Search

You may also like

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg

No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee
Neiegkeeten

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer

Rüdiger Hoffmann – ee lëschtege Komedie-Cosmos zu Saarlouis!
Neiegkeeten

Rüdiger Hoffmann – ee lëschtege Komedie-Cosmos zu Saarlouis!

Als „Gott vun der däitscher Comedy“ oder „Superstar vun der

Pakt-Logement 2.0: De Minister wëll den abordabele Logement stäerken

Pakt-Logement 2.0: De Minister wëll den abordabele Logement stäerken

Fir de Gemengen an dem Staat effikass Moyenen ze ginn, fir abordabel Wunnengen oder och nach Bauterrainen ze beschafen, proposéiert de Pakt-Logement 2.0 d‘Asetze vun engem neien Artikel 29Bis an dat modifizéiert Gesetz vum 29. Juli 2004, betreffend den kommunalen Amenagement an déi urban Entwécklung.

Sënn an Zweck vun dësem Artikel 29Bis ass et den ëffentleche Secteur zu méi Acquisitioune vun enger signifikativer Unzuel vu Wunnengen ze motivéieren. Esou soll d‘Offer vun abordabelem Wunnraum gesteigert ginn. Et soll zudeem derzou bäidroen, datt eng gutt sozial Mixitéit an den zukünftege Wunnquartiere séchergestallt gëtt.

Nodeems sech mat de Partner vun der sougenannter Zivilgesellschaft concertéiert gouf an de Staatsrot säin Avis ofginn huet, huet d‘Regierung eng Rei Amendementer ugeholl, mat dem de Mechanissem vum Oftriede vun abordabelem Wunnraum un den ëffentleche Secteur sollt gestäerkt ginn. D‘Chamber dierft dat och esou gesinn.

Interessant och de Constat vun der Regierung, also villméi vun der Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) déi de Logement als déi gréissten Erausfuerderung fir d‘Land gesäit. Mam Covid19 an déi wirtschaftlech Problemer déi d‘Kris mat sech bréngt, war ofzegesinn, datt vill Gemenge guer net an der Lag sinn, déi gewënschten Acquisitiounen ze tätegen.

Well d‘Ministesch der Usiicht ass, datt esou d‘Reform vum Logement kompromettéiert ass, huet et eng Alternativ gebraucht. Déi soll dësen Artikel 29Bis bréngen. Gutt se an der Regierung no gefillt 40 Joer endlech feststellen, datt et un de Präisser (d‘Plus-value pro Joer läit bei gutt 11%) geleeën ass, datt kee sech eppes leeschte kann.

Fir de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) bréngt de Pakt-Logement 2.0 de systemesche Wandel. D‘Densitéit gëtt gesteigert an d‘Gemenge baue Wunnraum. Interessant och, datt een esou de Promoteure méi Planungssécherheet versprécht. De System soll trotzdeem kohärent, transparent an effikass sinn. Versprécht de Minister…

Illustratioun: © Ricardo Gomez Angel / unsplash

Related topics abordabele Wunnraum, Artikel 29Bis, Henri Kox, modifizéiert Gesetz vum 29. Juli 2004, Pakt-Logement 2.0, Taina Bofferding
Next post Previous post