Search

You may also like

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!
Business Neiegkeeten

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Esou lues gëtt et nees méi kal an däischter dobaussen.

Rekord-Clean-Up: 103 Tonnen an 48 Deeg aus dem Pazifik gefëscht
Business Neiegkeeten

Rekord-Clean-Up: 103 Tonnen an 48 Deeg aus dem Pazifik gefëscht

No iwwert annerhallwem Mount um Pazifik huet d’Ekipp vum Ocean

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain
Business Neiegkeeten

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain

Iert mir op den Detail vum Match aginn, musse mir

Mam Pall Center op d‘Zukunft virbereet

Zwee nohalteg Projete fir Uewerpallen: ee „Pall Café“ an ee Second-Hand Moude-Rayon

Mam Pall Center op d‘Zukunft virbereet

Och de Pall Center vun Uewerpallen zelebréiert d‘Rentrée, dat mat zwee innovativen an nohaltege Projeten. De Renert léisst sech mat engem „Pall Café“ zu Bartreng néier: lokal a gurmangseg sollt et sinn. Um Sëtz zu Uewerpallen, gëtt en deel vum Damme Moude-Rayon de Second-Hand Artikel virbehalen.

Kuerz Weeër an déi zirkular Wirtschaft gehéieren zu de Prioritéitevun der Lëtzebuerger Entreprise „Pall Center Exploitation S.A.“, an dat schonns zanter 1982. „Mir wëllen eis mat Verantwortung un der Lëtzebuerger Wirtschaft bedeelegen, mir wëllen innovéieren, de Clienten nei Produkter an nei Servicer ubidden. Villes entsteet duerch intern Diskussiounen, mee mir leeën och ee grousse Wäert op d‘Meenung vun eise Clienten. Dat ass wichteg, a fir éierlech ze sinn, et sinn oft si déi vill Projete lancéieren. Dat ass eng Proximitéit, déi ech géint näischt op der Welt géif tauschen“, erkläert eis déi delegéiert Administratrice vum Pall Center, Christianne Wickler.

Dëse Wëllen sech ze erneieren ass zudeem och scho belount ginn. De Supermarché zu Stengefort huet de Präis „Europe‘s Finest Stores 2021“ vum „European Supermarket Magazine“ zougestane kritt. Dëse Präis geet nëmmen un déi innovatiivst Geschäfter vun Europa. Et ass dat dann och méi wéi nëmmen eng Belounung. Et ass en Hiewel fir de Grupp deen net wëlles huet hei opzehalen.

En zweet Liewen…

Zanter dësem Mëttwoch, op den Dag vun der Schoulrentrée, kënnen d‘Cliente vum Pall Center zu Uewerpallen hir Akeef méi nohalteg gestalten. Wuel ass an enger éischter Phas de neie Rayon fir d‘Second-Hand Kleeder nach den Damme virbehalen, mee iergendanzwousch muss een ufänken. Zudeem dréit et derzou bäi d‘Virurteeler géintiwwer gebrauchte Kleeder ofzebauen.

Fir d‘Regioun ass dat eppes neits an de Prinzip esou einfach wéi Bonjour: et verkeeft oder keeft ee Markekleeder (also héichwäerteg Textilien) fir hinnen en zweet Liewen ze vermëttelen. „Hutt dir gewosst datt sech de Second-Hand Maart 21 mol méi séier entwéckelt huet wéi d‘Vente vun neien Artikelen? Mir wëlle jiddefalls Qualitéitsprodukter zu engem abordabele Präis ubidden“, esou d‘Christianne Wickler.

Heiansdo eng Paus…

Nom zweete Pall Café zu Stengefort, huet de Grupp elo och zu Bartreng ee weidert Standbeen un de Start bruecht. Zanter dem 8. September, huet dësen seng Dieren um Rez-de-chaussée vum Gebai Secolux opgemaach. Hei kann ee sech elo och eng erfrëschend Paus gënnen. An et huet esouguer eng richteg flott Terrass.

Vu Méindes bis Freides bitt de Pall Café frësch a lokal Produiten, déi een sech direkt op der Plaz kann averleiwen, oder ebe mathuelen. „Mir kollaboréiere mat Fournisseuren aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun, déi d‘Saisonalitéit vun de Produkter an d‘Natur respektéieren“ ënnersträicht d‘Christianne Wickler. An tatsächlech huet eng Offer déi sengesgläiche sicht.

Zoppen, Wrappen, Bréidercher, Zaloten, jo esouguer u vegetaresch Gurmangsegkeeten ass geduecht ginn. Ob kal oder fir opzewiermen… de Pall Café bitt eng grouss Varietéit vu Platen un, déi mat Passioun zoubereet goufen. Dorënner d‘Mark „Racines“ – vu Pall Center Exploitation S.A. – déi frësch a praktesch Plate fir tëschenduerch bitt.

„Mir bereeden och eis Dagesrezepter mat den onverkaafte Produiten aus eise Filialen zou. Et geet drëms esou mann wéi méiglech ze verschwenden an de kuerze Circuit bannent dem Grupp effizient ze notzen, erkläert d‘Christianne Wickler. Wier nach drop hinzeweisen, datt de Pall Café och säin eegenen Epicerie-Beräich huet. Och hei ginn déi lokal an equilibréiert Produkter ervirgehuewen.

Illustratioun: © Priscilla Du Preez / unsplash

Related topics Kleeder, Liewensmettel, Pall Café, Pall Center Exploitations S.A., Second-Hand, Sponsored Story, Supermarché
Next post Previous post