Search

You may also like

Geckeg Déierebesëtzer: Vum Mondschutz bis zur Desinfektioun vum Véierbeener
Neiegkeeten

Geckeg Déierebesëtzer: Vum Mondschutz bis zur Desinfektioun vum Véierbeener

An den Noriichten an op de soziale Medien kuréieren déi

Fräi Tribün: Klimaschutz ass méi wichteg wéi déi kapitalistesch Profitwirtschaft
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Klimaschutz ass méi wichteg wéi déi kapitalistesch Profitwirtschaft

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) an déi kommunistesch Jugendorganisatioun „Jonk

money
Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm
Neiegkeeten

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Si gesinn sech selwer als de „Motor vun der Europäescher

D‘Gemenge fir de Pakt-Logement 2.0 mobiliséieren

D‘Gemenge fir de Pakt-Logement 2.0 mobiliséieren

Den 1. an 2. Februar haten sech eng 200 Leit un den Informatiounssëtzunge vum Pakt-Logement 2.0 bedeelegt. Dësen Austausch via Visiokonferenz war de Kommunalpolitiker, wéi och aneren Acteure reservéiert.

Fir d‘Presentatioun vum Pakt-Logement 2.0, waren de Logementsminister Henri Kox (déi gréng), d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) an de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) zoustänneg. Allen dräi hunn de groussen Interessi an Zousproch zu dëse virtueller Presentatioun begréisst. De Pakt-Logement 2.0 verfollegt dräi grouss Ziler:

  • d‘Erhéijung vun der Offer betreffend abordabel an nohalteg Logementer;
  • d‘Mobilisatioun vum Buedemnotzungspotential an dem bestoende residentielle Potential;
  • d‘Verbesserung vun der residentieller Qualitéit.

Fir dës Ziler ze erreechen, ënnerstëtzt de Logementsministère d‘Gemengen, andeems dësen elo engersäits ee Logementsconseiller a weider finanziell Hëllefen ugebuede ginn. Esou soll d‘Entwécklung vum abordabele Logement an der Liewensqualitéit favoriséiert ginn. An dësem Kontext konnten d‘Participanten dann och hir Froen direkt un d‘Minister an d‘Experte riichten.

De Logementsminister huet an dësem Kontext nach emol betount: „Mir wäerten d‘Gemengen ënnerstëtzen, fir déi Wunnengen ze schafen déi aktuell feelen an déi d‘Land dréngend benéidegt: abordabel Logementer. Zesummen huele mir dës Erausfuerderung un! Déi grouss Zuel vun de Participanten un dëser Konferenz weist wéi en Interessi d‘Gemengen an déi betraffen Acteuren dëser prioritärer Kausa entgéint bréngen“.

Bei der Presentatioun hunn d‘Gemenge ganz detailléiert a praktesch Informatiounen zu de villen Etappe vum a Plaz setze vum neie Pakt-Logement erhalen. De Logementsminister a seng Ekipp hunn ee besonneschen Akzent op d‘Entwécklung vun der kommunaler Strategie betreffend de Logement geluecht. Dee gëtt iwwert de lokalen Aktiounsplang „Logement“ (PAL) gesteiert.

Dozou gehéiert dann och de Logementsconseiller. Fir de PAL ze applizéieren, ouni sech dobäi en Aarm an e Been ze briechen, stellt den interkommunale Syndikat fir Informatikgestioun (SIGI) eng op de Projet zougeschnidde Software zur Verfügung.

„Déi ënnerstëtzend a berodend Roll fir d‘Gemengen, sinn onëmgänglech Instrumenter fir dëser grousser Erausfuerderung am Logement ze begéinen. Den Inneministère huet säi Rôle als Conseiller fir d‘Gemengen, bei der Virbereedung vun urbanistesche Projeten ze ënnerstëtzen, scho verstäerkt. Dat huet eis gehollef eng besser urbanistesch Qualitéit ze erreechen. Ech encouragéieren all d‘Gemengen déi nei Instrumenter vum Pakt-Logement 2.0. ze notzen“, esou d‘Inneministesch.

Déi staatlech finanziell Bedeelegungen, vun deenen d‘Gemenge profitéiere kënnen, wäerten – entgéint wat fréier gemaach gouf – direkt un d‘Schafe vun abordabelem Wunnraum gebonne sinn. Si komme bei déi bestoend Subventiounen derbäi, dat am Kontext vun der ‚Hëllef fir de Steen‘ op deen d‘Stied an d‘Gemenge kënnen zeréckgräifen, fir Bauprojete vu subventionéierte Logementer ze realiséieren.

„D‘Efforte vun de Gemengen an dem Staat ginn an déiselwecht Richtung: d‘Offer vun abordabele Logementer erweideren, fir eise Bierger den Accès zu enger Wunneng, déi am Rapport zu hirem Akommes steet, ze erméiglechen. Aus dësem Grond ermontert de Syvicol d‘Gemengen sech um Pakt-Logement 2.0 ze bedeelegen. Mir sinn iwwerzeegt, datt déi participativ Demarche, déi d‘Aarbecht vum Logementsministère geleet huet, am Dialog mam Syvicol an de Gemenge ka weidergefouert ginn“, esou de Syvicol-President Emile Eicher.

Illustratioun: © Sander Dechering / unsplash

Related topics Emile Eicher, Henri Kox, Inneministesch, Logementsminister, Pakt-Logement 2.0, Syvicol-President, Taina Bofferding
Next post Previous post