Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen
Neiegkeeten

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen

E Bléck op déi fir 2021 vun der Regierung am

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand
Neiegkeeten

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand

De Blake Crouch ass en internationale Bestsellerauteur. 1978 an North

Dräi weider Gemenge schléissen sech dem Pakt vum Zesummeliewen un

Dräi weider Gemenge schléissen sech dem Pakt vum Zesummeliewen un

D’Gemenge Réiser, Stroossen a Klierf sinn Deel vum neien “Kommunalen Integratiounsplang” – si hunn de Pakt vum Zesummeliewen ënnerzeechent.

D’Ënnerzeechnung vun de Gemenge Wolz, Mäerzeg a Réiden, déi schonn am Abrëll stattfonnt huet, war de Startschoss fir en neien Usaz vum kommunalen Integratiounsplang. Elo hunn d’Ministesch Corinne Cahen an de President vum SYVICOL, Emile Eicher, den neie Pakt fir Réiser, Stroossen a Wolz ënnerschriwwen.

D’Familljeministesch huet an hirer Ried betount, datt dëse Pilotprojet de Gemengen erméiglecht en dynameschen a participative Prozess a Gang ze setzen. Dëse soll mëttel- a laangfristeg zur Opstellung vun engem kommunalen Integratiounsplang féieren. Duerch d’Ënnerzeechnung vum Pakt vum Zesummeliewe weisen d’Pilotgemengen, datt si een integrale Bestanddeel vun dësem participative Prozess wëlle sinn.

Dofir betount den Nico Pundel, Buergermeeschter vu Stroossen, datt de Pakt vum Zesummeliewe keen „no nice to go“ fir Stroossen ass. “Et ass e Pakt, dee mir scho laang intern ënnerschriwwen hunn, an dee mir dagdeeglech liewen an erliewen.”

Den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser huet festgestallt, datt seng Gemeng an de leschte 40 Joren däitlech gewuess ass. “D’Liewen an enger Gemeng muss een Zesummeliewe sinn a keen “niewenteneen-hier-liewen”. Fir datt dat geléngt, muss jiddwereen eppes bäidroen – andeems en een deem anere Respekt an Offenheet entgéint bréngt. Dat ass déi beschte Léisung, esou kënne sämtlech Forme vun Haass, Angscht oder Ausgrenzung evitéiert ginn. Den neie Pakt dréit säin Deel bestëmmt och dozou bäi.

A fir den Emile Eicher, Buergermeeschter vu Klierf weist d’Ausstellung Family of Man vum Fotograf Edward Steichen dat perfekten Zesummeliewen. Hie seet dozou: “Zesummeliewe fënnt all Dag, ëmmer an iwwerall statt. Klierf ass do keng Ausnam. Am Géigendeel, wéi mir all wëssen, ass d’Ausstellung Family of Man zu Clierf ze fannen. Dës Illustratioun vum Zesummeliewe vu Mënsche mat ënnerschiddlechem kulturellen Hannergrond ass e Spigel vun onser Gesellschaft. Si liewen all zesummen.”

D’Ministesch Corinne Cahen huet drun erënnert, datt jiddwereen seng Roll iwwerhuele muss, fir datt de Projet geléngt – d’Gemeng, d’Integratiounskommissioun, d’Veräiner, Entreprisen an natierlech d’Bierger selwer. Si sinn en wichtegt Schlësselelement vum Projet.

An den nächste Méint wäerten dräi weider Gemengen, nämlech Koplescht, Habscht a Jonglënster de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschreiwen.

En neie kommunalen Integratiounsplang (PCI)

De Ministère vun der Famill, Integratioun an der Groussregioun huet den Integratiounsplang iwwerschafft. Zil war e Pilotprojet ze initiéieren, den op e méi dynameschen Integratiounsprozess ofzielt.

Duerch seng Dynamik ënnerscheet den neie PCI sech, en besteet aus fënnef Stufen, dozou gehéiert politescht Engagement duerch d’Ënnerzeechnung vum Pakt. Och eng Bestandsopnam vun de Bedierfnisser an de Gemenge ass wichteg, an de Bierger-Ateliere geet et ëm d’Entwécklung vu Moossnamen zur Fërderung vun der Integratioun.

Des weidere sollen dës Moossnamen och duerchgefouert ginn.

  • Eng Bewäertung vun der geleeschter Aarbecht sou wéi d’Planung vun den nächste Schrëtter suerge fir eng effizient Entwécklung vum Projet.

E Projektteam vum Ministère vun der Famill, Integratioun an der Groussregioun, d’Partenairen ASTI a CEFIS sou wéi zwee nei agestallten Integratiounsberoder suerge fir d’Ëmsetzung vum neie PCI. D’Beroder stellen hiert Wëssen zur Verfügung an ënnerstëtze soumat all Gemeng, déi um Projet deelhëlt. En neie Logo, dee fir de Pakt vum Zesummeliewe steet, suergt fir Visibilitéit a ka vun den ënnerzeechnete Gemenge verwent ginn.

De Ministère huet eng Informatiounsbroschür a véier Sprooche verëffentlecht, dës kann op der Internetsäit gouvernement.lu ënnert „Kommunalen Integratiounsplang“ ofgeruff ginn.

Foto: Signature vum „Pakt vum Zesummeliewen“ zu Réiser. (vlnr 1.Rei) Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser, Corinne Cahen, Familljeministesch. (vlnr 2.Rei) Marianne Pesch-Dondelinger; Erny Strecker, Schäffe vun der Gemeng Réiser; Edy Reding, Schäffe vun der Gemeng Réiser; Emil Eicher, Syvicol-President a Buergermeeschter vu Klierf. © MFAMIGR

Annex: Kommunaler Integrationsplan – Praktisches Handbuch

Related topics Corinne Cahen, Emile Eicher, Familljeministère, Kommunalen Integratiounsplang, Pakt vum Zesummeliewen, Syvicol
Next post Previous post