginn dee fir zimleche Rämmidämmi gesuergt hat. De Reproche vu Gotteslästerung trëfft awer och Blogger déi sech Gesellschafts- an/oder Militärkritesch äusseren.

Wéi eng schlëmm Konsequenzen dat fir dee Concernéierten kann hunn, erläutert folgend Affär: Mëtt Abrëll hat ee Mobb an der Stad Mardan, ausgeléist duerch eng vermuttlech Beleidegung vum Islam oder dem Prophet Mohammed, zum Doud vun engem Student gefouert. Spéider sollt sech dann erausstellen, datt de Virworf onberechtegt an d‘Affer falsch beschëllegt gi war.

Related topics Digital, Internet, Pakistan
Next post Previous post